VW ID.3 Facelift
-
De PLUS
- Besser verschafft wéi de Virgängermodell
- Fir een Elektroauto ee kuerze Wendekreess
- Anstännege Verbrauch
-
De MINUS
- Net grad bëlleg
- Kéint nach bësse méi sportlech wierken
Am Automag vun haut schwätze mir iwwer een Auto deen, wou en eraus komm ass, relativ vill Kriticken huet mussen astiechen. Elo kennt ee Facelift.
Mir schwätze vum VW ID3. De Rich Simon aus der Automag-Redaktioun ass bei mir. Firwat goufen et Kriticken, wou den ID 3 lancéiert gouf?
Déi Kriticken hate virun allem domadder ze dinn, wéi den Auto banne verschafft war. Et koum einfach ze vill haarde Plastik an den Asaz, wat den Auto bëlleg wierke gelooss huet. Den ID.3 war iwwregens den éischte komplett elektreschen VW, dee produzéiert gouf. An dee gouf viru ronn 4 Joer op der IAA zu Frankfurt offiziell presentéiert.
Elo kennt de Facelift a VW huet, an datt kann ech elo schonns direkt soen, aus senge Feeler geléiert. Den Auto gouf bannen iwwerschafft an dat Ganzt gesäit elo vill besser aus an et ass virun allem och méi héichwäerteg. Fir et kuerz ze faassen: et ass elo déi gewinnte VW Qualitéit.

© Rich Simon
Grondsätzlech kann ee soen, datt den neien ID.3 elo méi sportlech wierkt. Ënnert anerem well de Capot komplett an der Faarf vum Recht vum Auto gehale gëtt. Um Parechoc gouf un de Loftläscher nogebessert an hannen am Auto kruten d'Luuchten och een neien Design verpasst. Dat sinn a sech Klengegkeeten, déi awer bei dësem Auto grouss wierken.

© Rich Simon
Op der Strooss
Wat direkt opfält ass, wéi roueg den Auto rullt. An dat huet sécherlech mat enger gudder Aerodynamik ze dinn. Et huet ee praktesch keng Wandgeräischer an och dat normaalt souere vum Elektromotor ass praktesch net ze héieren. Do huet VW d'Hausaufgabe gemaach. Du setz relativ héich am Auto. Wann s de dech awer bis dorunner gewinnt hues an deng richteg Sëtzpositioun fonnt hues, dann hues de beim ID.3 ee richtegt gutt Fuergefill.

© Rich Simon
Den Auto gëtt op den hënneschte Rieder ugedriwwen, d'Gewiichtsverlagerung ass optimal. Du fills dech sécher, och wann s de bësse méi dynamesch an de Kéieren ënnerwee bass. Apropos sportlech; 204 Päerd huet den ID.3. Bei engem Gewiicht vu ronn 1,8 Tonnen huet een de Sprint vun 0 op 100 a 7,6 Sekonnen hannert sech. D'maximal Vitesse läit bei 160 Kilometer an der Stonn. Dat ass ganz anstänneg. Wat mir och nach gutt gefall huet ass, datt de Wendekrees, dee bei Elektroautoen am Prinzip ëmmer bësse méi grouss ass wéi bei engem Verbrenner, hei dach relativ kleng ass mat eppes iwwer 10 Meter, esou datt een och an den dacks ze enke Parkhaiser relativ gutt eran an eraus kënnt.
Verbrauch a Präis
Et ginn zwee Akkuen. Eng Kéier dee mat 55 Kilowatt an dee mat 77 Kilowatt. A mengem Testauto war deen Décken dran. Dee soll eng Autonomie vun 558 Kilometer hunn. Wou ech den Auto krut, goufen esouguer 594 Kilometer ugewisen.

© Rich Simon
Wéi wäit ee konkret ka fueren, kann ech net genee soen, well net genuch Zäit war fir d´Batterie platt ze fueren. Mäin Duerchschnëttsverbrauch, bei ronn 400 Kilometer déi ech gefuer sinn, louch bei 16,3 kWh op 100 Kilometer an dat ass ganz gutt.
Wat elo d'Präisser ugeet: Du hues de Pro Performance mat der 55 Kilowatt Batterie, dee fänkt bei 42.170 Euro un an dann hues de de sougenannten Pro S mat der 77 Kilowatt Batterie dee kriss de vun 48.080 Euro un.

© Rich Simon