Haut hu mir am Automag 1.108 PS ze bidden, verdeelt op nëmmen 2 Autoen. Eemol voll elektresch an eemol mat Plug-In Hybrid Technik.

Et sinn dat d'BMWen i7 an XM. BMW hat op eng Randonnée laanscht Musel a Saar invitéiert, a fir eis souz de Christian Schmit hannert dem Volant.

Automag: BMW i7 an XM

Mam BMW i7 an XM si mir ganz kloer am Haut de Gamme Segment vun der bayrescher Mark BMW. Och ouni eng eenzeg Optioun unzekräizen, ass de Betrag um Präisschëld elo scho 6-stelleg.

Mir hu mat deenen zwee Rendezvous zu Réimech. BMW Driving Academy hat wuel en ofwiesslungsräicht Roadbook ausgeschafft, mee wann ee just am Convoi hannerenee fiert, da kënne mir hei kaum vun Test schwätzen. Trotzdeem eng agreabel Renconter, fir vrun Ae gefouert ze kréien, zu wat BMW am Moment am Stand ass.

RTL

Den i7, dat sinn 455 PS Leeschtung an eng 105kw/h Batterie. Ouni Dezibel an CO2. D'WLTP-Autonomie gëtt mat ëm di 600 km annoncéiert. Wann e weess, wéi déi ermëttelt ginn, an d’Erfarung, déi seet engem, dass da wuel 400 km realistesch dierft sinn.

An zu deem Confort vum Luxus Liner mat ganz vill elektreschen Heinzelmännecher, déi all Rees zum Erliefnes mécht, kënnt dann och nach Entertainment an HD Qualitéit. De Nec plus ultra ass den Theater Screen, deen op Wonsch vum Daachhimmel elektresch erof kënnt, a wierklech grousse Kino an HD Qualitéit bitt, oder fir Konferenz-Schaltungen a Meetinge genotzt gëtt. Schliisslech beweege mir eis jo an enger Business Class Limo.

RTL

Eriwwer da bei den neie Modell XM an der Gamme

En imposanten SUV bei deem d’Virgab e wäisst Blat war?

"Tout premier modèle M, M étant "Motorsport" en allemand, et c'est la première voiture M qui a été électrifiée."

RTL

 

De Jeroon Lissens vu BMW Belux weess och, dass et bis 2035 nach laang ass, an dofir mol léiwer op méi Alternative sëtzen.

Jeroon Lissens: "On joue sur ce qu'on appele "Technology open". C'est à dire une flexibilité qui nous permet de ne pas être dépendant de l'une ou l'autre technologie. Donc électrification bien sûr, c'est le futur on est d'accord, mais la on vise encore sur deux technologies, soit le Battery Electric et l'Hydrogène."

 

A vläicht dann an Zukunft den XM och mat Waasserstoff?

"Cela serait absolument envisageable dans la deuxième partie de cette décénie, or après 2025."

RTL

163.000 Euro musst dir op d'mannst parat hunn, fir de 4,4 Liter V8 mat 653 PS Hybridpower Leeschtung. Dee mécht richteg Spaass, dat ass eis och um nëmme 60km Testparcours opgefall. Och bannenan Luxus pur a Faarwkombinatiounen, mat deenen een opfält.

Mee esou dacks wäerte mir den i7 an den XM net vrun eis hunn, well wéi gesot, mir beweegen eis am Haut de Gamme, an a Präis-Sphären, déi vir vill vun eis onerreechbar bleiwen. A wann net, ma allebéid sinn si scho beim BMW Concessionaire disponibel.