An der Belsch zu Zaventem bei Bréissel entwéckelt, an Europa gebaut, an zu Hamburg war elo kierzlech d‘Weltpremière vum neien Toyota C-HR.

De Christian Schmit war mat dobäi wéi en eng éischte Kéier an d’Scheinwerferliicht gefuer ass.

Automag: Toyota C-HR

C-HR, steet fir Coupé High Rider a koum a senger éischter Versioun 2016 op de Marché. En zimmlech gewoten Design, dat war deemools d’Reaktioun bei de Journalisten.

Elo 7 Joer duerno ass dat net vill anescht. Mee de japanesche Konstrukteur Toyota betount, dass e bewosst op esou eng extrovertéiert Designlinn wëll sëtzen. Eigentlech vum Showcar 1:1 op d’Strooss.

C'est vrai. Showcar sur route, on a des couleurs, le sulphur par exemple, c'est vraiment spécial qu'on voit directement.  Et ce qu'on veut bien avec Toyota, y avoir une voiture qui est un peu exagérée.

Showcar for me esou gëtt de C-HR dann och elo lancéiert.

RTL

De Sander Van Renterghem, Product Manager bei Toyota Belgium, betount dann och nach, dass vill Efforte gemaach goufen zum Thema Nohaltegkeet.

On a bien veillé d'utiliser des matériaux écologiques surtout avec les points de contact. Les sièges, mais aussi le tableau de bord, le volant. On a décidé de ne plus utiliser de cuir dans la voiture. C'est mieux pour l'environnement.
 

Jo tatsächlech gëtt Recyling, oder Upcycling grouss geschriwwen, an och keng Kouhaut oder soss Pelz kënnt a Fro. A Skandinavien ass Nohaltegkeet duerchaus schonn en „argument de vente“.

RTL

Eppes Neits ënnert der Hauf?

Jo do ass et d'Annonce, dass elo op Elektrifizéierung gesat gëtt mam 1.8 Liter an 2 Liter Mild-Hybrid an och elo Plug-In Hybrid, dee mam Stecker.

Bon mir ware jo op enger statescher Presentatioun, do kann een nach näischt soen, wéi déi sech am Alldag schloen. Virun allem konnt awer zolidd u Leeschtung bäigeluecht ginn, a sécher ass awer schonn, dass mir mat der CVT, also der stufeloser Boîte liewe mussen. Eng 4X4 Traktioun ass och méiglech, schalt sech bäi wa gebraucht.
Firwat wësse mir dat, ma well parallel och den neien Toyota Prius virgestallt gouf. Deen duerfte mir scho fueren an huet di selwecht Motrice. Deemnächst stelle mir deen dann och hei vir.

Bewosst provokant baussen, a wéi revolutionär gesäit den Interieur dann aus?

Bannenan huet ee sech Méi ginn an op Kritik vun der Clientèle reagéiert. Resultat: méi héichwäerteg a méi ergonomesch, fir dass Chauffer a Passagéier sech besser wuelfillen. D’Armaturen, déi natierlech personaliséiert kënne ginn, si quasi ronderëm deen hannert dem Volant gebaut.

RTL

Kloer, dass ee bei Toyota op di neisten Technologien a Saachen Info- an Entertainment setzt. Intressant och de Glasdaach, deen esou konzipéiert ass, fir Hëtzt a Keelt dobaussen ze loossen.

Am Resumé
Och di zweet Generatioun C-HR vun Toyota wëll sech mat radikalem Design vum Mainstream ofgrenzen. Deemnächst muss sech de kompakten SUV op der Strooss beweisen, an der Faarf Kombinatioun Sulphur / Schwaarz fält e besonnesch op.

Enn 2023 am Showroom, Präisser sinn nach keng bekannt.

RTL