• De PLUS

    • dynamescht Fuerwierk
    • Veraarbechtung
    • Sympathiefaktor
  • De MINUS

    • Boite net reaktiv genuch
    • schlecht Iwwersiicht
    • Verdeck nëmme bis 30km/h op-/zouzemaachen

De Summer ass praktesch gelaf, mee Cabrio kann een dat ganzt Joer iwwer fueren. Dat fënnt op d'mannst den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp.

Dee war d’lescht Woch mam Mini Cooper S Cabrio an der „Resolute Edition“ ënnerwee.

Automag: Mini Cooper S Cabrio

Dat wichtegst fir unzefänken: d'„Resolute Edition“ ass keng méi sportlech Versioun vum Mini Cooper S, mee en Editiounsmodell, bei deem et eenzeg an eleng ëm den Design geet. Bon, ëm dee geet et bei Mini eigentlech ëmmer, bei dësem Testauto hu sech nawell méi Käpp ëmgedréint ewéi soss. Fir eng Iddi ze ginn: den Editiounsmodell kënnt mat schwaarze 17 Zoll Alufelgen („Tentacle Spoke Black“), am „Rebel Green“ lackéiert a mat ville Kontrastelementer am Fuerwtoun "Resolute Bronze“. Dee fënnt ee ronderëm de Külergrill an de viischte Luuchten, un den Diergrëffer an um Tankdeckel.

RTL

© Akim Schmit

Banneraum
Et ass awer net just Bausse wou sech den Editiounsmodell vu senger beschter Säit weist. Och bannendran gouf sech Méi ginn. En Highlight si mat Sécherheet d’Sportsëtzer, déi mat engem Mix aus schwaarzem Konschtlieder a Wäiss-Giel karéiertem Stoff bezu sinn. Dobäi kënnt, dass ee gutt dra gehalen ass, an dat och wann ee selwer net ganz mini ass. Nieft schwaarzem Pianoslack – dee Fangerofdréck unzitt – stiechen d’Zierleeschten um Tableau de Bord ervir, déi d’Sträifen op der Motorhauw opgräifen. Méi wäit ginn ech op dëser Plaz net op den Design an, mee et muss ee soen: dat gesäit a mengen Ae richteg gutt aus.

RTL

© Akim Schmit

Woufir steet den S da beim Mini Cooper S Cabrio?
Nach steet den S fir Sport oder Spaass… allefalls steet en hei net fir „Stroum“: fir den Undriff suergt en 2 Liter Véierzylinder mat 178 Päerd (131 kW). Dat sinn der manner wéi am Virgänger (192 PS), mee ëmmer nach genuch fir a 7 Sekonnen op Tempo 100 ze sinn. D’Schalten iwwerhëlt eng Automatik-Boîte, déi sech e klenge Moment sënnere muss ier et beim Kickdown richteg viru geet. Stäerkte sinn dogéint dat knackegt Fuerwierk an déi direkt Lenkung, déi un e Kart erënneren. Et kann een awer och einfach d’Landschaft genéissen: an 18 Sekonnen ass d’Verdeck hannert der Réckbänk verschwonnen an du hues d’Sonn am Gesiicht.

RTL

© Akim Schmit

Net just Positives
Am meeschten huet mech déi schlecht Siicht no hanne gestéiert, besonnesch mat oppenem Verdeck kriss de net mat wat sech hannert dengem Réck ofspillt. An da wier do nach den Ecran vun den Instrumenter, dee schlecht ofzeliesen ass wann d’Sonn drop schéngt.

RTL

© Akim Schmit

Net gepasst hunn a mengen Aen déi bëlleg schwaarz plastiks Schaltwippen hannert dem Steierrad, an den zentralen Ecran vum Infotainment, dee wierkt, ewéi wann en net dohinner gehéiere géif.

Präisser

Do sti fir eisen Testauto net ganz gënschteg 41.600 Euro. Mee e Mini war nach ni e Vernonftsauto, a schéi Saachen déi Spaass maachen, hunn eben hire Präis.

RTL

© Akim Schmit