Nissan Ariya
-
De PLUS
- modernen eleganten Design
- héichwäerteg Finitioun
- Verbrauch an Autonomie
-
De MINUS
- luest Lueden un der Borne
- Beefräiheet an der zweeter Rei
- Liwwerzäiten, besonnesch als e 4orce
Virun enger Zäitche huet en scho seng Weltpremière gefeiert, a lues a lues gesäit een en dee Modell op eise Stroossen. De Nissan Ariya.
Renouveau an der Elektromobilitéit bei Nissan
Iwwert de Summer war den neien Ariya och an der Automag-Redaktioun ukomm an de Christian Schmit konnt en elo sou richteg testen.
A Schweden zu Stockholm hate mir eis kennegeléiert, fir e puer Tier mat him ze dréinen. Elo dann am Alldag fir eng Woch bei eis.

Mam Modell Ariya huet Nissan sech vill virgeholl. A punkto Design, Power an Autonomie ass de Progrès ze erkennen. Och bannenan si vill méi héichwäerteg Materialien agezunn. Mee et muss ee soen, si maache sech nach rar di Ariya E-Modeller, a vill Leit hu mech drop ugeschwat a gemengt deen nach ni gesinn ze hunn.
Dobäi mécht e wierklech eng gutt Figur. Seng Coupé Linn wierkt elegant an awer muss e sech vir an hanne net iwwer Plaz beschwéieren.

Wat gëtt dann esou u Power gebueden?
Nissan proposéiert de Batterie Package mat 2 Leeschtungen. Eng mat 63 kw/h an och eng mat 87kw/h. Déi duerfte mir am Testauto fueren, gekoppelt mam e-4orce System, dat heescht dann 2 Elektromotoren an dann och nach eng 4-Rad-Traktioun. Mat enger Leeschtung vun 394 PS sinn dann 100 à l'heure a manner wéi 7 Sekonnen, an eng maximal Vitesse vun 200 kann erreecht ginn.
Fuerverhalen mam Crossover SUV?
Onspektakulär géif ech soen. Den 1m70 héijen SUV ass kee Sportswon och wa sech de Fuermodus Sport astelle léisst. Am léifsten huet den Ariya et gemittlech, di sportlech Fuerweis läit him net, mee muss och net. Am E-Auto ass e jo gemenkerhand méi entspaant ënnerwee, a si mir éierlech, dacks léisst d'Verkéiersopkommes et jo guer net zou. Dat bréngt dann och e gudde Verbrauchswäert mat sech. Tëscht 15 a 16kw fir den 2.550 kg schwéiere Japaner, dat ass ganz ok.
A wéi wäit bass du mam Nissan Ariya komm?
Jo och dat hänkt vun der Fuerweis of. Beim Depart goufen 447 Kilometer Autonomie ugewisen. Mee dank Recuperatioun beim Bremsen an dem E-Pedal Modus hu sech nach en etlech Kilometer addéiert. Do kritt een net bei al Trajet schweesseg Fanger ob et duergeet. An awer ass et schued, dass een ëmmer nees domat konfrontéiert ass bei Bornen ze stoen déi grad "en panne" sinn.
Dofir kann den Ariya net, mee fir e luest Lueden schonn. Méi wéi 130kw geet net!

Soss léist et sech gutt liewe mam Nissan Ariya?
Jo up to date an um neiste Stand wat Info an Entertainment ubelaangt. Mam Alexa kann ee sech ënnerhalen. An och Nissan schéckt Updaten am " flow over the air".
Präis a Fazit?
Elektroautoen, och bei Nissan, leie präislech nach ëmmer iwwer deene vum Verbrenner. Den Testauto an der Top Versioun ( Evolve +) kënnt op 67.000 Euro. Mee do ass jo nach eppes vum Pappa Staat dran.
Mam Nissan Ariya kritt een en eleganten Cross Over SUV mat vill Plaz , gudde Fuerleeschtungen an niddregem Verbrauch. Bei deem e Gedold beim Luede muss hunn, a sech präislech am Premium-Segment beweegt. An et deet sech vill an deem Segment, wou de Japaner e Stéck vum Kuch wëll hunn.
