• De PLUS

    • Flotten Design
    • Fiert duerch all Terrain
    • Läit gutt op der Strooss
  • De MINUS

    • Vill Plastik banne verschafft
    • En ass net geschenkt

Am Automag vun haut geet et vun der Strooss eraus op den Terrain: Bulli, Schotter, Waasser.

Alles dat passt bei deen Auto, deen eis de Rich Simon haut virstellt, nämlech de Ford Bronco.

Automag: Ford Bronco

Dat hues du komplett richteg zesumme gefaasst. 25 Joer laang gouf et de, jo dat muss een esou soen, Kultauto bei Ford net méi. Elo ass hien awer nees do. A wéi! De Bronco stécht direkt an d'A. Dat ass een Auto, dee virun alem déi Leit usprécht, déi Ecken a Kante gäre bei hirem Liblingsspillgezei hunn. Een Auto fir Aventurieren, déi d'Gefill vu Fräiheet wëllen hunn a sech e bëssen hei am klengen Europa fillen, wéi déi Säit dem grousse Pull an Amerika. Well do zu Michigan, gëtt de Ford Bronco gebaut.

RTL

Du kléngs iergendwéi ganz enthusiastesch. Huet den Auto dech esou iwwerzeegt?

Ganz klore JO. Ech fueren awer der Rei no. Op der Strooss, well do dierft de Bronco awer haaptsächlech zum Asaz kommen, mierks de net, datt deen Auto eng 5 Meter laang ass an 2 Tonne wäit.

RTL

Hie fiert sech ganz einfach gutt. D'Lenkung ass fir esou ee Schëff extrem präzis. Den Auto reagéiert direkt awer ouni ze iwwersteieren op all kleng Beweegung um Steierrad. Déi 10 Gang automatesch Boîte ass optimal ofgestëmmt wat och fir d'Fuerwierk a d´Bremsen de Fall ass. Et ass sécherlech keng Rakéit, dofir feelen e puer Päerd awer deen Auto keefs de souwisou net fir de Chrono ze stoppen wéi séier hie vun 0 op 100 ass. Op de Motor kommen ech awer nach méi am Detail ze schwätzen.

 

Wat fir ee Grond gëtt et da fir de Bronco ze kafen?

Du keefs deen Auto wann's de gäre vill Offroad ënnerwee bass.  Dat ass de Terrain de Prédilection par excellence fir deen Auto. Wärend den zwee Deeg wou mir den Auto getest hunn, si mir Saachen erop an erof gefuer am Gelänn, wou's de der mam Mountainbike schonns Froe stells op et nach responsabel ass fir ze fueren. De Bronco huet awer alles méi wéi souverän gemeeschtert. An dat och wann's de mat him am Waasser ënnergetaucht bass. Am GOAT-Mode, GOAT steet fir, Goes Over Any Type Of Terrain kann´s de wielen wat fir ee Modus du wëlls fir deen Terrain deen's de ënnert de Rieder hues.

RTL

 

Du hues kuerz de Motor schonns ugeschwat gehat. Wat huet de Bronco ënnert der Hauf?

Anescht wéi an de States, gëtt et bei eis an Europa de Bronco just an enger Ausféierung wat de Motor ugeet. An dat ass een 2,7 Liter Bi-Turbo Bensinner mat  335Päerd. Wéi gesot, et ass keng Rakéit well den Auto eebe gutt 2 Tonne weit. Wann een den Auto awer do Asetzt, wou e soll agesat ginn, da ginn och déi 335 PS masseg duer. Et gëtt just ee Motor awer zwou Ausféierungen.

RTL

Den Outer Banks, deen e bësse méi Confort bitt an den Badlands deen nach méi op Offroad getrimmt ass mat ënnert anerem aner Pneuen an aneren Amortisseuren. Eppes hunn déi zwou Ausféierungen awer gemeinsam. Et si 4 Dierer, wou sech déi 4 Dieren och komplett eraus montéiere loossen an och den Hardtop léist sech komplett oder nëmmen zum Deel erof huelen. Dat Ganzt, esou steet et am Prospekt soll nëmmen 8 Minutten daueren. Bei der Virféierung hunn déi zwee Leit déi Demonstratioun gemaach hunn e bësse méi wéi 7 Minutte gebraucht.

Zum Schluss dann nach de Präis. De Ford Bronco ass net ganz bëlleg. Fir den Outer Banks muss een 73.530 Euro dohinner leeën a fir den Badlands esouguer 77.365 Euro. Dat ass sécherlech net geschenkt, virun allem wann ee weess, datt am Interieur dach awer vill Plastik verschafft gouf. Do dréckt een awer gären een A zou, well den Auto ganz einfach immens Spaass mécht.