Lexus RZ 450e
-
De PLUS
- Gutt Verarbechtung
- Fuerleeschtungen
- chicen Interieur
-
De MINUS
- Batterie luet nëmme lues
- Héije Präis
- Navi weist keng E-Bornen un
Lexus, eng Mark déi jo zum Grupp Toyota gehéiert, mat vill Erfarung an der Hybrid-technik, hat sech Zäit gelooss mat Elektroautoen.
Lexus, dat ass nach ëmmer eppes Exklusives. Anescht wéi an den USA gesäit een dës Säit dem Atlantik hir Modeller vill méi rar. Mee elo als Elektroauto kéint dat sech jo vläicht änneren.
Mat senge 4m80 passt e genee tëscht NX an RX aus der Gamme, steet op enger spezieller Plattform fir E-Autoen, a vum Design hir passt en an d’Lexus Famill.
Design
Esou wéi beim RX Modell ass et den Diabologrill, deen an d’A spréngt. Zesumme mat de schmuele Scheinwerfer entsteet en dräidimensionalen Effekt. Och hanne wierkt e ganz stëmmeg mam zwee-gedeelten Spoiler an enger LED-Läischt iwwer di ganz Breet vum Auto, inklusiv Lexus Schrëftzuch.

Power
Do muss ee sech net beschwéieren. Gläich zwee Motoren un all Achs, ergo 4-Rad-Traktioun „Direct4“ an zesumme kommen 313 PS. Do geet et hell ewech virun.
Eppes iwwer 5 Sekonne fir op 100 awer bei 160 km/h ass Schluss.
Dat muss wuel esou sinn, well d’Batterie mat 71kw/h näischt ze vill bitt. Keng 400km Autonomie ginn um Depart ugewisen.
Mir waren eng Woch mat him am Alldag ënnerwee, a koumen beim Verbrauch seelen ënnert 19kw. Bon de Lexus RZ 450e bréngt och 2.130 Kilo op d’Wo.

Interieur
Do fillt e sech gläich gebuergen. An de vegane Lieder Fautelen ass e beschtens opgehuewen.
D’Veraarbechtung ass top a vill Plaz a Luxus fir Chauffer a Passagéier sinn dran. Och an d'Mall mat tëscht 520 an 1500 Liter passt genuch dran.
Ganz praktesch e separat Gefaach fir d’Kabelen.

Um 14 Zoll Ecran sinn Navi, Info- an Entertainment ënnerbruecht, mee Klima an Temperatur loosse sech klassesch reegelen.
An et fält op, dass et keng Händschekëscht gëtt. Dofir awer fir de Wanter eng Confort Infraroutheizung fir d’Knéien!
Schued an onverständlech, firwat de Lexus-Navi keng Elektrobornen uweist, a sech esou och keng Route plange léisst.
Genervt hunn awer och di omnipresent akustesch Piipserten, wann een eng Grëtz ze séier war, oder onkonzentréiert wierkt. An neen, et léisst sech net ofstellen.

Am Resumé
E Lexus mat vill Luxus, deen engem op d'mannst 70.000 Euro wäert muss sinn. Deem seng Batterie just lues luet, a sech net och net virhëtze léisst. Et muss sech weisen, wéi vill RZ 450e deemnächst op eise Stroosse rullen.
