Citroën huet zu Paräis den neien ë-C3 devoiléiert, deen den Accès zum Elektroauto fir jidderee kéint erméiglechen.

Mat un d'Seine war fir den RTL-Automag de Christian Schmit gereest, a konnt sech mam CEO vu Citroën Thierry Koskas an deem Kontext ënnerhalen.

Automag: Citroën ë-C3

Elektresch an ökologesch mam TGV op eng E-Auto Presentatioun, dat passt dach scho mol.

Effektiv kéint Citroën mam ë-C3 do eng kleng Revolutioun geléngen. An et huet een och scho mol grouss opgetrompt zu Paräis mat der Behaaptung "Vergiesst alles wat dir bis elo iwwer Elektroautoe wousst". Bon do muss een dann awer och liwweren.

Thierry Koskas: "Oui exactement. Ecoutez c'est la révolution, puisqu'on a pour la première fois une voiture électrique fait en Europe à 23.300 Euro avec une autonomie de 320 km. C'est vrai que toutes les idées reçues qu'on a sur une voiture électrique en particulier, le fait que c'est chère, que c'est pas pratique à utiliser. Tout cela il faut oublier parce qu'on arrive avec quelque chose qui casse complétement toutes ces idées."

RTL

23.300 Euro fir de 4 Meter laangen Auto, dee Plaz fir 4 Leit bitt, an eng 44 kw/h Batterie, déi 320 km Autonomie no der WLTP-Norm versprécht, dat ass e Wuert. A made in Europe, an dat zu Trnava an der Slowakei.

Dobäi kënnt och, dass een an dem B Segment op näischt verzichte misst.

Thierry Koskas:"Vous alles trouver tous les éléments qu'on a besoin dans cette voiture. Mais c'est surtout un travail d'optimisation de l'ensemble des éléments. On commençant par la plateforme, des parts reçues pour l'électrique, la production qui est hyper efficace, et l'ensemble des équipements qui arrivent au juste niveau, et à un tarif exceptionnel."

RTL
RTL

Elo seet e sech, mee Dacia huet dach och schonn e ganz gënschtegen E-Auto am Programm. Jo dat stëmmt, mee deen ass awer eng Nummer méi kleng, an dat an den Dimensiounen, an och bei der Batterie-Leeschtung.

Mee e klengen E-Modell vu Citroën leeft jo schonn an Indien vum Band, firwat dann deen neien ë-C3 net och vun do?

Thierry Koskas:"C'est très important de fabriquer une voiture en Europe  pour l'Europe. Je pense que c'est aussi un challenge de montrer qu'on est capable de fabriquer une voiture en Europe à un tarif intéressant."

An déi virgestallte Nouveautéit kritt och deen neie Logo spendéiert.

Thierry Koskas: "La première voiture sur laquelle on a la nouvelle identité. Un logo ovale qui est à la fois très moderne qui nous ramène aux racines de la marque."

Et war eng statesch Presentatioun, deemno fuere konnte mir den ë-C3 nach net. Op der Strooss muss sech da weisen, wat e wierklech kann. Am zweete Quartal 2024 ginn déi éischt ausgeliwwert. Zu Paräis war och ze verlauschteren, dass de Präis net ze negociéiere wär, et zwee Ausstattungsniveaue ginn, een och nach eng Versioun fir 20.000 € mat 200km Autonomie noreecht, an dass den neien C3 och als Bensinner 2024 bei eis an de Showroom kënnt.

RTL