DS 9
-
De PLUS
- Premium-Ambiance bannendran
- Klang vum Soundsystem
- vill Plaz (vir an hannen)
-
De MINUS
- Sproochsteierung vum Infotainment
An dësem Automag steet keen SUV, mee eng franséisch Rees-Limousine am Mëttelpunkt.
DS Automobiles huet den DS 9 opgefrëscht. Wat dat heescht, a wéi sech franséische Luxus op véier Rieder fiert, weess den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp.
Den DS9 ass beim franséische Premium-Hiersteller d’Flaggschëff. A genee dat gëtt elo opgefrëscht – an zwar esou dezent, dass een an dësem Fall net emol vun engem Facelift schwätze kann. Déi wichtegst Neierunge sinn nämlech vu Bausse guer net ze gesinn.

Esou wéi déi nei 12,3 Zoll grouss Instrumenter an den neien Multimediasystem "DS Iris", deen op d'Wuert lauschtert a méi Confort versprécht. Dat ass och net vu Muttwëll gewiescht, well den Infotainment-System bis elo net wierklech logesch opgebaut war, a mech mat Momenter op d'Prouf gestallt huet. Mee si mer éierlech, elo fuerdert d’Iris, also de Sproochassistent vun DS, een eraus. Et bleift nach Loft no uewen.
Loft no Uewe gouf et wéi et schéngt och bei den Ekipements-Linnen. Well do ass eng nei dobäi koum.
De Summum vun deem wat bei DS Luxus bedeit heescht elo „Esprit de Voyage“ a gëtt als limitéiert Editioun op de Marché bruecht, änlech wéi d’Kollektiounen an der Moudewelt. An der Praxis bedeit dat vill grot Nappalieder am Interieur, Alcantara-Daachhimmel, lasergravéiert Schweller a schwaarz blénkeg Réckspigelen. Als E-Tense 250 sinn 19 Zoll Alufelge Serie, de méi staark motoriséierten E-Tense 4x4 360 steet op 20 Zoll Rieder. Bei de Faarwe verzicht DS op alles wat opfälleg, grell a generell ze faarweg ass: zwee Gro-Téin, däischter Blo oder Schwaarz rullt d’Limousine vum Band. Do dierft engem de Choix net all ze schwéier falen.

© Akim Schmit
Keng ze schwéier Aufgab waart dann och am Kapitel vum Undriff op eis…
Beim DS9 kommen eenzeg an eleng Plug-In Undriffer zum Asaz. D’Basis ass dobäi ëmmer en 1,6 Liter Turbobensinner mat 200 Päerd. Beim E-Tense 250 liwwert den E-Undriff zousätzlech 80 kW. Mat der 15,6 kWh Batterie, déi elo béid Undriffer ënner Stroum setzt, läit déi reng elektresch Reechwäit an der Theorie bei 75 Kilometer. Beim E-Tense 360 4x4 sinn un der viischter an hënneschter Achs allkéiers een Elektromotor montéiert. De Plus u Leeschtung kascht bei 10 Kilometer elektresch Reechwäit. An der Praxis fält den Ënnerscheed awer net op.

Du hues d’Praxis ugeschwat: wéi fiert sech d’Flaggschëff vun DS dann?
Ganzer 370 Kilometer stounge bei der Virstellung ronderëm Lyon am Roadbook. Zäit genuch Andréck ze sammelen. An déi fale ganz positiv aus: besonnesch de Sëtzconfort, d'Veraarbechtung an d'Premium-Gefill kënnen iwwerzeegen. Beandrockt huet mech och d’Beefräiheet op der Réckbänk, wou et scho bal Schued ass, dass den DS 9 net mat Chauffer geliwwert gëtt.

Un de Finitiounen hat ech näischt ze meckeren, an och den Undriff an eisem Testauto, dem E-Tense 360 4x4, huet mat der Limousine liicht spill. D’Recuperatioun ass effikass an de Wiessel tëscht E-Undriff a Verbrenner geschitt ewéi vu Geeschterhand. Vill Leeschtung heescht awer net automatesch sportlech: den DS9 léisst sech fir seng Gréisst a säi Confort-Usproch dynamesch fueren, richteg genéisse léisst e sech awer eréischt, wann ee sech nom Motto „Esprit de Voyage“ déi néideg Zäit hëlt.
