• De PLUS

    • Confort
    • niddrege Verbrauch
    • klenge Wendekrees
  • De MINUS

    • Variabilitéit
    • kee richtegen Espace méi
    • drëtt Sëtzrei net ze gebrauchen

Et gouf eng Zäit, do hat praktesch all Hiersteller e Van am Programm. Mir erënneren eis un e Ford Galaxy oder en Opel Zafira.

E ganz prominente Vertrieder ass och de Renault Espace. A genee dee start elo a seng 6. Generatioun. Den Akim Schmit huet sech schonn hannert d’Steier dierfe setzen.

Automag: Renault Espace

Net just hannert d’Steierrad, och an d’Mall. Mee alles der Rei no. Viru bal 40 Joer, 1984, ass déi éischt Generatioun vum Espace op de Marché koum an huet sech séier an der Kategorie vun de Monospacen etabléiert.

RTL

Mat der viregter Generatioun, déi elo ofgeléist gëtt, ass aus dem Van eng Zort SUV / Crossover ginn. A spéitstens elo, mat der 6. Generatioun déi Renault virgestallt huet, ass vum éischten Espace nëmmen nach den Numm bliwwen. A sou muss sech den Neie géint Konkurrente wéi e VW Tiguan oder e Kia Sorento behaapten.

Wou Espace drop steet, misst es och dra sinn. Zemools Renault säin neiste Modell optional als 7-Sëtzer ubitt an am Kader vun der Virstellung ëmmer nees d’Bréck zu de viregte Generatioune geschloen huet. Abee, de Pabeier ass an dësem Fall gedëlleg an de Marketing kreativ. Ech hu mech an déi drëtt Rei gequëtscht, mam Resultat dass net emol méi e Kand viru mir sëtze kéint, an och d’Mall net méi ze gebrauchen ass. Ënnert dem Stréch ass déi 6. Generatioun éischter e „Grand Austral“ wéi en Espace. Da wieren d’Erwaardungen wat Raumgefill, Variabilitéit a Confort ugeet anerer an de Public, deen den alen Espace kennt, manner enttäuscht.

RTL

Renault huet eis e praktesche Begleeder fir den Alldag op d'Rieder gestallt. Wien den Austral kennt, kennt och den Espace: den Interieur gouf einfach iwwerholl. D’Raumgefill ass gutt, besonnesch mam Panoramadaach, dee bis wäit iwwert déi zweet Rei geet. De Confort ass gutt, woubäi déi 20 Zoll Rieder Confort kaschten. Praktesch ass och d’Réckbänk, déi sech ëm 22 Zentimeter an der Längt verréckele léisst, an d’Réckleenen, déi sech an der Neigung verstelle loossen. Sputt bleift awer nach bei der Veraarbechtung an de Beräicher déi ee manner upeekt oder net am direkte Bléckfeld huet.

Apropos am Bléck: do stécht den „OpenR Link“ Infotainment mat sengen zwee ronn 12 Zoll groussen Ecranen ervir. En Head Up Display ass als Optioun u Bord, Google Servicer sinn dogéint Serie. 2023 fannen och ëmmer méi Apps de Wee an den Auto. Nei ass d’Renault-App "Song Pop", eng Zort Musekquiz fir déi ganz Famill fir d’Zäit op laange Strecke méi kuerz schéngen ze loossen.

RTL

Den Espace gëtt et nëmmen mat engem 200 Päerd staarken Hybrid-Undriff, deen op engem 1,2 Liter 3-Zylinder Turbobensinner baséiert a vun zwee Elektromotore Been gemaach kritt. Wat schwaach kléngt, funktionéiert an der Praxis erstaunlech gutt. Och well Renault den Espace op Regime gesat huet: nëmmen 1,6 Tonnen bréngt en op d'Wo. Dat kënnt dem Verbrauch entgéint: 4,6 Liter op 100 Kilometer versprécht Renault, am Test huet sech mäi Verbrauch tëscht ganz gudden 4,7 an ëmmer nach korrekte 6,2 Liter beweegt. Manner gefall huet mer d’Ofstëmmung vun der Automatik-Boîte, déi sech net ëmmer decidéiert kritt a sech e Moment sammele muss, ier eng Reaktioun kënnt. Mat 8,8 Sekonne fir de Sprint op Tempo 100 gehéiert den Espace net zu de sportlechste Vertrieder aus senger Klass. Awer vläicht zu den handlechsten: méiglech maachen dat déi hënnescht Rieder, déi mat an t'Kéieren alenke kënnen. "4Control" heescht dee System, dee fir eng Grëtz Dynamik an eng besser Stroosselag suergt.

RTL

Mam neien Espace huet Renault e modernen a spuersamen Auto fir Famillje gebaut, déi gär e bësse méi Plaz hätten. D’Qualitéit an de Confort sinn um Rendezvous an de Präis vu ronn 42.000 Euro ass fair, awer net gënschteg. Leider muss sech den Auto als Espace mat Virgänger vergläiche loossen, déi eigentlech guer keng sinn. An do kann en nëmme verléieren.