Fiat 600e
-
De PLUS
- flotten Design
- korrekte Präis
- Gutt op der Strooss
-
De MINUS
- vill haarde Plastik verschafft
- just een Akku zur Auswiel
- Hybrid-Versioun kënnt eréischt 2024
De Fiat 500 ass eng richteg Succes Story. Elo kritt deen e grousse Brudder, nämlech de Fiat 600e. De "E" steet natierlech fir elektresch.
De Rich Simon aus eiser Automag Redaktioun huet den Auto getest. Fiat klëmmt domadder nees an dee sougenannte B eran.
Bis elo war den italieenesche Konstrukteur nämlech net méi am B-Segment vun den SUV vertrueden. An deem sinn Autoe wéi de Renault Captur oder och nach den Hyundai Kona, fir nëmmen dës ze nennen. Wann een déi Autoe virun A huet, da weess ee vu wat fir enger Gréisstenuerdnung mir schwätzen. De Fiat 600 ass méi grouss wéi de 500er. Hien ass mat 4 Meter 17, ronn een hallwe Meter méi laang. Déi 4 Meter 17 si gutt duerchduecht. Du hues, fir awer nach ee klengen SUV, gutt Plaz bannen am Auto. Virun allem vir. Hannen däerfen d'Kanner awer net ze grouss sinn.

© Rich Simon
Alles ass iwwersiichtlech an organiséiert opgedeelt. Du gëss relativ séier mat allem eens wat u Knäppercher zu Verfügung steet. Wat awer stéiert, dat ass dee villen haarde Plastik dee verschafft gouf. Deen ass zum Deel recycléiert, mee Plastik bleift ëmmer Plastik. Bei der 360 Liter Mall do ass awer bësse gespuert ginn. Do ginn et Konkurrenzmodeller déi méi ubidden.
Wéi gesäit den Auto vu baussen aus?
Kuerz Äntwert: Richteg schéin! Hei hunn Designer richteg gutt Aarbecht gemaach. Et ass sech wuel e bëssen um 500. orientéiert ginn, mee de 600 wierkt einfach méi sportlech, mat coole Luuchten, enger imposant Calandre déi flott an de Capot iwwer geet. Op sengen 18 Zoll héije Rieder wierkt den Auto och wierklech grouss. Also et mierkt een, ech si relativ begeeschtert vum Design.

© Rich Simon
Gëllt dat dann och wat d'Fuergefill ugeet?
Jo den Auto läit gutt op der Strooss. D'Balance ass gutt. Knuppen a Lächer si kee grousse Problem. Déi 156 Elektro-Päerd ginn à priori duer fir kuerz Strecken, respektiv an der Stad ze fueren. Wann een allerdéngs op der Autobunn ënnerwee ass, da vermësst een dat eent oder anert Päerd. Et gëtt och just eng Batterie ugebueden. Dat ass déi mat 54kWh, déi een och schonns z.b. vum Peugeot 208 oder dem DS3 aus dem Stellantis Grupp kennt.

© Rich Simon
Den Akku huet eng Autonomie vun offiziell 409 Kilometer. Den duerchschnëttleche Verbrauch louch beim Test bei 14,3 kWh. Dat ass gutt. D'Opluede geet un enger Luedstatioun mat 100 kW Gläichstroum an enger hallwer Stonn vun 20 op 80 Prozent. Mat 11 kW Wiesselstroum dauert et awer iwwer 6 Stonnen bis d'Batterie nees voll ass.
Fazit a Präis
Ech si mir sécher, datt de Fiat 600e seng Clientèle wäert fannen, an dat och iwwer de Präis. Et ginn zwou Versiounen, déi allkéiers dee selwechten Undriff hunn. D'Red Versioun ass déi einfach. Do hues de z.b. just 16 Zoll stole Felgen an e puer Features manner, oder awer "La Prima" mat deenen ugeschwaten 18 Zoll Aluminium Felgen an e puer Spillsaache méi.
De "Red" kriss de fir 34.512 Euro an "La Prima" fir 39.306 Euro. Am November soll den Auto bei eis an de Garage stoen. An dat nächste Joer kennt och eng Hybrid Versioun.

© Rich Simon