• De PLUS

    • Sportlech a praktesch; 2 Autoen an engem
    • spuersamen a sprëtzegen Turbo-4-Zylinder
    • bommesécher Stroosselag
  • De MINUS

    • nervegen an iwwersensiblen IQ.Drive
    • liicht Ufuerschwächt vun der DSG-Boîte
    • Sound villäit awer e bëssen ze brav

Hot Hatches kenne mer, mee kennt der och d’Hot Station Wagons? Nëmme nach wéineg Marke proposéiere kompakt Kombien mat Wuppes ënnert dem Capot.

Eng dovunner ass VW, déi de Golf R nees als Variant presentéieren. De Paul Origer hat dee séiere Kombi fir e puer Deeg am Test.

Automag: VW Golf R Variant
RTL

Eppes fir déi frësch gebake jonk Familljepappen

Genee, a wéi d’Liewen heiansdo spillt: wa se sech direkt mat der éischter Aarbecht eppes klenges Sportleches geleescht haten, an dat elo der Familljeplanung am Wee steet. Mee zum Gléck gëtt et Autosmarken, déi nach dat Praktescht mam Sportleche verbannen.

De Golf 8 an d’Kombiversioun Variant kenne mer schonn, elo kënnt e bësse Peffer an d’Spill?

Esou ass et. De kompakte VW-Bestseller ass scho 4 Joer um Marché, d’Kombiversioun koum 2020 an do bréngt d’R-Versioun emol e bësse Schwong an dat ganzt. Optesch wéi gewinnt nach relativ diskret: opfälleg ass just déi typesch R-Lackéierung Lapiz Blue an den Aerodynamik-Package ronderëm, esou wéi an eisem Fall beim R-Performance Pack déi schwaarz 19-Zoll Felgen.

RTL

Soss sinn et kleng Detailer wéi d’R-Logoen an déi sëlwer lackéiert Spigelen, hanne weisen dofir 4 aarmdéck chroméiert Auspuffréier wat dëse Pampersbomber ze bidden huet. Och bannenan heescht et Understatement pur; d’Steierrad an d’Sëtzer verroden den Top-Golf-Variant, fir de Rescht muss ee scho méi genee kucken. A genee dat gefält a mécht de Golf R Variant esou villsäiteg.

RTL

Kann den R Variant d’Spagat tëscht Spaass an Alldag?

Absolut! D’Qualitéite wéi vill Plaz bannenan an eng enorm Mall bleiwen op jidder Fall erhalen. Mee och soss kann ee quasi per Knappdrock den R verwandelen. Am Confort-Modus mat nawell gemittlecher Fiederung, nidderegem Geräischpegel a wéineg Verbrauch iwwert d’Autobunn cruisen? Kee Problem! Op mengem Kuerztrip an déi streng limitéiert Schwäiz ware Verbrauchswäerter mat enger 6 virum Komma kee Konschtwierk, an trotz Schuelesëtzer a sportlechem Fuerwierk huet de Réck op bal 500 km Streck net déi Boun gelidden.

RTL

Nees hei heem ukomm goung et mol op d’Landstrooss. Fir net laang sichen ze doen, huet VW dem Steierrad ee bloen R-Knapp spendéiert: domat gëtt alles schaarf gestallt. Mat iwwer 2 Bar bléist den Turbo de 4-Zylinder op 320 PS a 420 Nm op – dat geet duer fir zesumme mat der blëtzséierer DSG-Boîte a 4,9 Sekonnen op 100 ze sprinten. Iwwerhaapt huet den 2-Liter grousse Bensinner enorm Feier; esouwuel bei nidderegen Touren wéi och no uewen eraus a Richtung Begrenzer. Just de Klang ass trotz der optesch impressionnanter Auspuffanlag nawell zimmlech brav geroden. Anerersäits muss ech och kee pubertäre Pop & Bang hunn.

Richteg gutt si Fuerwierk a Steierung. De Golf R Variant léisst sech Spilles dirigéieren a gëtt dem Chauffer perfekt Réckmeldung. Séier gefuere Kéieren a Laaschtwiessel bréngen déi adaptiv Fiederung DCC net aus der Rou, zesumme mat den Hankook-Sportpneuen an dem Allrad 4motion ass ëmmer enorme Gripp do. Besonnescht Luef gëtt et och fir déi net iwwerdriwwen enk Schuelesëtzer!

Fazit

Effektiv huet mech den Auto agreabel iwwerrascht a virun allem freet et mech, dat VW nach un déi puer Petrolheads ënnert eis denkt. Genervt huet mech wéi esou dacks en Assistenzsystem; dem semi-autonomen IQ.Drive hunn ech warscheinlech net genuch um Steier gefréckelt, op jidder Fall huet deen dacks gemeckert. Och d’automatesch Vitess-Upassung vum Tempomat huet heiansdo fir béis Iwwerraschunge gesuergt. A vläit ass och de Präis e klenge Bemol; bei 52.100 fänkt den R Variant un. Verglach mat der Konkurrenz a Form vun engem Mercedes CLA Shooting Brake ass de séiere Golf Kombi awer nach ee Schnäppchen.

RTL