E Freideg an e Samschdeg ass déi 3. Editioun vum Luxembourg Classic Rallye. Net manner wéi 102 Teams sinn ugemellt.

Si kommen aus Däitschland, Éisträich, der Belsch, Holland, der Schwäiz an natierlech Lëtzebuerg. Den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun hat Geleeënheet mam Organisator Ed Goedert iwwert dësen Event ze schwätzen. Themen déi ugeschwat goufen, waren déi 43 Gemengen an deene gefuer gëtt, Autorisatiounen, den Undrang vun den Equipagen. Ma rieds war och iwwert d'Autoen, déi ee wäert kënne gesinn, grad ewéi iwwert dem Ed Goedert säi Wonschauto, mat deem hie géif wëllen drun deelhuelen.

Och d'Oldtimer-Scene kënnt net laanscht d'Thematik vun den alternativen Undriffer, sief et E-Fuels oder souguer Elektromobilitéit. Dozou deelt den Ed Goedert eis och seng Meenung mat.

Lauschtert hei den integralen Interview mam Organisator vum Luxembourg Classic 2023

Den Andy Brücker am Gespréich mam Ed Goedert - de kompletten Interview

Timing

Den Depart vum Luxembourg Classic Rallye ass e Freideg um 9 Auer beim Parc Hotel Alvisse an d’Arrivée ass e Samschdeg géint 14.45 Auer bei der Gëlle Fra. A ween elo schonn Oldtimer-Loft schnuppere wëll... bis 19 Auer ass d’Technesch Ofnam vun de Gefierer beim Parc Hotel, deemno kann een do deen een oder anere Bijou schonn a Rou bewonneren. An do kéint iech eventuell och schonn de Lëtzebuerger Schauspiller Tommy Schlesser iwwert de Wee lafen, dee beim RTL-Journalist Ryck Thill an engem Porsche 911 Carrera Cabriolet mat der Startnummer 80 matfiert.