BMW M2
-
De PLUS
- Fuerleeschtungen
- extreem sportiven Design
-
De MINUS
- Verbrauch
- Präis
Am Automag dës Kéier eppes aus der bayrescher Autoschmëtt vu München. Ee mat ganz vill Power, den neie BMW M2.
De Christian Schmit huet en dierfe fueren.
Warscheinlech dee leschte vun där Zort. All Konstrukteur ass längst op der Well vun der Elektromobilitéit, an do dierft och bei BMW an Zukunft keng Plaz méi sinn fir en M2. Mee dofir huet d'M-Gmbh elo awer nach eng Kéier all Regëster gezunn. Mécht op déck Backen, mee si stinn ëm extrem gutt, an den Tuner gesäit hei seng Zukunft a Gefor. Mir konnten den M2, zumindest zäitweis, genéissen.
De BMW M2 war eis frëndlecherweis vum BMW Zenter Miersch zur Dispositioun gestallt ginn, fir op d'Presentatioun vun den neie BMW ALPINA Modeller, dat an Holland um Circuit zu Zandvoort. Wann een elo weess, dass een daagsiwwer op hollänneschen Autobunnen just 100 dierf fueren, dann erkläert dat esou munches. 100 am M2 dat fillt sech u wéi permanent mat ugezunner Handbrems ënnerwee sinn. Ass natierlech gutt fir de Verbrauch an de Portmonni, well u Radare feelt et net!

© Christian Schmit
Ënnert der Hauf ass et ganz impressionant. En 3 Liter 6 Zylinder mat 460 PS. Dat sinn der 90 méi wéi virdrun. 550Nm Dréimoment, jo e richtege Muskelprotz. Do geléngt mat der automatescher Boîte de Sprint op 100 a 4 Sekonnen. No 13,5 Sekonne wäre schonn 200 km/h méiglech, a bei 250 ass theoretesch Schluss. Muss awer net, well wann een den Driver Package als Optioun ugekräizt gëtt, da bleift d'Tacho-Nol eréischt bei 285 stoen. An domat ass den M2 definitiv een aus der Kategorie Supersportswon. Old School 6 Gang Boîte mat Kupplung, och dat gëtt et nach, mee kascht 500 Euro extra.
De Motor quasi 1:1 aus dem M3 och mat allen technesche Finessen an traction arrière, an de Sound ka scho mol süchteg maachen. Freed um Fuere serieméisseg! E Spëtzesportler duerch an duerch. An trotzdeem op Wonsch ganz manéierlech,
(wann e mat 100 iwwer hollännesch Autobunnspassagen zuckelt) oder awer eppes fir déi, déi den Drift sichen. Den M2 huet deen och drop, ouni gläich duerno beim Carrossier ze landen. Agill an dynamesch an all Kéier, ouni dass de Confort ganz op der Stréck bleift. Traktiounskontroll léisst sech jee no Fuertalent ajustéieren.
"Rennstrecke können wir, klar. Aber auch Landstrasse", esou de Frank van Meel, de Chef vum M-Team bei BMW. Nei sinn Drift-Analyzer a Lap-Timer, fir d'Ronnenzäiten ze moossen. A punkto Fuermodus kënne Road, Sport, Track, an M-Mode konfiguréiert ginn. Da loosse sech d'Motrice, Fuerwierk, Bremsen a Lenkung upassen. Zwee Setup'e loosse sech iwwer di rout M-Paddelen um Volant ofspäicheren an ofruffen.

© Christian Schmit
Bannenan och ganz Sportswon mat bequeeme Liedersëtzer, optional och M-Carbon Sportschuelesëtzer. Iwwert de bal 15 Zoll groussen Curved Display Ecran gëtt alles ofgeruff wat Navi, Entertainment a Fuerdynamik ubelaangt. Deels awer verschachtelt an Ënnermenüen. Um 12 Zoll Ecran vrun engem dann Tacho an Tourenzieler etc.
71.852 Euro muss dir op d'mannst hu fir de BMW M2. Den Testauto koum mat villen M-Optiounen op 84.000 Euro. Mee di Spaass Fuermaschinn gesinn der vill och als Investitioun an Zukunft. Well, jo dee nächsten M2 kënnt, wann iwwerhaapt, sécher just nach reng elektresch.

© Christian Schmit