• De PLUS

    • Attraktive Präis
    • Flotten Design
    • Gutt Veraarbechtung bannen am Auto
  • De MINUS

    • Spuerassistent ze sec
    • Auto ze mëll ofgestëmmt
    • Obligatorescht Foussgänger Warnsignal

Am Automag stelle mir iech eng ganz nei Mark vir. Nämlech BYD. Déi kennt aus China a produzéiert just Elektroautoen.

De Rich Simon huet de BYD Dolphin getest.

Automag: BYD Dolphin

BYD steet fir "Build Your Dreams". An dat passt och e bëssen. Déi chineesesch Mark huet nämlech virun 28 Joer ugefaange Batterien ze bauen. 2003 ass dunn ugefaange gi mat der Konstruktioun vun Elektroautoen an elo si se esouwäit, datt hir Autoen solle weltwäit verkaaft ginn an, an dat ass wichteg, zu engem Präis wou déi meeschte Konstrukteuren net drun eru kommen. Ënnert anerem och de BYD Dolphin, dee mir konnten testen.

RTL

© Rich Simon

Déi meescht dierfte kee Bild virun Aen hunn wei den BYD Dolphin ausgesäit. Dofir setzen ech hei mol de Kader. Et ass een Auto, deen an dat sougenannte "Kompaktsegment" fält. Do ass zum Beispill och de VW ID.3 dran. Also ee relativ klengen Auto. Wichteg bei engem Elektroauto ass logescherweis d'Batterie. Et ass ee sougenannten 60 kWh "Blade"-Akku. An deem ass zum Beispill keen Kobalt oder Nickel dran a d'Batterie ass extrem kompakt. Serieméisseg gëtt den Auto mat enger Wärmepompel geliwwert. Um normale Stroum doheem, kanns de mat 11 kW den Akku lueden, un enger ëffentlecher Sail mat 88 kW. Dat heescht, do dauert et bis den Akku voll ass. BYD seet, datt ee bis zu 427 Kilometer ka mat deem Akku fueren. Den Dolphin huet 204 Päerd an dat bedeit, datt et vun 0 op 100 a 7 Sekonne geet.

RTL

© Rich Simon

 

Wéi fiert de BYD Dolphin sech?

Ech huelen elo bësse méi wäit aus. BYD seet, dass se praktesch alles selwer bauen an och entwéckelen, wat am Auto dran ass. Dat bedeit awer, datt nach net alles perfekt ass. Fir mech ass den Auto ze mëll ofgestëmmt. Am normale Stadverkéier stéiert dat elo net onbedéngt. Wann et awer vun eng Kéier an déi aner geet, dann ass dat net agreabel. Dobäi koum, datt bei mengem Testauto Pneuen drop waren, wou ech den Numm nach ni héieren hat, an déi alles anescht wéi iwwerzeegt hunn. An da mécht Kéiere fuere kee Spaass. Kee Spaass mécht och de Spuerassistent. Dee gräift einfach ze séier an ze vill sec an d'Steierrad an.

RTL

© Rich Simon

Dann nach eppes wat nervt, an da gi mir op déi positiv Saachen eriwwer, dat ass dat zanter 2021 obligatorescht Signal, dat d'Elektro- an Hybridautoe musse maachen, wa se bis zu 20 Kilometer schnell sinn, fir d'Foussgänger ze warnen. Dat ass bannen am Auto esou present, datts de drop an dru bass een Tinnitus ze kréien.

 

Dann elo déi positiv Saachen...

De BYD Dolphin ass vum Design hir, ee flotte léiwen Auto an deems du genuch Plaz hues. Hien ass ganz gutt verschafft. Do si vill Marken, déi vill méi kaschten, déi sech kéinten eng Scheif erofschneiden. Alles ass iwwersiichtlech an du hues genuch Méiglechkeeten, fir däin Handy an aner Saachen ze placéieren.

RTL

© Rich Simon

Op richtegt Lieder oder Stoff muss du verzichten. D'Sëtzer sinn awer mat sougenanntem Vegan Lieder iwwerzunn.

Ech di mech schwéier domadder e Fazit ze zéien. De BYD Dolphin huet nach eng Partie Defiziter op techneschem Plang. Bannen ass en awer richteg gutt. A ganz gutt ass och de Präis. Fir ronn 35.000 kriss de ee kompletten Auto, wou d'Präisleeschtung stëmmt.  Den Dolphin soll Enn vum Joer bei eis am Land ze kréie sinn an da soll och den éischte Showroom am Grand-Duché opgoen. Alles wat ech elo erzielt hunn bezitt sech op de méi décke Modell. Dat nächste Joer soll den Dolphin och nach mat engem 45 kWh Akku kommen.