SsangYong Torres
-
De PLUS
- Plaz am Allgemengen
- Präis
- speziellen Design
-
De MINUS
- Infotainment
- vill Gepiips bei all Geleeënheet
Eigentlech sollt de SsangYong Torres guer net op den europäesche Marché kommen. Elo rechent ee sech mat deem Modell awer grouss Chancen aus.
Den Automag vun haut bréngt eis bei eng Mark, déi mer éischter seelen thematiséieren. Si kënnt aus Südkorea, a wäert och iwwer kuerz oder laang net méi ënnert dem selwechten Numm um Automobilmarché aktiv bleiwen. Den Andy Brücker weess eis do e bësse méi ze zielen.
Rieds ass vu SsangYong... Enn 2020 war no 66 Joer quasi Schluss mat der Mark. Dunn huet sech awer mat dem südkoreanesche Konzern KG en neien Investor fonnt. KG ass an enorm ville Beräicher aktiv... vu Stol, iwwer Chemie, bis Gastronomie. Elo dann auch als Autoskonstrukteur. Dat bréngt dann och mat sech, dass SsangYong als Mark wäert den Numm änneren op KG Mobility, respektiv KGM.
Fir dee Switch ze maachen gëtt dann elo den neiste Modell genotzt, dee mer viru puer Woche konnten an der Belsch testen.
Et ass dat de SsangYong Torres, deen d’nächst Joer och als Elektroversioun op de Maart kënnt, dann ënnert dem Numm KGM Torres EVX. Mir haten awer elo nach d’Versioun mat Verbrenner fir en Test zur Verfügung gestallt kritt. Dëse fiert mat engem 1,5 Liter Liter Turbobensinner mat 163 PS, dee mer schonn aus dem Korando kennen. Den Torres ass iwwregens en SUV, wéi kéint et anescht sinn. Wat kann een nach um SUV-Marché maachen, fir sech vun der Konkurrenz ofzegrenzen an op sech opmierksam ze maachen? Richteg, ënnert anerem mam Design. An do ass de Südkoreaner a mengen Aen definitiv gelongen, dass d’Leit méi genee kucken, wa se den Auto gesinn. E wierkt kanteg, mat enger aggressiver Front, engem Knéck an der Daachlinn an z.B. op dem Capot enger Zort Grëffer oder Ankerpunkten, fir Seeler dru festzemaachen, déi awer keng Funktioun hunn, ma einfach just «anescht» sinn an dem Torres hëllefe säin eegene Charakter ze definéieren.

© Andy Brücker
D’C-Sail ass dann och an engem Metall-Look gehalen, géintiwwer dem Recht vun der Karosserie am Lack-Kleed, éier et dann nach mat engem Fënsterelement weider Richtung Mall geet. Bei där kéint een duerch den Design menge si géif säitlech opgoen, ma si geet awer normal no uewen op.

© Andy Brücker
Op der Strooss
Also den 163 PS Bensinner a Kombinatioun mat der 6-Gang Automatik ass elo kee Garant fir grousse Fuerspaass, ma fir den Alldag geet et definitiv déck duer. De Cockpit ass opgeraumt a bitt z:B. En 9 Zoll groussen Touchscreen, deen nach vu 6 Knäppecher agerummt ass, mat deen een an déi eenzel Menüpunkte kënnt. Deemno wéi d’Luucht an de Banneraum fält, ass et net evident d’Informatiounen um Ecran hutt liesen ze kënnen. Iwwer en zweeten Touchscreen méi ënnen an der Mëttelkonsol kann een dann d’Klimaanlag bedéngen. Bei der Connectivitéit ass ee beim Torres net um leschte Stand. Sou huet en zwar Apple Carplay an Android Auto, ma leider just wann een den Handy via USB mam Auto verbënnt. Dat ass iwwerlieft.

© Andy Brücker
Positiv Andréck?
Do kann ech ouni laang ze iwwerleeën d’Plazoffer ernimmen. Souwuel op de Sëtzplaze vir an hannen, wéi och an der Mall. Do huet een net manner wéi 700 Liter zur Verfügung... dobäi kommen e sëllege Fächer lénks a riets, grad ewéi ënnert dem Mallebuedem. Duerch déi eckeg Form kritt een och eng Wäschmaschinn ouni Problem an déi Mall... a wann et nach méi Plaz soll sinn, kann een d’hënnescht Sëtzer nach ëmleeën an da kënnt een op iwwer 1.660 Liter Volume. Deemno en optimaalt Gefier fir mat der Famill an d’Vakanz ze fueren.

© Andy Brücker
Präisser
Do muss ech soen, war ech éischter positive iwwerrascht. Lass geet et bei knapp 35.000 Euro an der Amber-Ausstattung als Fronttriibler mat manueller Boite, mat awer schonn enger gudder Basis-Konfiguratioun. Hëlt een d’Sapphire-Ausstattung kann ee just nach d’Faarf als Optioun wielen, grad ewéi e klengen Oppräis fir d’Lieder... da kënnt een op knapp 45.500 Euro. Bei de Konkurrenzmodeller kann et präislech do definitiv nach an aner Sphäre geroden.

© Andy Brücker