• De PLUS

    • Verbrauch
    • Veraarbechtung an Dezibel-Peegel
    • Hybridsystem
  • De MINUS

    • CVT-Boîte
    • Ecran a Grafik um Navigatiounssystem

Ee vun den neien Honda-Modeller koum am September an den Testpark vun der Automag-Redaktioun, an de Christian Schmit huet dësen dierfe fueren.

Éischt Andréck
Ech muss soen, dass ech ewell laang keen Honda méi gefuer sinn. Den ZR-V, en SUV, mee bei Honda ass d'Designsprooch elo eng aner. Devise ass elo net méi extravagant, mee vill méi elegant. De 4m57 laangen Honda ZR-V fält mat sengem Külergrill an de schmuele Scheinwerfer op. Vun den Dimensiounen parkt deen elo genee tëscht de Schwëstermodeller HR-V an CR-V aus der Gamme.

Extrovertéiert war gëscht. Mam neien ZR-V kombinéiert Honda en usprochsvollen Design mat praktescher Funktionalitéit.

RTL

Ënnert dem Capot, en Elektromotor?
Jo a neen. Eng Kombinatioun tëscht Verbrenner an E-Motor. Ouni Plug-In System, an awer ee vun der neister Hybrid-Generatioun. Et ass een net op Bornen ugewisen. D’Häerzstéck ass en 2 Liter mat 184 PS. Dozou geselle sech zwee Elektromotoren.

Dat Zesummespill klappt ganz gutt, a wann en de Flux vun der Energie um Ecran suivéiert, kritt de Chauffer guer näischt dovu mat.

RTL

Op eisem Testparcours, wou och en Trip op Frankfurt stoung, si mir erstaunlech vill elektresch gefuer. Geluede gëtt iwwert dem Fueren. Eng Recuperatioun beim Bremsen ass och dran, a léisst sech variéieren. Resultat: E Verbrauch vun heiansdo ënner 5 Liter, an eréischt bei 730km huet den Honda signaliséiert, deemnächst eng Tankstell unzesteieren. Et gëllt natierlech, wéi mir et vun de stufeloser Boîte kennen, gläichméisseg acceleréieren. Dann hält d’Motrice sech dezent am Hannergrond, iwwerhaapt ass den ZR-V gutt isoléiert.

Vu 0 op 100 an 8 Sekonnen a bei 173 km/h ass Schluss. Fuerwierk a Lenkung sinn agreabel ofgestëmmt.

A wéi presentéiert sech den Interieur dann esou?

Och hei geet Honda keng Experimenter an. Alles läit do wou et soll, ass gutt verschafft an de Soft-Touch gefält. Dat gëllt och fir d’Sëtzgarnitur. Plaz vir an hanne ganz generéis. 2m66 Radstand, dat ass e Wuert. Net ze vill Touchscreen, mee dee Screen kéint méi grouss ausfalen, an d’Grafik vum Navi ass net méi up to date. Mee Smartphone, Apple CarPlay an Android Auto geet.

RTL

Den Honda ZR-V ass och ganz iwwersiichtlech. Mat 370 Liter an der Mall kann e liewen, ass awer och näischt ze vill. Mee dofir geet den Accès dohin elektresch op an zou inklusiv „Walk away Funktioun”.

RTL

Wat musse mir dann op den Dësch bliederen, a wat vläicht als Fazit festhalen?

44.400 Euro war eisen Testauto wäert, mat vill Luxus, deen da serieméisseg ass. Mam Honda ZR-V ass een och op der sécherer Säit wat Assistenzsystemer ubelaangt. Eng Beräicherung am SUV-Segment, mee et si vill Konstrukteuren, déi do Modeller positionéieren. Honda probéiert säi Gléck elo ouni Extravaganzen a punkto Design.

RTL