• De PLUS

    • Herrlech Kombi vu Reie-Sechszylinder a manueller Boîte
    • Stroosselag a Fuergefill
    • Perfekt Sëtzpositioun
    • Eppes fir all d'Sënner (Kucke, Lauschteren, Fillen...)
  • De MINUS

    • Eran- an erausklammen, naja...
    • Ronderëmsiicht

Dass et och nach Autosmarke ginn, déi net just op Elektro, Hybrid oder automatesch Boîtte setzen, beweist Toyota.

Am Fong ass den Testauto vun dësem Automag schonn en Alen! Den aktuelle Supra gouf nämlech schonn 2019 virgestallt. D'lescht Joer koum awer de Lancement vun der Versioun mat manueller Boîte a genee déi duerft de Paul Origer elo am Alldag testen.

Automag: Toyota Supra MT

E Sportswon, mat déckem Bensinner an dann och nach mat Handschaltung – huet de Supra sech vläicht an der Zäit geiert?

Also, wann s de mech frees an d’Reaktioune vum Public kucks, guer net. Déi enorm Demande no dësem Auto weist et: d’Leit wëllen och nach Freed an Emotioune beim Autofueren. An déi kann deen neie Supra beschtens bedéngen, besonnesch elo an der neier Versioun mat Handschaltung.

RTL

Mee komm mer fuere mol der Rei no; technesch Basis kënnt jo bekannterweis vu BMW, fir d’Boîte huet sech awer elo Toyota agesat?

Jo, Toyota a BMW kooperéiere jo schonn eng Zäitchen an dovunner gouf och elo beim Supra profitéiert. Wat awer net zum Nodeel muss sinn. 17 Joer nom leschte Supra gëtt der Traditioun gefollegt an dofir gouf och nees een opgeluedene Reiesechszylinder agebaut. Wëll awer bei Toyota just V-Motoren existéieren, gouf sech beim Motore-Spezialist aus Bayern zerwéiert. An dat den 3 Liter Twin Turbo mat 340 PS e gudde Choix ass, wësse mer. Bis ewell koum de Reiesechser awer just mat Automatik – fir Toyota e Grond sech selwer drun ze ginn an eng passend manuell Schaltbox ze fannen. No vill Getüftels un der Boîte an um Interieur fir d’Mëttelkonsol unzepassen, huet Toyota de Coup gelant; wat et bei BMW net gëtt, dat kritt een elo bei de Japaner!

RTL

Dat héiert sech no enger idealer Kombinatioun un?

An esou eppes vun. Dat de BMW-Reiesechszylinder eng Wucht ass, kann ech ëmmer nees widderhuelen. Vun engem Turbolach geet keng riets, spilles a wéi eng Turbinn dréint en héich, gekoppelt mam typesche Sound deen engem d’Hoer am Genéck opstellt. De Summum ass awer, déi total Kontroll doriwwer ze hunn an hei kënnt déi wonnerbar knackeg an exakt 6-Gang Boîte an d’Spill. Se ass zwar allgemeng kuerz iwwersat, trotzdeem oder grad dowéinst passen d’Iwwergäng beschtens, sief et um Spaasstour am Éislek oder awer am Stau um Wee fir an d’Stad. E bësse gehollef kritt een dann och, op Knappdrock passt de Supra beim Zeréckschalten d’Dréizuel un a verhënnert esou déi desagreabel Schleefmomenter.

RTL

Richteg Laun mécht de Supra natierlech op de kéiereräiche Landstroossen. Déi déif Sëtzpositioun gëtt dem Chauffer den Androck een Deel vum Auto ze sinn, wéi wann ee mam Allerwäertesten op der hënneschter Achs géing sëtzen an den Auto esou an d’Kéieren dirigéiert. Erstaunlech gutt fonctionéiert och d’Traktioun; 500 Nm Dréimoment op just 2 gedriwwe Rieder sinn eng Uso, an der Praxis bleift de Supra awer gutt an der Spuer, et sief natierlech, et leet een et drop un. Spéitstens dann gräift awer den ESP an, wann och mat relativ vill Spillraum.

Wann een esou e Bolid am Alldag fiert, ass dat op Dauer dann awer net ustrengend?

Nujee, am Verglach mat der ganzer SUV-Armada an eisem Verkéier sëtzt een tatsächlech op der Strooss, also extrem déif. Wann ee bis sëtzt ass dat, fir mech op jidder Fall, een herrlecht Fuergefill. Allerdéngs erfuerdert deen déiwen Daach an déi grouss Dieren och eng gewësse Gelenkegkeet, déi ech mat mengen iwwer 2 Meter net onbedéngt hunn. Dat zweet ass d’Iwwersiicht; engersäits sinn déi schmuel Fënsteren an deen däischtere Banneraum sportlech a cosy, beim Parken ass een awer op d’Piipser an d’Kamera ugewise wann een déi sexy Karosserie net schréipse wëll.

Schréipse gi jo bekanntlech deier, den neie Supra och?

D’manuell Boîte gëtt et just fir de 6-Zylinder an och just als Lightweight wéi eisen Testauto. Dofir si ronn 63.700 Euro fälleg, allerdéngs och keng Optioune méi néideg. Fir d’Leeschtung an een Auto, no deem sech wierklech jiddereen ëmdréit, wierklech ee fairen Tarif. A warscheinlech och net méi laang ze kréien!

RTL