Goodyear Eagle Go
Autoe musse méi nohalteg ginn – dat ass kloer, mee dat gëllt virun allem och fir hir Baudeeler. Wéi gesäit zum Beispill de Pneu vun der Zukunft aus?
Goodyear huet deen Challenge ugeholl a fir ee Concept Car vu Citroën de besonnesch ëmweltfrëndlechen Eagle Go entwéckelt. De Paul Origer war fir eis op der Presentatioun zu Colmer-Bierg dobäi.
Concept Cars si jo ëmmer eppes spannendes – hei si mer dann elo bei engem Concept Pneu, ass dat dat selwecht?
Ech géing emol soen. An deem heite Fall hu sech béid Constructeuren, nämlech Citroën mat hirem Oli a Goodyear, iwweregens scho fir d’drëtt, erëm esou richteg ausgetoobt an all Méiglechkeeten erfuerscht. Iwwert den Oli wäerte mer an engem separaten Automag berichten, haut ass dann den Tour um Eagle Go.
An dee fält optesch schonn emol direkt op!
Eben typesch Concept Car – do geet et lass mat engem ganz markante Profil. Passend zum Citroën Oli geet deen e bëssen an de Beräich Offroad mat groussen a relativ déiwe Profilbléck. Dat signaliséiert net nëmmen e grëffege Pneu mee och gutt Kapazitéite bei vill Waasser op der Strooss an, als wichtegt Element vun engem ekologesche Pneu, ee laangt Liewen wëll ebe genuch Gummi drop ass.

Genee dat ass jo och de But gewiescht, d’Ëmwelt mat dësem Pneu schounen! Wéi eng Moossnamen hëlt Goodyear dann dofir nach?
Dat geet emol un bei der Gummimëschung, déi bal komplett aus recycléierten an nohaltege Matière bestoe soll. Amplaz vu fossille Matièrë komme Sonneblummenueleg an Haarzer vun der Kifer an den Asaz - Matièren, déi antëscht och bei Drécker benotzt ginn. Bis 2040 wëll Goodyear komplett op Äerdueleg verzichte kënnen. Een zweet Element ass Naturkautschuk deen de syntheetesche Kautschuk ersetzt, hei soll natierlech och op eng responsabel Method beim Ubau vun deene Beem opgepasst ginn. An zum Schluss gëtt nach Kiselsaier benotzt, déi gewannen se aus den Äsche vu Räisschuelen. Kléngt komplizéiert, ass awer ganz effikass.
Fir dës besonnesch Laffläch och optimal ze notzen, wëll Goodyear d’Liewensdauer vun engem Pneu op de Maximum erauszéien. Eng Prozedur, déi bei Camionen a Busse schonn usus ass, bei Autoen awer éischter manner, ass de Rechapage. Ass de Profil ofgenotzt, da kënnt eng nei Laffläch op d’Carcasse. Esou soll de Pneu bis zu enger hallwer Millioun km halen.
Dat kléngt jo schonn emol gutt! De Pneu vun der Zukunft soll awer och intelligent sinn?
Genee, de Pneu huet sech selwer am A, kontrolléiert via ee Sensor Temperatur a Loftdrock an domat och den Zoustand an, villäicht net ganz zur Freed vu professionelle Chaufferen, och de Fuerstil. So behält de Patron eng Iwwersiicht, wéi gutt de Pneu behandelt gëtt, ob en an der Rei ass a wéi laang en domat fuere kann. Dës Technologie soll laut Goodyear bis 2027 an all hire Produiten ze fanne sinn.