Nissan X-Trail e-Power
-
De PLUS
- Veraarbechtung
- Plaz bannendran
- Fuerconfort
-
De MINUS
- Schlecht Iwwersiicht
- Verbrauch
- drëtt Rei just Noutsëtzer
2001 ass den éischten Nissan X-Trail op de Marché koum. Elo si mer bei der véierter Generatioun ukomm, déi mer eis mam Akim Schmit méi genee ukucken.
Net just um Design huet sech an de leschten 22 Joer vill gedoen, och beim Undriff geet Nissan nei Weeër. Den neie X-Trail dréit den Zousaz „e-Power“: dohannert stécht vereinfacht gesot en Elektroauto, dee mat Bensinn betankt gëtt. Domat wëll Nissan d’Virdeeler vum Verbrenner mam Confort vum reng elektreschen Undriff verbannen.

Bensinn tanken, mee elektresch fueren. Wéi geet dat dann?
D’Konzept vum Serien-Hybrid ass keng komplett nei Entwécklung, mee awer éischter seelen ze fannen. Dobäi gëtt de Bensinn geholl fir eng Generatrice – en 1,5 Liter Véierzylinder - unzedreiwen, déi eng kleng Batterie (2,1 kWh) opluet. Mam esou produzéierte Stroum gëtt dann een Elektromotor un der viischter Achs (respektiv zwee bei der e-4ORCE-Allradversioun) ugedriwwen. Et gëtt deemno keng direkt Verbindung tëscht dem Verbrenner an de Rieder, esou dass de zu all Moment reng elektresch fiers. Déi kleng Versioun huet 158 PS Leeschtung, eisen Testauto mat Allrad-Undriff koum op 214 PS. Nissan huet deen Undriff iwwregens net nëmmen am X-Trail an der Gamme, mee och de Qashqai ass als e-Power Versioun ze kréien.

Wéi fiert sech dann esou en Elektro-Bensinner am Alldag?
Onkomplizéiert, onspektakulär an ouni och nëmmen eng Sekonn un d’Reechwäit vun der Batterie ze denken. E Plus ass dat spontaant Ufuerverhalen, woubäi 214 Päerd elo aus engem X-Trail kee Sportswon maachen an de Fakt, dass déi kleng Batterie kaum an d’Gewiicht fält an d’Fuerverhalen net beaflosst.

Den X-Trail ass confortabel ofgestëmmt, eppes wouru sech vill Hiersteller bei rengen Elektroautoen duerch déi schwéier Batterien d’Zänn ausbäissen. Net esou agreabel ass et dann awer, wa vill Leeschtung gefrot ass, an de Bensinner héichdréine muss. Dat kléngt ugestrengt, wéineg souverän an erënnert un déi stufelos Automatikboîten iwwert déi ech mech ëmmer nees beschwéieren.
D’Konzept soll en nidderege Verbrauch garantéieren. Wéi gesäit et dann op der Tankstell aus?
Um Pabeier rechent Nissan eng Moyenne vu 6,9 Liter op 100 Kilometer aus. Bei mengem Alldagstest – dat heescht kuerz Strecke mat vill Stop and Go - stoung um Enn eng 9 virum Komma. Dat wier an der Schoul eng Datz ginn. Nëmme gutt, dass den X-Trail an anere Beräicher kompenséiere kann: d’Veraarbechtung ass gutt, d’Plazverhältnisser si generéis (ofgesi vun den Noutsëtzer an der Mall) an all d’Knäppercher sinn do wou ee se sicht.

Den Nissan X-Trail e-Power 2WD steet mat 46.831 Euro an der Präislëscht, eisen Testauto mat e-4ORCE Allradundriff start bei 49.516 Euro.
