Alfa Romeo Tonale Hybrid
-
De PLUS
- Design (bella linea)
- Verbrauch duerch Hybrid Technik
- 4X4 Traktioun an der Hybrid Versioun
-
De MINUS
- Temperament a Fuerleeschtungen
- Touchscreen reagéiert lues op Commande
- Präisser
Tonale, dat ass e Pass an den italieeneschen Alpen. An esou heescht och elo e neien Alfa Romeo.
Nei kann een hei wierklech betounen, well et ass säit laangem emol erëm eng Kéier de Fall. An da gläich nach eng Nouveautéit, well et ass deen éischten Alfa mat Stecker. De Christian Schmit huet di Hybrid Versioun dierfe fueren.
Alfa Romeo dat war an nach ëmmer en eleganten Design deen ze gefale wosst, an Emotioune wann d’bella macchina gestart gouf.
Bon a punkto Design ass dem Tonale och eng „bella linea“ gewëss. Bei der bella macchina gesäit dat allerdéngs e bësschen anescht aus.
Um Pabeier mat sengen 280 PS Hybrid Power Systemleeschtung + 4X4 Traktioun Q4 liest dat sech ganz gutt. Mee wann de Cuore Sportivo ënnert der Motor Hauf erwächt, da muss den agefleeschten Alfisti ganz staark sinn. Alfa Romeo gehéiert jo zum Stellantis Grupp, an esou ass et den 1300er 4-Zylinder aus dem Motor Regal deen Déngscht huet.

© Christian Schmit
Technesch quasi dat selwecht wat beim Koseng Jeep Compass gebuede gëtt. 180 PS, 250Nm Dréimoment, an un der hënneschter Achs en 122 PS staarken Elektromotor. Den Héichvolt-Akku ass tëscht deenen zwee positionéiert.
Mat 15.5kw sollen 60, eventuell esouguer 80km reng elektresch dra sinn. Bei eisem Testparcours war den Akku net ganz opgelueden, sou dass mir dat net novollzéie konnten.
Praktesch, dass di Autonomie awer egal wéi ka geparkt ginn, an esou zur Dispositioun steet, wann ee mam Alfa an eng Zone erafiert, wou nëmmen Elektrogefierer toleréiert sinn.
Wärend dem Fuere luede klappt och, en 33kw staarken E-Motor mécht et méiglech.
1,3 Liter Verbrauch stinn am Katalog, 5 Liter si realistesch.
De Modell Tonale koum jo Enn 2022 endlech an de Showroom an erfreet sech scho grousser Beléiftheet, dat och bei eis am Grand-Duché, esou de Milosz Tomanek, Communication Manager um Bord vun der Presentatioun.[
"Le Luxembourg est pour nous un marché très important. La Tonale aussi a eu un très bon départ au Luxembourg, donc primordial au Belux et en Europe."
An du goung et op en ofwiesslungsräiche Parcours ronderëm Huy an der Belsch, a mir hu gemierkt, dass den Alfa Romeo Tonale sech ganz effizient awer och méi dynamesch beweege léisst. De bal zwou Tonne schwéieren Auto kann och mol méi flénk em Kéieren, an obwuel 20 Zoll Schlappe montéiert waren, bleift de Confort net ganz op der Streck.

© Christian Schmit
Iwwer en attraktiven Dréischalter an der Mëttelkonsole loosse sech d’Fuermodi a Suspensioun astellen. Da spiert ee scho méi Temperament, Fuerleeschtungen sinn och ok, mee deen typeschen Alfa Feeling bleift aus. Dobäi wëll d'Mark och bei der Elektrifizéierung seng DNA behalen.
"Italian sportiness, rosso. C'est pas parce qu'on électrifie qu'on n'a pas ce défi, qu'on va perdre cette DNA. C'est absolument important pour nos clients."
A wa mir da scho bannenan sinn, do gëtt zwar scho laang kee Mahagoni Steierrad méi fir unzepaken, mee trotzdeem ass den Interieur eegestänneg interpretéiert.
Och Qualitéit a Veraarbechtung stëmmen, bon dat muss och, wëll am Stellantis Grupp gehéiert Alfa jo schliisslech zu de Premium Brands.
Et fënnt e sech relativ séier zu Recht, Info, Navi an Entertainment sinn up to date. Den Touchscreen kéint zwar méi séier op Commande reagéieren.

© Christian Schmit
Den Tonale Plug-In Hybrid mat Allrad, dat heescht awer och op Plaz an der Mall verzichten. 385 Liter sinn net enorm, och wa sech natierlech Sëtzer ëmleeë loossen. Och de Reservoir fir Bensinn schrompelt ëm e puer Liter. En plus gëtt et och keen extra Gefaach fir de Kabel.
A propos Kabel, tëscht 2,5 a 5 Stonnen lueden, dann ass erëm maximum Jus an der Batterie.

© Christian Schmit
Kucke mir nach op d’Präislëscht. Do wäre mir dann och nees beim Premium Usproch. Den Alfa Romeo Tonale Plug-In Hybrid kënnt op nobäi 49.000 Euro. Dofir kritt een en optesch gelongenen SUV, mee keen Alfa Romeo, deen een a punkto Fuerleeschtunge vum Hocker rappt. Zumindest net bei eis, well den 2 Liter Turbo mat vill Cocoe passt ënnert d’Hauf vum neien Tonale, a gëtt a verschiddene Länner och ugebueden.