• De PLUS

    • Courage fir esou ee schéine Motor ze bauen
    • gutt Fuerleeschtungen an ersaunlech nidderege Verbrauch
    • Design & Veraarbechtung
  • De MINUS

    • net all ze handlech Moossen
    • pingeleg Assistenzsystemer

Mazda war, wat Motoren ubelaangt, nach ëmmer ee klenge Rebell. Där Traditioun bleiwe se och haut nach trei.

Sief et de Wankelmotor, deen nach emol am RX-7 an RX-8 opliewen duerft oder den Anti-Downsizing-Programm a Form vu grousse Motoren an héijer Kompressioun. Elo lancéiert Mazda an hirem Flaggschëff CX-60 mol ee fonkelneien Dieselmotor – dir hutt richteg héieren! A wat deen alles kann, huet de Paul Origer fir eis getest.

Automag: Mazda CX-60 Diesel

Fänke mer mol beim Auto selwer un – do si mer an der aktueller Spëtzt vun der Mazda-Gamm ukomm

Mat iwwer 4m70 iwwertrëfft den CX-60 de klenge Brudder CX-5 nach emol ëm 17 cm an der Längt, och an der Breet kënnt nach emol e gudde Krack derbäi. Esou ziilt de grousse Mazda-SUV a Richtung Volvo XC60 a Co. Designméisseg kann e jiddefalls mol mathalen, do hu se bei Mazda jo schonn méi laang eng gutt Hand. Mee och wat de Raum bannenan ugeet, kann een den CX-60 als duerchaus lëfteg aklasséieren. Kapp a Beefräiheet ginn an d’Rei, 570 Liter Mall ass och een uerdentleche Wäert. Esouvill wéi de Banneraum profitéiert, ass de grousse Gabarit beim Fueren awer net ëmmer vu Virdeel. Besonnesch déi zimmlech breet a bulleg Nues ass bei enke Garagen een Challenge. Zum Gléck hunn awer déi wierklech performant Kamerasystemer vum Testauto e gudden Déngscht geleescht.

RTL

Du nenns als Konkurrent de Volvo XC60, also gi mer schonn an d’Kategorie vun de Premium SUV?

Dat kann een duerchaus soen. Wat zum Beispill d’Veraarbechtung bannenan ugeet, huet Mazda gutt geschafft. Mëllt Lieder, ee gewote mee héichwäertege Materialmix, gestach schaarf Bildschiermer a virun allem nach Knäppercher fir déi wichteg Funktiounen – mir huet dat gutt gefall. Den Haapt-Entréesticket an d’Top-Kategorie vun den SUV stouch bei eisem Test-Auto awer ënnert dem Capot.

RTL

Wéi et och schonn an der Uso ze héiere war – Mazda schwëmmt motorméisseg nees géingt de Stroum!

Richteg – si setzen op den Diesel an net op egal wéi een! Am CX-60 feiert ee komplett nei entwéckelten 3,3 Liter grousse Reiesechszylinder seng Première. Am Fong eng Bauart déi ausstierft an nach just bei de Premium-Marke BMW, Mercedes a Landrover ze fannen ass.

RTL

Am Mazda CX-60 spillt deen neien Inline 6 seng Trëmp all aus; seidege Motorlaf, keng Vibratiounen an eng lineair Leeschtungsentwécklung. All Petrolhead hätt un dëser Maschinn seng Freed. An dass Mazda et richteg gemaach huet, weist de Besuch op der Tankstell. Op 700 km eng Moyenne vu 5.9, dat ka sech weise loossen. Ouni mussen ze verzichten. 254 PS a 550 Nm sinn elo vläicht net den absolutte Maximum, deen een hätt kéinten aus esou engem grousse Motor këddelen. Mee se gi vëllegen duer, fir déi knapp 2 Tonne gutt an zügeg a Beweegung ze bréngen. Déi Reserven an e Mildhybridsystem, deen de Motor dacks an och a voller Faart ofschalt an den CX-60 seegele léisst, halen den Duuscht kleng. Vu leschtem mierkt de Chauffer näischt, ausser mol e klenge Ruck am Undriwwsstrang.

RTL

Dat kléngt no engem allgemeng positiven Androck vum grousse Mazda!

Jo, deen huet och net vill gestéiert. Kloer, den Auto ass schwéier a grouss, wat am Alldag net ëmmer einfach ass. An heiansdo sinn d’Assistenzsystemer ze pingeleg. Dofir leien d’Präis-Leeschtungs- a Confort-Lat immens héich, duerch säi Motor an déi – typesche japanesch – vill agreabel Equipementer.

Beim Präis bleift den CX-60 fair. Ronn 63.000 Euro huet eise voll equipéierten CX-60 an der Topversioun kascht – de feine Reiesechszylinder-Diesel gëtt et awer schonn vun 48.000 Euro un. An deen nächsten Ass huet Mazda och scho parat: den Inline 6 kënnt nämlech och als Bensinner.

RTL