Eng Mark, déi a ganz klenge Stéckzuelen Autoen zesummesetzt, dat zu Buchloe am Allgäu.

All Joer invitéiere si op e Presse-Event, déi Kéier war dat um Circuit zu Zandvoort an Holland. De Christian Schmit war fir eis mat dobäi, an et war eng Renconter mat Nouveautéiten a Klassiker.

Automag: Neies bei ALPINA

Vum éischte Modell, deen ALPINA 1965 presentéiert huet bis zur neister Kreatioun.

RTL

B5 GT, der leistungsstärkste 5er den ALPINA jemals entwickelt hat, seet de Florian Bovensiepen, dee jo zesumme mam Bruder Andreas Geschäftsführer bei ALPINA ass.

Do wou a gutt 3 Wochen de Formel 1 Zirkus mat Verstappen et Co Statioun mécht, zu Zandvoort , do hunn d’V8-Modeller dierfen optrompen. A mir hunn dierfen hannert de Volant a richteg Gas ginn. Den Instrukter, ëmmer iwwer Funk bei eis wann et mat der Ideallinn erëm net esou richteg geklappt huet.

RTL

An och am stäerksten ALPINA bis dato fillt sech deen, deen net esou dacks op Circuiten doheem ass och wuel, an huet ni d’Impressioun, dass do elo eppes aus dem Rudder géif lafen.

E Bléck op d’Fiche Technique mam Sprint op 100 an 3,2 Sekonnen, eng Spëtzevitesse vun 330 km/h, 850 Nm Dréimoment, whoaw, a kee Wonner, dass do eng Rennstreck gelount gouf.

RTL

De Star wéi gesot den ALPINA B5 GT, a warscheinlech dee leschte richtegen ALPINA, well d'Deeg vum aktuelle 5er bei BMW si gezielt, a fir di exklusiv Mark ALPINA bleiwe Modeller mat Stecker tabu.

Der Stecker bleibt für ALPINA in Buchloe tabu. Unsere Kunden sind Kunden die grosse Strecken zurücklegen müssen, viele Kilometer im Jahr fahren. Die haben weder die Lust noch die Zeit sich an irgend einer Ladesäule anzustellen ob die funktioniert oder nicht. Die grosse Reichweite dass ist es was für unsere Kunden ganz ganz wichtig ist. Und heute vielleicht mehr denn je sich auch von dem Hype der E-Mobilität abzuheben und sich den Wunsch eines Traumwagen zu erfüllen. Wer weiss ob das in den nächsten Jahren überhaupt noch möglich ist. 

A wann dir elo sot, genee esou ee wëll ech och hunn, da gesäit et schlecht aus. Limitéiert op 250 Exemplairen, sinn déi an tëscht alleguer versprach. Och di 145.500 Euro fir d’Limousin an 148.000 fir den Touring ware keng Hürd.

RTL

ALPINA méi exclusiv wéi Rolls Royce?

Was die Stückzahl betrifft, ja, was den Kundenanspruch betrifft, vielleicht nicht. Wir versuchen "Dream Car for every day" anzubieten, sportlich, komfortabel, und in jeder Situation sicher. 

E bëssche nostalgesch gouf et du mam „Infield Drive / ALPINA Classic“ Rendezvous. Di ganz Ahnen-Galerie war mat an Holland ugereest.

B7 Turbo, B7 S Turbo, grad emol 60 mol gebaut. Anert Sammlerstéck de B5 Edition 50, dee fir de 50. Anniversaire vun der klenger Auto Schmëtt erauskoum.

RTL

„Alpina Tasting“ mir hunn et nees nach eng Kéier genoss.

A wann déi vu sech behaapten „Dream Cars for every day” ze bauen, dann trëfft dat et zimmlech gutt.

RTL