Kia EV9
Den EV6 huet se agelaut - déi als reng Elektroautoe konzipéiert Gamm bei Kia. Elo gouf zu Frankfurt mam EV9 deen zweete Vertrieder virgestallt.
Datt dësen an eng bëssen aner Richtung geet, erkläert eis elo de Paul Origer.
Kia huet grouss Pläng an der Elektromobilitéit
Effektiv an hei kann ee "grouss" a ville Sënner verstoen. Bis 2027 solle 15 reng elektresch Modeller lancéiert an domat bis 2030 den Undeel vun E-Autoen op 55% gehuewe ginn. Dofir ginn an den nächste 5 Joer 22 Milliarden Euro weltwäit investéiert. Also schonn emol grouss Pläng.
Mee grouss ass och deen zweete Modell dee Kia an der EV-Rei lancéiert. Mat de Stroum-Versioune vu Soul an Niro goung et lass, de virun engem Joer gestarten EV6 huet nawell grousse Succès. Den EV9 geet awer an eng ganz aner Richtung; op iwwer 5 Meter Längt, knapp 2 Meter Breet an 1m75 Héicht streckt sech den Elektro-SUV. Den Design beschreift Kia mam Zesummekomme vun zwou Welten: robust a kanteg Formen an awer Léift fir den Detail.

© Paul Origer
Et war jo just eng statesch Presentatioun, also stoung emol fir d’éischt Kucken an Upaken um Programm - wéi war dann do den éischten Androck?
Fir d’éischt emol wuchteg. Den EV9 ass net vum Wandkanal flaach oder ronngelutscht, mee huet mat enger niddereger Taille an dem riichten Daach wierklech Charakter. An trotzdeem mol keen esou schlechten cW-Wäert. Mee virun allem bitt en och bannenan esouvill Plaz, wéi de Gabarit à la Volvo XC90 versprécht. Serieméisseg sinn 3 Sëtzreie verbaut, mat Plaz fir 6 oder 7 Passagéier. Kinneklech sëtzt een an de Reien 1 an 2, ganz hannen ass awer wéi üblech éischter d’Strofbänk.
Wat awer am meeschte beandrockt, dat ass den Design an d’Qualitéit. Opgeraumt, minimalistesch an awer praktesch, trotz ville recycléierten an nohaltege Matièren ganz agreabel unzepaken.

© Paul Origer
An déi vill Detailer wéi den LED-Luuchtendesign dee sech Star Map nennt, déi aerodynamesch Elementer wéi den aktive Grill oder awer déi digital Baussespigelen.

© Paul Origer
Un autonoomt Fueren ass natierlech och geduecht ginn, zwee Lidar-Sensoren an der Kalander an déi néideg Assistenzsystemer sinn am EV9 virgesinn.
Mam EV6 huet Kia jo scho bewisen, datt se technesch op héijem Niveau sinn, wou si mer do mam EV9 drun?
Ganz kloer kënnt hei och d’800V-Technik vum klenge Brudder an den Asaz. Virun allem beim Lueden ass hei e grousse Virdeel. Eng Véierelsstonn ka bis zu 239 km Autonomie bedeiten. Zwou Motorisatioune solle kommen... emol hanne gedriwwe mat 149 kW a 541 km Autonomie an eng Allrad-Versioun mat iwwer 280 kW a knapp ënner 500 elektresch km.

© Paul Origer
Och wann den EV9 virun allem um amerikanesche Marché Fouss faasse wäert, soll en och an Europa seng Fans fannen. Präislech gëtt tëscht 67 an 86.000 Euro ugepeilt, dann natierlech quasi voll equipéiert. Am Hierscht gi mer awer heizou nach méi gewuer, da soll den EV9 och zu Lëtzebuerg virgestallt ginn.

© Paul Origer