Am Automag vun haut schwätze mer iwwert eng Mark, déi elo komplett nei Weeër geet an do nawell vill muss investéieren, fir Fouss ze faassen.

Rieds ass vu Lotus, déi jo eigentlech bekannt si fir Sportsween a Liichtbau. Ma wat se elo op de Marché bréngen, huet domat op den éischte Bléck net vill bis guer näischt gemeinsam. Den Andy Brücker hat d’Geleeënheet den éischten SUV vu Lotus ze testen.

Automag - Lotus Eletre

Ech muss zouginn, ech hunn eng speziell Relatioun zu der englescher Mark, déi mat dofir verantwortlech ass, dass ech zu engem Autosgeck gi sinn. Déi éischte Kéier wou ech mat engem Lotus gefuer sinn, huet mech gepräägt a mer en anert Verständnis dovu ginn, wat een ënner «Fuerspaass» versteet. Konsequente Liichtbau, eng immens präzis Lenkung, e super Chassis, an net ze vill Leeschtung nom Motto «manner ass méi». Mat esou Niische-Produite wéi Lotus Elise, Exige oder Evora léisst sech awer net wierklech e breede Publikum uschwätzen an d’Verkafszuele bloufen niddreg. Lotus gouf 2017 zu 51% vum chineesesche Geely-Konzern iwwerholl, zu deem och Marke wéi Volvo, Polestar, oder London Taxi gehéieren.

Bei Lotus geet een dann och elo op de Wee vun der Elektromobilitéit. Hei hu se jo mam Evija e Supersportler an der Gamme, deen net manner wéi 2039 PS a 1.704 Nm Dréimoment opweises huet. Do si mer allerdéngs a Präis-Sphären ënnerwee, déi sech just déi mannst leeschte kënnen.

RTL

© Andy Brücker

Als eenzege Modell mat Verbrenner-Moto kritt een den Ament de Lotus Emira ze kafen. Dat ass eng kleng Sportsmaschinn mat entweder engem 3,5 Liter V6 mat 400 PS, oder engem 2 Liter 4-Zylinder mat 360 PS. Et wäert dann och de leschte Modell sinn, dee mat Verbrenner-Moto vu Lotus wäert ugebuede ginn.

Mat dem Evija an dem Emira hält een awer keng Autosmark um Liewen, dofir kënnt dann elo och vu Lotus där Modeller een, dee scho Porsche deemools gerett huet. Nämlech en SUV!

Jo dir hutt richteg héieren... Lotus huet elo en SUV an der Gamme... en Elektro-SUV fir genee ze sinn. Dat geet eigentlech géint d’Philosophie vum Firmegrënner Colin Chapman, ma et muss een halt mat der Zäit goen, an do kënnt och eng Traditiounsmark wéi Lotus net derlaanscht.

Et ass awer net just einfach en SUV... ma si selwer schwätze vun engem Hyper-SUV. Eppes wat ech verstoe konnt, nodeems mer mam stäerkste Modell vun der Gamme op engem Fluchfeld an der Géigend vun Oslo ënnerwee waren, ma dozou spéider méi.

RTL

© Andy Brücker

Fir d’éischt emol puer Zuelen iwwert den Eletre. En ass 5m10 laang, 2m23 breet an 1m63 héich. Dat sinn Dimensiounen, déi ee sou vu Lotus net kannt huet bis ewell. E bësse méi schmuel kann e ginn, wann ee sech fir Kameraen amplaz vu Réckspigelen entscheet. Duerch e cleveren Design ass et den Ingenieuren awer gelongen, dass en net sou grouss a flappeg ausgesäit.

RTL

© Andy Brücker

Grousse Wäert gouf op Aerodynamik gesat. Sou ginn et e sëllege Loftaläss an der Karosserie, déi d’Loft optimal ronderëm, iwwer oder ënnert den Auto fléisse loossen. D’Diergrëffer verschwanne komplett an der Karosserie. D’Felge riets a lénks sinn z.B. ënnerschiddlech designed, fir sou mann wéi méiglech Drock an de Radkëschten entstoen ze loossen. Un der Front kann de Külergrill iwwert e clevere System op oder zou goen, wat de Géigendrock reduzéiert an an engems dann nees hannendrun d’Loft op déi richteg Plaze weiderleet.

Um Heck ass en aktive Spoiler montéiert, deen an 3 verschiddene Positioune ka bedriwwe ginn, jee no Fuersituatioun.

RTL

© Andy Brücker

Den Daachspoiler huet mussen duerch zwee Winglets ersat ginn, well den Eletre huet zwee LIDAR-Iwwerwaachungsystemer, déi Plaz a fräi Siicht brauchen. Et sollt sech awer erausstellen, dass d’Winglets och hir Virdeeler huet.

Alles an allem ginn net manner wéi 160kg Downforce genéiert duerch déi ënnerschiddlech aerodynamesch Optimiséierungen, vun deenen ech der lo nach vill net ugeschwat hunn... an zur Erënnerung...  mir schwätzen hei vun engem SUV!

Interieur

Am Banneraum mengt een et géif een an engem Sportswon sëtzen. D’Veraarbechtungsqualitéit an déi ausgewielte Materialien waren, sorry Lotus, iwwerraschend gutt! Sou hunn ech dat bis elo just vu Premiummarke wéi z.B. Audi oder Mercedes kannt. De sportleche Flair geet awer op kee Fall verluer. D’Sëtzer sinn individuell astellbar a paken och anstänneg zou, wann ee mol méi flénk ënnerwee ass. Fuerer a Bäifuerer sinn duerch eng massiv Mëttelkonsol getrennt.

RTL

© Andy Brücker

E risegen Ecran an der Mëtt ass do fir de ganze Volet Infotainement a Sécherheetsystemer ze bedéngen. De Chauffer huet just e klengen Ecran mat den néidegsten Infoe viru sech, respektiv den HeadUp-Display. De Bäifuerer huet och nach e separate klengen Ecran, wou ee sech divers Saache kann uweise loossen, wéi z.B. wéi eng Musek grad leeft.

Apropos Musek... hei huet Lotus sech mat der brittescher Mark KEF zesummegedoen. Déi ass bekannt fir High-End Produiten, ma hat nach ni virdrun Anlage fir Autoe gebaut. Et kann ee wielen tëscht KEF Premium mat 15 Lautsprecher an 1.380 Watt, oder KEF Reference mat 23 Lautsprecher an 2.160 Watt. Déi 23 Lautsprecher... an dann e Lidd oder e Video mat Dolby Atmos... Ech kann elo hei vill zielen, ma ech muss soen, ech hunn nach ni sou eng Soundqualitéit an engem Auto héieren, wéi dat wat déi KEF-Anlag am Eletre eis ëm d’Ouere geschoss huet, souguer wann de Reegeler fir d’Lautstäerkt bis hannen opgedréint war. Dat muss ee mat eegenen Oueren héieren hunn. Do huet näischt gerabbelt, gekréckelt, gerëselt oder gequiitscht. Dat war pure Musek-Genoss an ee Journalist nom aneren ass just mat engem «Wow-Gesiicht» aus dem Eletre geklommen... dorënner och ech. Dobäi kënnt, dass déi verbaute Speaker och nach richteg gutt ausgesinn, an dem Interieur nach méi en héichwäertege Flair ginn. Just beim Botzen, stellen ech mer et liicht komplizéiert vir.

RTL

© Andy Brücker

Genuch vun der Musek... elo geet et op d’Strooss

Wann ee bis am Eletre ënnerwee ass, mierkt een dann awer, dass ee mat engem groussen SUV ënnerwee ass. Et brauch een e bëssen, bis een d’Dimensioune richteg aschätze kann. Wat awer direkt opfält ass, dass Lotus vill Wäert op dat geluecht huet, woufir ze bekannt sinn... d’Lenkung an de Chassis. Obwuel ee mat engem 2,5 Tonne-Schëff ënnerwee ass, ass d’Lenkung ganz präzis a vermëttelt e super Feedback. Wankbeweegunge si scho bal e Friemwuert fir den Eletre an d’Hënnescht-Achs-Lenkung dréit dozou bäi, dass de Wendekrees däitlech méi kleng gëtt. De Fuercomfort kënnt och net ze kuerz, och wann een am Sportmodus ass. Do ass sou munch aneren Net-Sportwon méi onbequeem an haart gefiedert.

Ëmgewinne muss ee sech, wann ee sech fir d’Kameraen amplaz vun de Réckspigelen entscheet huet. Ech hu mech ëmmer nees dobäi erwëscht, wéi ech zur Fënster eraus Richtung Spigel gekuckt hunn, fir da meng Aen nees en Tick méi déif op d’Ecranen am Banneraum ze riichten. An och beim relaxe cruisen, hunn ech gemierkt, dass mäi lénksen Aarm dann am Wee ass, wann ech no lénks op den Ecran wëll kucken.

RTL

© Andy Brücker

Fir awer alles am Aen ze hunn, huet den Eletre e sëllegen Helferlein. Net manner wéi 4 LIDAR-Systemer, 7 Kameraen, 6 Radaren an 12 Ultraschall-Sensore behalen den Auto a säin Ëmfeld am Aen. Eng 360° Ofdeckung ass domat méiglech an de System ka scho vill méi, wéi dat wat bei eis schonn erlaabt ass, wa mer vun autonomem Fuere schwätzen. Hei gëtt de System also gedrosselt an et däerf ee gespaant sinn, wéi déi Systemer an Zukunft eist Fuerverhalen ännere wäerten. A China z.B. däerf ee vun Oktober u scho verschidde Features dovun notzen, an Europa awer nach net.

RTL

© Andy Brücker

Fir déi Mass un Informatiounen ze verschaffen, gëtt et eng Kollaboratioun mat Nvidia, déi z.B. bekannt si fir Grafik-Kaarten am Gaming-Beräich. Do ass een also och méi wéi gerëscht fir d’Zukunft! A fir do gutt virbereet ze sinn, brauch ee vill Daten, och aus dem aktuelle Stroossereseau, an do ass Lotus och zu Lëtzebuerg ënnerwee, wéi de Régis Robert vu Lotus mer am Interview erkläert huet.

Régis Robert: "On organise énormément d'expéditions pour faire de la data collection, et du coup, le Luxembourg fait partie de notre spectre en quelque sorte. On couvre aussi tout le Luxembourg par rapport à l'amélioration et au développement de nos fonctions."

RTL

Régis Robert - Director ADAS / © Andy Brücker

Den Eletre konnte mir an Norwegen eegestänneg fueren an d’Assistenzsystemer koumen hei net zum droen. Dat wierklecht Potential vum Auto konnte mer awer weder op de schmuele Landstroossen, nach op der Autobunn erauskëddelen. Den Tempolimit ass nämlech zimmlech streng an dofir konnte mer eis awer kuerz op engem Fluchfeld eng Impressioun huele vun deem, wat den Eletre wierklech kann.

Automag: Lotus Eletre
Lotus geet nei Weeër an huet elo en Elektro Hyper-SUV op de Marché bruecht, deen den Andy Brücker fir den RTL-Automag teste war.

Et ginn zwou verschidde Motoriséierungen ugebueden... den einfachen Eletre an den "S" mat 603 PS, déi de Sprint vun 0 op 100 a 4,5 Sekonne maachen. Oder den Eletre R mat souguer 905 PS! Dee mécht de Sprint vun 0 op 100 an nëmmen 2,95 Sekonnen... wéi gesot, an engem Gefier mat iwwer 2.500 Kilo! Beim Eletre R ginn et dann och 2 Gäng... d’Ëmschalte geschitt automatesch ongeféier bei Tempo 130. Schluss ass bei Tempo 265.

Am «S» soll eng Autonomie vu bis zu 600km méiglech sinn, am R bis zu 490km. Doduerch, dass ech mer den Eletre S mat engem Journalist aus Frankräich gedeelt hunn, war et schwiereg e Verbrauchswäert ze ermëttelen, ma op enger 100km-Streck hat ech 22,9 kWh am Bordcomputer stoen. Domat wier ech da 480km komm, amplaz de maximal méigleche 600, wat ëmmer nach ganz ok ass. Verbaut ass eng 112 kWh-Batterie, déi mat bis zu 350kW op enger Schnell-Luedstatioun ka geluede ginn. Da soll een Dank 800V-Technik vun 10 op 80% bannent 20 Minutte kommen.

Ween driwwer nodenkt sech esou en Hyper-SUV zouzeleeën, dee brauch minimum 96.000 Euro, wat fir esou een Auto eigentlech nach vergläichsweis gënschteg ass, och wann dat elo komesch kléngt. Den Eletre S start da bei 120.000 Euro an den R bei 150.000 Euro.

Dëst Joer nach gëtt e weideren Elektromodell vu Lotus presentéiert, dat a Form vun enger Limousin. Spéider kënnt dann nach e méi e klengen SUV, grad ewéi en Zwee-Sëtzer Sportswon.

RTL

© Andy Brücker