• De PLUS

    • Interessant Technik
    • Gutt verschafft
  • De MINUS

    • Gesouers vum Motor
    • Net vill Plaz hannen am Auto
    • Manner "Eyecatcher" wier méi

De Rich Simon stellt eis den neien Mazda MX-30 e-SKYACTIV R-EV vir. Ënnert dem Capot vum Japaner verstoppt sech eng interessant Technik.

Automag: Mazda MX-30 R-EV

Mazda war schonns zanter Joerzéngte bekannt, datt si gären op de Wankelmotor zeréck gegraff hunn. Bis 2012 war dat och de Fall, dono awer net méi. Elo am Zäitalter vum Elektroauto, ass dat awer nees anescht.

Ech probéieren d'Technik einfach ze erklären. Mazda huet ee klengen Akku vu 17,8 kWh agebaut. Mat deem kéims de grad emol 85 Kilometer. Si hunn awer och ee Bensinnstank vu 50 Liter mat agebaut. Mat deem spréngt ee Wankelmotor un, dee bedreift e Generator, deen dann d'Batterie luet.

RTL

Esou kënns de op eng Autonomie vu gutt 600 Kilometer, ouni datt's du den Auto muss un de Stroum hänken. De groussen Ënnerscheed ass och nach deen, datt de Motor net direkt d'Rieder undréit, mee eebe just d'Batterie fiddert, an déi dréift d'Rieder iwwert en Elektromotor un. D'Ofgasen, déi duerch de Motor entstinn, ginn duerch ee Katalysator an ee Partikelfilter vu Gas a fest Bestanddeeler ëmgewandelt.

Dat kléngt alles ganz einfach. Ass dat dann och esou?

Ech si ronn 300 Kilometer mam Mazda MX30 e-Skyactiv R-EV gefuer an do huet alles funktionéiert. Du hues 3 verschidde Modien zu Verfügung, wous de kanns wielen, wéini den Akku  iwwer de Generator soll geluede ginn. Am Prinzip denken ech fiert een am "Normal" Modus. Do spréngt de Motor un, wanns de zum Beispill ee Kickdown mat der Gaspedall méchs. Wann dee Motor uspréngt, muss ech soen, geet engem dat Gesouers dach e bëssen op d'Ouer. Soss op der Strooss ass awer näischt géint den Auto ze soen. 170 Päerd, bei ronn 1.700 Kilo, ginn duer fir vun 0 op 100 eppes méi wéi 9 Sekonnen ze brauchen. Schluss ass allerdéngs schonns, bei enger maximaler Vitesse vun 144 Kilometer an der Stonn. Wann d'Batterie eng Kéier sollt praktesch platt sinn, da kann een déi mat maximal 36 kW Gläichstroum un enger Luedstatioun a 25 Minutten vun 20 op 80 Prozent lueden. Mat 11kW doheem un der Wallbox, vun 0 op 100 Prozent a 90 Minutten.

RTL

Wéi muss ee sech den Auto elo virstellen?

E ass ee kompakten SUV. An dat Wuert "Kompakt" trëfft virun allem op den hënneschte Sëtzer zou. Do huet een definitiv net vill Plaz. Kompakt ass och déi hënnescht Säitefënster. Déi kann ee mat engem "Bulleye" aus engem Fliger vergläichen. Dat gesäit cool aus, allerdéngs gesäit een net ganz vill eraus.

RTL
RTL

Déi hënnescht Dier geet och net no vir op, mee no hannen. Och dat ass ee gewëssen "Eyecatcher", allerdéngs och net méi. Wat awer elo den Interieur u sech ugeet, deen ass ganz gutt verschafft. D'Qualitéit déi stëmmt.

RTL

Wéi gesäit däi Fazit aus?

Duerch d'Bank ganz gutt. D'Technik gefält mir. Allerdéngs denken ech, datt eng Famill mat Kanner oder just engem Kand, sech et méi dacks iwwerleet, fir sech den Auto ze kafen. Et ass einfach ze mann Plaz op der hënneschter Bänk an och d'Mall ass net esou grouss, datt ee kann an d'Vakanz fueren, ouni op vill ze verzichten. Wann een den Auto allerdéngs just benotzt, fir d'Kanner an d'Schoul oder op den Training ze féieren; Why Not?

RTL

Zum Schluss dann nach d'Präisser: Et gi 4 Versiounen: Déi einfachst kascht 35.538 Euro an déi deierst 42.249 Euro. Vu Mëtt November u kann een den Auto bestellen. Déi éischte Modeller sollen da schonns Mëtt Dezember geliwwert ginn.

RTL