BMW iX1
-
De PLUS
- Vill Plaz trotz kompakte Baussemoossen
- leeschtungsstaarke Motor
- extrem ofgekoppelte Banneraum
-
De MINUS
- Steierung ze synthetesch
- leider e gudde Batz méi deier wéi Hybrid oder Top-Bensinner
Bei BMW ginn et net nëmme komplett nei entwéckelt Elektroautoen, mee och déi existent Gamme gëtt weider elektrifizéiert
Nom X3 ass elo mam X1 deen zweeten SUV um Tour. Wéi den neien iX1 sech am Alldag fiert, huet de Paul Origer fir eis getest.
De Sproch "Oh, wat bass du grouss ginn!" kenne mer
Awer esou eppes vun, an ech denken, den neien X1 wäert deen och dacks ze héiere kréien. Ech selwer war iwwerrascht, wéi ech deen neien iX1 an Empfang geholl hunn, wéi vill deen am Fong klengste BMW-SUV gewuess ass. Vergläiche mer awer mat der éischter Generatioun vun 2009, dann huet den X1 Nummer 3 mat 4,5 Meter nëmmen e puer Zentimeter zougeluecht. Mee den Design ass vill méi bulleg an dominant ginn, a genee dat léisst en esou grouss wierken.
Iwwer Plaz brauch een sech beim iX1 awer net ze bekloen
Nee, guer net, am Géigendeel. D’Raumgefill am iX1 ass richteg gutt, mat – typesch SUV – vill Kappfräiheet an awer och Plaz fir d’Been. Gutt, zu 5 gëtt et dann awer enk, mee am Alldag brauch ee wierklech net méi. An och d’Mall ka sech trotz Elektroundriff mat 490 Liter Minimum weise loossen. A wann dat net duergeet, da loosse sech d’Récksëtzer dräifach ëmklappen oder just de Réck verstellen.

Wat och immens gelongen ass, dat ass de Banneraum u sech: opgeraumt mat de wichtege Commanden zur Hand a vill Oflagen, dat ganzt gutt verschafft an optesch uspriechend – hei hat ech wierklech näischt ze meckeren. Och déi optional Sportsëtzer sëtze wéi bei BMW gewinnt hoergenee.

Elo ass déi eigentlech Nouvell beim iX1 natierlech den Undriff, BMW proposéiert nieft de Verbrenner och en Elektromotor!
Esou ass et, an zwar fir de Moment emol den xDrive30. Hei treffen 313 PS op 4 gedriwwe Rieder an erméiglechen eng Acceleratioun op 100 an nëmme 5,6 Sekonnen. Dat si Wäerter, fir déi normalerweis een M muss derbäi stoen. Dobäi passt déi BMW-typesch sportlech Ofstëmmung vum Fuerwierk, just d’Steierung kéint mer nach e bësse méi Réckmeldung ginn. Relativ gutt verstoppt ginn déi iwwer 2 Tonne Gewiicht, si gi labber beweegt, natierlech ëmmer ouni iergendee Geräisch vu sech ze ginn.

A genee dat kann den iX1 extrem gutt: seng Passagéier ofkoppelen. Absolut näischt spiert ee bannenan esou dat ee wierklech kee Besoin no enger Klass driwwer entwéckelt. Dat mécht Loscht op Laangstrecken a Kilometeren ofspullen, wat ech wärend menger Testwoch gemaach hunn. Bei all deem huet den iX1 assuréiert an, bei wierklech ziviliséiertem Tempo vun 120 – 130, tëscht 18 an 20 Kilowattstonne gezunn. Net onbedéngt dat, wat versprach gëtt mee menger Meenung no fir d’Format awer nach an der Rei. Déi versprache 439 km Autonomie ware leider och net um Start, am Schnëtt éischter 330. Oplueden ass op laange Strecken also mol méi dacks fälleg, dat kann den iX1 mat maximal 135 kW-Stonnen. Esou hëlt eng Charge vun 20 op 80% wéi üblech ronn 20 Minutten an Usproch.

Wat muss een dann fir een elektreschen X1 investéieren – ass d’Differenz zum Verbrenner grouss?
Dat ass eng gutt a berechtegt Fro! Aktuell start den iX1 xDrive30, deen et de Moment just an enger Leeschtungsvariant gëtt, bei exakt 55.555 Euro. E vergläichbare Verbrenner wier héchstens den Hybrid xDrive30e fir iwwer 4000 Euro manner – all déi aner Motorisatioune leie bal 9000 Euro drënner, kommen allerdéngs och bei wäitem net un déi Leeschtung erun. Bleift et beim iX1 a stafféiert een dee schéin aus, da kann och emol séier, wéi bei eisem Testauto, ganz vir eng 7 stoen.