Kia Picanto
D'Staren um "Kia Brand Summit" am Mee zu Frankfurt ware sécher d’Elektromobilitéit an deen neien EV9. Ma och e ganz klengen hat do säi speziellen Optrëtt.
Ganz niewebäi, jo scho bal heemlech an engem verstoppte Studio, kruten d’Journaliste schonn den neie Picanto ze gesinn. Wat um klenge Kia geännert huet, dat seet eis de Paul Origer.
E Segment wat um Ausstierwen ass – Kia hält awer nach dru fest?
Soe mer mol, “nach”! Vill Marke stampfen hir kleng Autoen an. Ze kleng Margen, net genuch Stéckzuelen an ze deier, fir se mat Elektroundriww ze entwéckelen. Mee wéi gesot, de Picanto krut nach emol eng radikal Kur, also scho méi wéi just ee Facelift fir nees e puer Joer fit ze sinn. An dat geet beim Design un. Dat wat de ganz grousse Brudder EV9 virgemaach huet, gouf beim Picanto iwwerholl, sief et déi eckeg Front mat der markanter Luuchte-Signatur an der typescher Kalander oder den Hënneschten, wou Luuchten a Parechoce ganz am Stil vun der Design-Linn “Opposites United” opgefrëscht goufen. Net feelen dierfen dann och déi üblech Ännerunge wéi nei Faarwen a Felgen.

© Paul Origer

© Paul Origer
Huet sech bannenan genee esouvill gedoen?
Fir den Interieur huet Kia sech bei modernen Naturtéin inspiréiert: schwaarz, gréng oder brong huet d’Palett ze bidden, applizéiert ginn dës op de Sëtzer, Dieren a Lüftungsdüsen. A punkto Infotainment gouf och moderniséiert .Serieméisseg fueren een 8-Zoll-Touchscreen an digital Instrumenter mat, Apple Car Play an Android Auto si scho bal selbstverständlech, ausserdeem ass den neie Picanto online ënnerwee, sief et fir Navi oder Software Updates.

© Paul Origer
Kleng Autoe hu jo och hire Reiz, dacks mécht deen d’Handlechkeet oder d'Motorisatioun aus.
Genee, och wann ech elo hei nëmmen theoretesch bleiwen, well ze fuere gouf et dee klenge Koreaner nach net. 1000 oder 1200 Kubik sti bei de Bensinner zur Wiel, un eng manuell oder op Wonsch eng automatiséiert 5 –Gang Boîte gekoppelt. D’Fuerverhale soll typesch handlech an einfach bleiwen, eng Zousazfonktioun vum ESP soll de Picanto bei Bremsmanöver an an de Kéiere sécher an der Spuer halen. Last but not least sinn och nei Assistenzsystemer mat u Bord.

© Paul Origer