Toyota Prius
-
De PLUS
- Ganz elegant Designlinn
- Endlech méi Power
-
De MINUS
- Ganz oniwwersiichtlech
- Nëmme nach als Plug-In Hybrid
De beléiften Hybrid-Modell vum japanesche Konstrukteur geet elo a seng 5. Generatioun, an do ass elo alles anescht wéi virdrun.
Dat konnt de Christian Schmit op der internationaler Presentatioun feststellen.
An dat genee 25 Joer nom Lancement vum éischte Modell. Toyota hat mam Modell Prius 1997 op d’Hybrid-Technik gesat, an déi esou als Pionéier salonsfäeg gemaach. Am Ufank huet keen esou richteg un de Succès gegleeft, mee ganz séier sinn aner Konstrukteure och op dee Wee gaangen. An tëscht kann Toyota op 23 Millioune gebauten Hybrid-Exemplairen zeréck kucken.

Den Design ass et eng Revolutioun a keng Evolutioun, an den Designer Ralph Gilles hat a mengen Aen e ganz gudden Dag, wéi en den neie Prius op Blat bruecht huet. De Styling kritt iwwerall vill Luef, an eigentlech steet elo e 4direge Coupé vrun engem. Modern, elegant mat geschwonge Linnen an 19 Zoll Felgen, näischt méi weist op de Virgänger-Modell hin.
„Aus Oeko Langweiler wird doch noch chic'er Schlitten“ war ënner anerem schonn ze liesen.
De Radstand huet zougeluecht, de Prius gouf méi breet, mee manner héich. Revers vun der Medaile, grouss Gewuessener stoussen hanne séier mam Kapp widder. A gutt, dass vill Sécherheets-Assistenzsystemer oppassen, well d’Karosserie ass dach zimmlech oniwwersiichtlech.

Am Interieur gëtt sech mat den zwee Ecranen um Elektromodell bZ4x vun Toyota orientéiert. Leider gouf och den haarde Plastik vun do mat geholl. D’Armature sinn eng Mëschung aus analog an digital. D’Sëtzer si bequeem, mee op Lieder a Sëtzbelëftung muss de Lëtzebuerger leider verzichten. Et gëtt nëmmen eng Versioun fir de Belsch / Lëtzebuerger Marché, an déi gesäit dat net vir.

Och de Solar-Panel um Daach bleift tabu. Firwat déi Optiounen net zeréckbehale goufen, konnt eis vum Marketing kee sou richteg erklären.
An d’Mall passe nach ëmmer mol keng 300 Liter.
Ënnert dem Capot suergt elo en 2 Liter mat 223 PS Systemleeschtung an Hybridakku fir Musek. E Sportswon gëtt doraus net. Mee 11 Sekonnen op 100 an 177 Spëtzt sinn dran. An d’Batterie, déi méi kompakt ausfält a Plaz ënnert der hënneschter Sëtzbänk fënnt, huet sech mat 13.6 kw/h bal verduebelt.

Mam elo ganz aerodynamesche Prius soll ee 70 Kilometer reng elektresch viru kommen. Mir hunn um Testparcours (Stad, iwwer Land an Autobunnspassage) e Verbrauch vu 4,6 Liter notéiert. Schued, dass d’Bremsrekuperatioun sech net iwwert dem Fuere variéiere léisst. Soss ass d’Fuerverhale ganz harmonesch, Lenkung a Confort an Dezibelpeegel banne fale positiv op.
Hale mir fest, dass den Toyota Prius elo net nëmmen als Taxi Karriär soll maachen, mee villen aneren och gefale soll. Dat dierft geléngen. Bei eis zu Lëtzebuerg kënnt den Toyota Prius an der Premium Plus Versioun fir 46.000 Euro. Just d’Faarf dierft der nach selwer auswielen.
Op der Presentatioun waren all Testautoen iwwregens moschtergiel. Steet dem Prius ganz gutt.
