Opel Corsa Electric
-
De PLUS
- niddrege Verbrauch
- gudden Handling
-
De MINUS
- Plaz op der Réckbänk
- vill bëllege Plastik
- Präis
Zanter 1982 baut Opel de Corsa an huet zënterhier iwwer 14 Millioune Stéck dovu verkaaft.
Et kann een also ouni ze iwwerdreiwe vun engem Erfollegsmodell schwätzen. Un dësen Erfolleg soll och déi mëttlerweil 6. Generatioun uknäppen, déi 2019 virgestallt gouf an no 4 Joer Bauzäit en éischte Facelift spendéiert kritt. Domat gëtt aus dem Corsa-e de Corsa Electric. Mee et ass net just den Numm dee changéiert, et gëtt och eng Partie technesch Ännerungen ënnert dem Blech.
Mee fänke mer bei deene Saachen déi ee gesäit un. Bei engem Facelift denken ech fir d'éischt emol un optesch Retouchen.
An do ass déi markantst un der Front ze fannen, wou de Corsa dat neit Vizor-Markegsiicht dréit. Dat ass méi schaarf geschnidden, d’Loftaläss an der Calande bleiwen zou an d’Luuchte si méi schmuel. Facelift-Klassiker sinn dann nei Stoussfänger an nei Réckluuchten, an de Schrëftzuch "Corsa", deen elo iwwert d’ganz Breet vun der Mall gezunn ass. An am Sënn vum "Design Detox" gëtt alles wat Chrom ass ofgeschaaft.

Gëtt et dann och bannendran Changementer déi opfaalen?
Bannendran huet Opel d‘Steierrad liicht iwwerschafft, de Gangwiel-Schalter ass elo dee selwechte wéi am Astra an op Wonsch bidde behëtzte Sëtzer mat Massagefunktioun en Hauch Luxus. Iwwerdeems krut den Infotainment en Upgrade: Wireless Carplay an Android Auto, Over-the-Air Updates a Wireless-Charging sinn elo keng Friemwierder méi.

An Opel geet bei dësem Facelift awer méi wäit. Et gëtt nämlech och ënnert dem Blech gréisser Ännerungen…
An zwar kënnt eng nei Long Range Versioun dobäi. Bei där klëmmt d’Reechwäit vun 354 op 405 km no WLTP Norm. Méiglech gëtt dat duerch eng komplett nei Konstruktioun vun der Batterie, déi elo 51 kWh Stroum späichert a sech mat bis zu 100 kW um Schnelllueder fëlle léisst.

Nei ass och den op Effizienz getrimmten M3-Synchronmotor dee mat 156 PS méi Leeschtung (+ 20 PS) liwwert. Domat packt den Corsa Electric de Sprint op Tempo 100 an 8,1 Sekonnen, bei 150 km/h ass Feierowend fir d’Batterie ze schounen. Iwwregens läit déi voll Leeschtung nëmmen am Sportmodus a beim Kickdown un. Am anere Fall ass d’Leeschtung op 109 PS („Normal“), respektiv 82 PS („Eco“) limitéiert.
Ech si mer elo nach nët sécher ob dat no Fuerspaass kléngt. Wéi mecht sech de Corsa dann op der Strooss?
Vu richtegem Fuerspaass géif ech och am Sportmodus net schwätzen. Do feelt et um Gefill an de Sëtz gedréckt ze ginn wann een d’Gaspedal eng Kéier kräfteg dréckt. Gutt gefall hu mer déi direkt Lenkung an d’Fuerwierk, wat zwar duerch de kuerze Radstand mat Momenter e bëssen holpereg ass, awer generell e gudden Androck hannerléisst. Positiv ass och de Verbrauch ervirzehiewen: op eisen éischte flaachen 130 Kilometer ronderëm Rüsselsheim (e Mix aus Dierfer, Landstrooss an Autobunn) louch mäi Verbrauch mat 13,5 kWh méi niddreg wéi de WLTP Verbrauch. Schued dass Opel dem Corsa Electric kee One-Pedal-Mode spendéiert huet, an dass déi aktiv Verkéierszeechenerkennung net ze gebrauchen ass. Hätt ech mech drop verlooss, wier et nawell en deieren Test ginn.

Apropos deier. Kleng ass de Corsa jo mol, mee ass en och bezuelbar?
Ech mengen dat ass déi spannendst Fro: 36.861 Euro kascht de Corsa Electric mat der neier Batterie. Domat dierft de Corsa eng nei Clientèle uschwätzen. D’Zäite vum klenge bëllege Studenten-Auto sinn definitiv eriwwer.
