Op d'Mark Skoda, déi jo zum VW Grupp gehéiert, ass een houfreg an der tschechescher Republik, an dowéinst gouf d'Weltpremière dann och zu Prag zelebréiert.

Fir eis war de Christian Schmit mat un d'Stad un der Moldau gereest.

Automag: Skoda Superb Weltpremière

"Dear Guests, please welcome on stage: Klaus Zellmer.

We are proud to have honorable guests present today including the Czech Minister of Transport, the ambassadors of Germany, Vietnam and the Czech ambassador to the EU, welcome."

Wann esou vill Prominenz aus Politik an diplomateschem Corps bei enger Première vun engem neien Auto dobäi ass, da seet dat scho munches aus. Oder sinn déi sech just hir nei Déngscht-Limousinne kucke komm?

RTL

An do stoung en dann nom Devoilement vrun engem, di 4. Generatioun vum Superb. Als Limousine a Kombi wäert et e nees ginn, an et soll bei Uewerklass-Feeling zum Präis vun der Mëttelklass bleiwen. 2024 kënnt en och bei eis an de Showroom an do um Ufank warscheinlech kaum opfalen, well den ablécklechen Designer bei Skoda, Oliver Stefani, huet nëmme ganz dezent dierfen de Profil vum Spëtzemodell an der Gamme schäerfen.

RTL

Ganz anescht gesäit dat am Interieur aus. Hei presentéiert sech de Superb am ganz neie Look, an orientéiert sech mat villen Elementer um Elektro-Modell Enyaq vu Skoda. Awer et setzt een net komplett op Touchscreen a scrollen. Eng Mëschung aus digital an analog soll et sinn, esou den Dr Johannes Neft, Responsabel fir d'Entwécklung bei Skoda.

"Die Smart Dials die wir hier drin haben sind ein Beispiel dafür, wie wir versuchen die Usability dieser vielen Funktionen für die Nutzer der Fahrzeuge zu vereinfachen."

RTL

Jo e Skoda Superb dierf als Plug-In Hybrid Versioun mat Stecker bestallt ginn, mee Verbrenner an och den Diesel bleiwen am Programm?

"Ja auf alle Fälle. Der Superb ist ja ein Langstreckenfahrzeug, und dafür hat der Diesel natürlich seine Berechtigung, und deswegen gibt es beim Superb auch weiterhin die Diesel-Variante."

RTL

Bei den Top Motorisatiounen ass och nees eng 4-Rad-Traktioun garantéiert.

D'Produktioun plënnert aus Tschechien op Bratislava an d'Slowakei, do wou parallel och de VW Passat vum Band leeft. Wéi vill Spillraum erlaabt VW Skoda dann eigentlech?

"Hier kann man nicht sagen was erlaubt VW Skoda, denn wir haben vor Beginn festgelegt, wir machen ein Gemeinschaftsprojekt. Warum? Weil wir in dieser Fahrzeugklasse unwahrscheinlich unter Kostendruck stehen. Sie sehen viele Marken die aus diesem Segment raus gehen, und durch diese Zusammenarbeit konnten wir es uns leisten zwei Kombis und für Skoda auch noch eine Limousine auf die selbe Plattform zu stellen."

D'Top-Versioun beim Superb heescht weiderhin Laurin&Klement, fir esou un d'Skoda-Grënner ze erënneren.

RTL

Den neie Skoda Superb elo dann nach mat méi Plaz a Confort, an innovativen an optiméierte Sécherheets- an Assistenzsystemer. Et war eng statesch Presentatioun. Mir freeën eis elo schonn, fir en dierfen ze fueren. Iwwer Präisser dierf am Moment nach just spekuléiert ginn, mee all ze vill no uewen dierften déi net variéieren.

RTL