• De PLUS

    • attraktiven Design
    • Verbrauch
    • Veraarbechtung an Dezibel-Peegel
  • De MINUS

    • Plaz hannendran
    • Präis vum "Esprit Alpine"-Modell

E Bestseller haut am Automag. Frësch vum Stylist coifféiert ginn, a soll elo prett si fir et weiderhi mam Léiw vun der franséischer Konkurrenz opzehuelen.

De Renault Clio a senger 5. Generatioun krut e Facelift, an de Christian Schmit war op der Presentatioun mat dobäi.

Automag: Renault Clio

Den éiwegen Duell, Clio géint 208 geet an di nächste Ronn. A mam restylage « Esprit Alpine » wëll een elo nees bei de Venten de Peugeot’s Léiw depasséieren.

Eppes ass dem Modell Clio gewëss. Mat 16 Millioune verkaaften Exemplairen ass et de meescht verkaafte franséischen Auto bis dato iwwerhaapt.

Dat sinn der eng Partie. Den Design hues du ugeschwat, wat gouf dann elo changéiert?

Eh bien et wollt e méi no un d’Modeller aus der Gamme erukommen, voir Austral, Espace oder Mégane. Ass ganz dynamesch gelongen, an et huet een d’Impressioun virun engem neien Auto ze stoen. Vun der Säit gekuckt an hanne fält dat ästhetesch manner spektakulär aus, och wann di hënnescht Luuchten elo kristallkloer ausfalen.

RTL

© Christian Schmit

D’Chef de produit, Christelle Fedamanier huet dann och houfreg op de Sigel Alpine higewisen, deen en Hauch vun de sportiven Alpine Modeller am Clio 5, Phase 2, géif erëm spigelen.

Wat gëtt ënnert der Hauf gebueden?

Op der internationaler Presentatioun zu Bréissel war et exklusiv d'Topversioun « Esprit Alpine » mam 1,6 Liter 145 PS staarken E-Tech Hybrid ënnert der Motor Hauf, dee mir gefuer sinn.

Mee Renault hält weiderhin u méi Motorisatioune fest beim Modell Clio, och LPG an Diesel.

On répond en fait à la demande de toutes nos clients. La Clio est une voiture polyvalente et avec des diverses motorisations elle répond à la fois aux usagers plus urbain et hybride. Donc 

 

Allerdéngs wéinst der Nofro net fir de Lëtzebuerger Marché.

RTL

E reng elektresche Clio wäert et och net ginn, well?

Il reste encore beaucoup de la place pour le Clio et Renault fait le choix de différentes plateformes dédiées. Et d'autres ont des plateformes dédiées 100% pour les voitures électriques.

Positiv ass eis de Verbrauch mat enger 4 virum Komma opgefall, an dat op engem Parcours och mat Autobunnpassagen.

Beim dynamesche Chassis an der Lenkung gouf nach eng Kéier nogeschäerft. An et ass erstaunlech roueg u Bord. De Clio restylée ass gutt isoléiert.

RTL

Wa mir scho bannena sinn, do attestéiere mir eng gutt Veraarbechtung, well mir waren och op wallouneschem Pavé ënnerwee. Renault huet sech och dofir decidéiert kee Lieder méi unzebidden, a setzt op bis zu 70 % Recling Fiberen.

D’Plazverhältnesser hu sech net verbessert. Hanne sinn am beschte Kanner opgehuewen.

Net manner wéi 20 Assistenzsystemer schrauwen d’Sécherheet erop, an de Risk fir Accidenter erof.

Präisser a Resumé, wat soe mir dann do?

Interessant ze gesinn op de progressive Restyling duer geet, fir de Léiw vun der Konkurrenz am Schach ze halen, vläicht vun der Plaz 1 ze verjoen?

Bon mat iwwer 26.000 Euro gëtt e sech mam Clio E-Tech Esprit Alpine, trotz guddem Ekipement, dach ganz selbstbewosst.

RTL