• De PLUS

    • Verbrauch
    • Plaz bannendran
    • aussergewéinlechen Design
  • De MINUS

    • iwweräifreg Assistenz-Systemer
    • Mall relativ kleng
    • Infotainment System reagéiert lues

Ioniq steet bei Hyundai fir reng elektresch Modeller. Nom Ioniq 5 huet sech eis Automag Ekipp elo mam Ioniq 6 ausernee gesat.

Den Akim Schmit iwwert d’Stäerkten a Schwächten vum Ioniq 6.

Automag: Hyundai Ioniq 6

D’Designer bei Hyundai setze gären e Statement – esou schéngt et opt mannst. Nom kanteg-futuristeschen Ioniq 5, deen éischter un e Concept-Car ewéi e Seriemodell erënnert, steet elo den Ioniq 6 am Showroom. A bei dësem stoung d’Aerodynamik am Mëttelpunkt. D’Resultat ass en Design, deen un Ikonen vun Mercedes a Porsche erënnert an den CW-Wäert (Loftwidderstand) op 0,21 dréckt, den nidderegsten dee Hyundai bis elo ze bidden huet. Laang a flaach duckt sech d’Limousine iwwert de Makadamm, d’Réckspigelen sinn optional reng digital an den Heckspoiler huet Winglets, dat kennt ee soss just vu Fligere.

RTL

Bannendran huet en virun allem vill Plaz, esouwuel an der éischter Rei ewéi och an der zweeter Rei. Méiglech mécht dat d‘„Electric Global Modular Platform” (E-GMP) déi, wéi den Numm et scho verréit, op reng elektresch Modeller ausgeriicht ass. Eenzeg d’Kappfräiheet an der zweeter Rei ass limitéiert wat duerch d’Karosserieform bedéngt ass.

RTL

Mat mengen Norm-1,80m hat ass dat awer nach keen seriöe Problem. Wann ee sech ëmkuckt, wierkt den Interieur modern a clean. Knäppercher gëtt et nach fir d’Klimaanlag, de Rescht gëtt iwwert den 12,25 Zoll groussen Ecran vum Infotainment gesteiert. Dat huet gutt geklappt, allerdéngs kéint de System e bësse méi séier reagéieren. Am Testauto huet et sech ugefillt, ewéi bei engem eeleren Smartphone.

RTL

Ob Greenwashing oder e seriöen Effort hannert hirem Nohaltegkeetskonzept stécht, sief dohi gestallt. Fakt ass awer dass d‘Fuerf fir d‘Verkleedungen anzefierwen aus recycléierte Pneue gewonne gëtt, d’Sëtzer mat ekologesch behandeltem Lieder a recyceltem PET bespaant sinn, fir d’Armaturebried Kautschuk a Bio-Qualitéit zum Asaz kënnt an d’Teppecher aus recycléierte Fëschernetzer bestinn. Mee Effort’en hin oder hir: ënnert dem Stréch bleift vill haarde Plastik, an dat och op Plaze wou e séier Schréipe kritt.

RTL

Dass d’Koreaner Elektroautoe baue kënnen hu se scho mam Ioniq 5 an Kona EV gewisen. An och an dësem Fall ka sech d’Resultat weise loossen. Wichtegste Choix ass d’Batterie déi 53 oder 77,4, kWh späichere kann. Dës „long range“ Batterie versprécht bis zu 614 Kilometer Reechwäit, an der Praxis hunn ech déi net gepackt, zemools mäi Verbrauch net bei den ugekënnegte 14,3 mee ëmmer nach ganz gudde 16 kWh op 100 Kilometer louch. U Power huet et dobäi net gefeelt: 168 kW Leeschtung (228 PS) ginn an alle Liewenslagen duer. Oder et bestellt een direkt den Topmodell mat Allrad-Undriff an 239 kW (324 PS), wat awer op Käschte vun der Reechwäit geet.

RTL

Gréisste Schwächt liwwert sech Hyundai allerdéngs bei den Assistenz-Systemer, déi sech net permanent desaktivéiere loossen. Nerven huet virun allem de Geschwindegkeets-Assistent kascht, dee sech ab dem éischte km/h iwwert der erlaabter Vitesse mellt, an net méi labber léisst. Oder de Spuer-Assistent, deen engem iwweräifreg an onugekënnegt an d'Steierrad gräift. Net manner wéi 7 Mol muss een um Touchscreen klicken, fir de Vitessassistent auszeschalten. A wann een d’nächst Kéier enzwousch hi fiert, ass en nees aktiv… Do wier en Update net verkéiert.