25 Joer Smart a Renouveau vun der Mark an Europa
Mam Slogan "Reduce to the Max" ass Smart viru 25 Joer lancéiert ginn. Elo am Kader vun der IAA Mobility 2023 zu München gouf deen Anniversaire gefeiert...
.... an och de Renouveau vun der Mark bei eis an Europa. De Christian Schmit war fir eis mat dobäi.
Et waren zwee Eventer e Sonndeg zu München. Fir d'éischt de Bléck op den neie Smart #3, an owes dunn den Event 25 Joer Smart, an de Relaunch vun der Mark an Europa.
Effektiv mellt sech Smart elo nees zeréck, nodeems de Smart Tower jo di lescht Zäit eidel blouf, an d'Wierk zu Hambach am Grand-Est och de Besëtzer gewiesselt huet. Di nei Smart Generatioun leeft nämlech elo an Asien vum Band, dat duerch den Joint Venture tëscht Mercedes an Geely aus China. Mir hate Geleeënheet eis mam CEO Dirk Adelmann ze ënnerhalen.
"Das Design kommt nach wie vor von Mercedes-Benz. Die Technologie kommt von unserer Schwester Firma Geely. Das gibt uns Synergie Effekte weil inzwischen 8 Marken daran teilhaben. Nicht nur den Smart sondern viele Modelle. Kostenvorteile die wir an den Kunden weiter geben. das heiist wir sind jetzt mit einem Preis-Leistungpaket unterwegs was wir bei Smart so noch nie hatten."
Bon de Smart #1 dee gouf schonn zu Bréissel um Salon am Januar gewisen. Elo dann #3 an d'Annonce, dass ugangs 2024 alles prett wier, fir Smart ze relancéieren. Dann als SUV, resp. SUV Coupé, oder anescht ausgedréckt ganz aner Dimensioune wéi beim Micro Car 1998.
"Das Portfolio erweitert sich, aber der Fortwo ist ja noch da. Wir werden zu gegebener Zeit vorausichtlich, Hashtag 2 ist ja noch frei als Nomenklatur, eventuell auch wieder mit einem Zweisitzer kommen."
"Unconvential", also onkonventionell, dat dee neie Slogan bei Smart.

© Christian Schmit
"Wir waren unserer Zeit mehrfach voraus. E-Bikes, 10 Jahre zu früh vielleicht. Crossblade, gewagt aber ok. Car Sharing, sehr teuer jetzt bräuchten wir es. Smart wird sich nicht aufhalten lassen von dem was andere als Zeitgeist definieren. Wir gehen einen Schritt weiter, und schauen ob es funktioniert."
Vun 2m50 op iwwer 4 Meter, vum City Car zum SUV wiisst de Smart #1 an #3. Mat vill méi Power a just nach reng elektreschem Undriff.
Am Interieur gëtt sech um Premium Segment orientéiert, an d'Smarten stinn och deemnächst mat am Mercedes Showroom.

© Christian Schmit
D'Kooperatioun mat Brabus bleift bestoen. D'Chance op e Roadster oder Cabrio och eventuell?
"Roadster würden wir wahnsinnig gerne wieder auflegen. Wir haben in der Pipeline noch andere Produkte, Roadster ist aktuell nicht dabei, da bin ich ganz offen und ehrlich. Roadster war mein erstes Firmenauto, ich liebe dieses Fahrzeug. Wir arbeiten dran und wenn der Roadster kommt, dann rein elektrisch."
Merbag Lëtzebuerg wäert di nei Smart-Generatioun am Fréijoer 2024 op Lëtzebuerg bréngen. Exklusiv zu Hollerech ze gesinn, Service dann awer och bei Merbag zu Dikrech an zu Esch.

© Christian Schmit