Lexus RX 450h+
-
De PLUS
- attraktiven Design
- Hybrid-Technik a Verbrauch
- Confort u Bord
-
De MINUS
- Grafik vum Navi + spigelt ee sech dran
- CVT-Boîte
- Präisser
Mat engem feine Lexus si mir haut am Automag ënnerwee, an zwar mam Modell RX 450h+.
Wéi vill Luxus sech am Lexus wuel verstoppt, a wéi sech deen Testauto am Alldag bewäert huet, dat huet de Christian Schmit um Volant erausfonnt.
Lexus, dat si gemenkerhand di ganz nobel Versiounen aus dem Haus Toyota. A wann e mam RX ënnerwee ass, dann ass dat de groussen SUV aus der Gamme. Deen SUV Trend haten d'Japaner scho fréi erkannt a 1997 deen éischten RX Modell lancéiert.
Di 5. Generatioun ass et elo, an déi stréckt sech op 4m90 an der Längt, an 1m92 an der Breet, do muss ee sech weder vir nach hannen iwwer Plaz beschwéieren. Den iwwerdimensionale Külergrill spréngt engem gläich an d'A. D'Silhouette vun der Säit bleift zimmlech identesch, mee de Styling wierkt méi modern.

Wat gëtt dann esou ënnert der Hauf gebueden?
Hybrid Technik gëtt et ënnert der Hauf. En 2,5 Liter Bensinner mat 309 PS System Leeschtung. D’Batterie huet 18 kw/h Leeschtung a 65 Kilometer reng elektresch sollen dra sinn. Dat ass eis net grad gelongen, mee mir waren awer no drun. Reng elektresch setzt sech de Plug-In Hybrid Lexus beim Start a Beweegung, an dat bis maximal 135 km/h.
A well mir och ëmmer brav d’Batterie gelueden hunn, koume mir bei moderatem Fuerverhalen op ënner 4 Liter Verbrauch. Souwisou läit eng sportlech Fuerweis dem RX guer net. Dreift just Dezibel a Verbrauch an Tourenzieler an d’Luucht, an duerno eréischt Temperament. Dat läit un der stufeloser CVT Bôite, och wann d’Japaner sech vill méi ginn dat ze verstoppen. Iergendwéi passt de Lexus besser op den amerikaneschen Highway an deenen hire way of drive, wéi op d'europäescht Stroossennetz. A genee do an den USA huet Lexus jo wäit aus méi eng grouss part de marché wéi bei eis.
Trotzdeem ka wa gewënscht de Sprint op 100 a manner wéi 7 Sekonne geschéien, a bei 200 km/h ass da Schluss.
D'Opluede vun der Batterie heescht Gedold hunn. Mat méi wéi 6,6 kw geléngt dat net. Dofir vill méi schounend fir d’Liewesdauer vun der Batterie, mengen d’Ingenieure vu Lexus! E separat Gefaach fir de Kabel an der Mall nieft der Batterie ass ganz kamoud.
Da loosse mir emol an den Interieur kucken...
Jo do léisst et sech gutt liewen. Chic an top Veraarbechtung am Lexus RX. Vill Luxus a Confort gi gebueden, an dat fir all Passagéier. Beispill, och hanne gi Sëtzer gewiermt a gekillt + individuell Klimaanlag och hannen. D'Sëtzgarnitur ass ganz bequeem, an déi Kombinatioun vu beige / schwaarz bannenan a Khaki gréng baussen, huet mir perséinlech gutt gefall. Gutt isoléiert hält sech den Dezibelpegel bannenan ganz a Grenzen.

Um grousse 14 Zoll Ecran ginn et Info, Navi an Entertainment, woubäi den Navi vun der Grafik hir net ganz iwwersiichtlech ass an ee sech och dra spigelt.
An esou am Alldag op der Strooss?
Souverän léisst sech den neie LEXUS RX beweegen, Allrad gëtt jee no Situatioun automatesch bäigeschalt. Ausgeglach, harmonesch ass een ënnerwee, de Confort bleift och net op der Streck. Méi Radstand an och méi eng breet Spuer droen do hir Friichten.
Och a punkto Sécherheetsassistenz ass een up to date. Ganz vill Schutzengelen hale Chauffer an de ganzen Entourage an der Gitt, dass näischt geschitt. De Lexus warnt beispillsweis wann een Dieren opmécht, op net en Auto oder Vëlo grad passéiere wëllen. Ass dat de Fall, bleiwen dës zou.

Wat hale mir am Resumé fest?
Lexus ass mam RX 450h+ en elegante Premium SUV gelongen, mat deem mir gären op d’Rees gaange sinn. Plaz a Confort erlaben dat och ouni Problem. En huet et awer léiwer entspaant wéi sportiv an dynamesch.
Lexus ass jo d’Nobelmark aus dem Haus Toyota. Dat mierkt een och an der Präislëscht. Den Testauto an der Executive Line koum mat vill Luxus op 88.000 Euro. Jo a fir Hybrid Versiounen, och mat Stécker, leet de Pappa Staat jo näischt méi bäi.