• De PLUS

    • Handling
    • Iwwergang vun E-Motor op Verbrenner
    • Fuerwierk
  • De MINUS

    • Klimaanlag zitt
    • Präis

Mam BMW 330e huet den dätsche Constructeur eng Limousine am Programm, déi Fuerspaass a Spuersamkeet ënnert een Hutt brénge wëll.

Ob dat klappt, huet den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp fir eis probéiert erauszefannen.

Automag: BMW 330e (Plug-In Hybrid)

Et ass den E an der Modellbezeechnung, dee verréit, dass dës 3er Limousine net just Bensinn tankt, mee och Stroum. Als Plug-In Hybrid setzt BMW op d’Zesummespill vu Véierzylinder-Bensinner (184 PS) an Elektromotor (109 PS). Eraus kommen dobäi 292 Päerd (215 kW) an en Dréimoment vu 420 Nm déi iwwert déi hënnescht Rieder op de Makadamm bruecht ginn.

Et gesäit also duerno aus, ewéi wa bei dësem BMW net nëmmen op de Verbrauch gekuckt gi wier.

5,8 Sekonne fir de Sprint aus dem Stand op Tempo 100 schwätzen eng kloer Sprooch, eréischt bei  230 km/h ass Feierowend. An och beim Design wësse se wéi een eng Limousine attraktive apeekt. Amplaz vun enger aerodynamesch optimiséierter a méiglecherweis langweileger Karosserie kënnt op Wonsch alles zum Asaz, wat d’M-Sport Regal Schéines ze bidden huet.

RTL

Eisen Testauto war ënner anerem op 19 Zoll Felgen ënnerwee a mam Aerodynamik-Kit, Heckspoiler an der M-Sport Bremsanlag ekipéiert. Understatement gesäit anescht aus, an dass ënnert der Hauf e Plug-In Hybrid stécht fält esou eréischt op den zweeten oder drëtte Bléck op.

Vill "M" heescht bei BMW gewéinlech och vill Duuscht. Du hues der den Undriff méi genee ugekuckt an de Verbrauch genee am A gehat.

Ech kann Entwarnung ginn: den 330e ass eng relativ verstänneg Limousine. Dofir suergt an dësem Fall de Plug-In Hybrid Undriff, deen seng Energie aus enger 12 kWh grousser Batterie ënnert der Réckbänk zitt. Bis 140 km/h kann ee reng elektresch fueren, d‘Reechwäit gëtt BMW mat bis zu 66 Kilometer un. Am Test war d’Batterie awer schonn éischter eidel. Besonnesch wann ee Gefalen un der Leeschtung fonnt huet, sinn déi 12 kWh séier opgebraucht. Mee och mat engem rouege Gasfouss war d’Batterie no spéitstens 42 Kilometer platt. D’Charge vun der Batterie huet natierlech och en Afloss dorop, wéi oft a wéi schwéier de Verbrenner schaffe muss. No engem 200 Kilometer-Tour louch meng Moyenne bei 5,9 Liter op 100 Kilometer, an dat ouni besonnesch op de Verbrauch opzepassen.

RTL

De Verbrauch hu mer ugeschwat, mee BMW ass bekannt fir den Handling vu sengen Autoen. Trëfft dat och op dëse Modell zou?

BMW huet d’Dynamik a mengen Aen perfekt vum Verbrenner op den Hybrid iwwerdroen. D’Gewiicht vun der Batterie ass net ze spieren, den Iwwergang vum Elektromotor eriwwer op de Verbrenner ass virbildlech ëmgesat an den Handling ass – a lo kënnt et – BMW typesch dynamesch an agill. Beim Trëtt op d’Gaspedall kënnt direkt eng Reaktioun an och d’Boîte muss net zweemol Iwwerleeën ob se erop oder erof schalte soll. Nieft der Steierung déi e gudde Feedback vum Ënnergrond vermëttelt hu mer och d’Ofstëmmung vum Fuerwierk (net ze soft, awer och net ze haart), déi kräfteg a gutt doséierbar Bremsen an d’Sportsëtzer mat uerdentlechem Säitenhalt gutt gefall.

RTL

Dat ass alles positiv, mee all Medail huet zwou Säiten…

Do hunn ech nëmmen zwee Kritikpunkten: zum engen ass dat d’Klimaanlag déi gezunn huet an… de Präis: 53.800 Euro wiessele fir e plakegen 330e de Besëtzer. Fir eise Testauto stinn 68.200 Euro op der Rechnung. Nëmme gutt, dass ee beim tanken e bësse spuere kann…