• De PLUS

    • Leeschtung
    • Veraarbechtung
    • Stroosselag
  • De MINUS

    • Gewiicht
    • Präis

Am Automag vun haut gi mer emol nees an déi beléifte Kategorie vun den SUV, an do direkt bei eng Premium-Mark, déi och hei zu Lëtzebuerg vill Fans huet.

Den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun war op d’Presentatioun vum neie Porsche Cayenne invitéiert.

Mëttlerweil huet ee sech dru gewinnt, dass ee mam Numm Porsche och d’SUV-Segment verbënnt. Huet de Cayenne d’Mark Porsche viru gutt 20 Joer aus enger wirtschaftlecher Kris eraus gerett, esou ass et haut e wichtege Bestanddeel vun der Gamm. Ugefaangen hat et mat der éischter Generatioun vum Cayenne mat engem 3,2 Liter VR6 Bensinner mat 250 PS. An Zäite vun Elektrifizéierung kënne mer haut déi neisten Ausbaustuf vum Cayenne virstellen, an do fält dann dat Wuert Hybrid.

RTL

Deemno si mer hei nach net beim rengen Elektro-SUV, ma e Verbrenner ass ëmmer nach mat u Bord?

Richteg... an deen eleng géif schonn duergoen, fir sou muncher Sportswon al ausgesinn ze loossen. Lass geet et mam Cayenne E-Hybrid mat engem 3 Liter V6 Turbo mat 305 PS. A Kombinatioun mam Elektromotor kënnt een op 470 PS a 650 Nm Dréimoment. Dat eleng kléngt jo scho mol richteg gutt.

Am Cayenne S E-Hybrid huet ee mam 3 Liter V6 Turbo da scho mol 353 PS. Mam neien Elektromotor kënnt een dann op eng Systemleeschtung vu 519 PS.

Wiem dat nach ëmmer net genuch Leeschtung ass, fir dee gëtt et dann de Porsche Cayenne Turbo E-Hybrid. Hei kënnt e 4 Liter V8 Twin-turbo mat 599 PS an den Asaz. Zesumme mam Elektromotor leien dann net manner wéi 739 PS an 950 Nm Dréimoment un. Dat geet duer fir de Sprint vun 0 op 100 an 3,7 Sekonnen... wéi gesot, an engem bal 5 Meter laangen an iwwer 2,5 Tonne schwéieren SUV, deen een och als Coupé kritt. Dat ass de stäerkste Cayenne, dee jee vum Band gelaf ass.

RTL

Ma domat net genuch... Porsche huet nach een drop geluecht, allerdéngs net bei der Leeschtung.

Genee sou ass et, ma net jiddereen wäert d’Méiglechkeet hunn, dësen och ze bestellen. Rieds ass vum Porsche Cayenne Turbo E-Hybrid Coupé mat GT-Package. Wat ass do anescht frot dir iech? Majo en ass iwwer 100kg méi liicht… den Daach ass aus Carbon… en anert Fuerwierk, wouduerch en 10mm méi déif läit… an z.B. nach méi steif Stabien un der viischter Achs. En Heckdiffusor a Spoiler aus Carbon dierfen natierlech net feelen, grad ewéi 22 Zoll Felgen am GT-Design, déi hannendrun d’Carbon-Bremsen ervirblëtze loosen.

RTL

D’Héchstgeschwindegkeet klëmmt vun 295 op 305 km/h an och de Sprint vun 0 op 100 geet 0,1 Sekonn méi séier. Am Interieur ass vill Race-Tex verschafft ginn (wat wuel méi bekannt ass ënnert dem Numm Alcantara), en 360mm Steierrad an d’Sportsëtzer gehéieren natierlech och an e GT. Wéi scho gesot, net jidderee wäert an de Genoss kommen, sech d’GT-Versioun ze bestellen, an domat viséieren ech elo net de Budget, ma en ass aktuell just fir d’Mäert an der EU, Japan, Hongkong, Taiwan a Singapur virgesinn.

RTL

Bei der Hybrid-Technik gouf op d’Erfarungswäerter aus engem richtege Spëtzesportler zeréckgegraff.

Virbild ass an dësem Fall de Porsche 918 Spyder, dee virun 10 Joer op der IAA virgestallt gouf. Et war den éischten Auto mat Stroossenzouloossung, deen op der Nürburgring Nordschleife ënner 7 Minutte fir eng Ronn gebraucht huet. Fir dorunner ze erënneren, stoung dann och e wonnerschéinen 918 Spyder um Circuit vu Castelloli a Spuenien. Mat deem hu mer awer leider net dierfe fueren.

RTL

Op deem Circuit konnte mer dann awer testen, wéi den Hybrid-Cayenne sech op der Rennstreck sou schléit. Ufanks war ech liicht skeptesch, well wann ee mat ronn 2,5 Tonnen eng Kéier mat iwwer 200km/h um Tacho ubremst, da sinn do scho massiv Kräften um Wierk. Ma d’Brems funktionéiert exzeptionell gutt an och d’Fuerwierk dréit dozou bäi, dass een de Cayenne mat e bëssen ënnersteieren nach ëm den Eck kritt. Impressionant ass dann d’Beschleunegung, wou ee muss oppassen dem Instruktor virdrun a sengem 911 net duerch d’Mall.... eehm pardon, de Motor ze fueren.

RTL

D’8-Gang-Automatik léisst sech och am sportleche Fuermodus gutt bedéngen an d’Ofstufung vun de Gäng passt net just op der Autobunn, ma och um Circuit.

Wann ee sech sou e Cayenne zouleet, mécht een dat jo awer net fir haaptsächlech domat um Circuit ze rennen. Wéi fiert e sech dann esou am normale Stroosseverkéier?

Op de schmuele Stroosse ronderëm Barcelona muss ee virun allem wéinst den dach groussen Dimensioune vum Cayenne oppassen, dass een net op eemol e Gefier aus dem Géigeverkéier ze pake kritt.

Ma alles an allem mécht de Cayenne näischt falsch. D’Veraarbechtung ass Porsche-typesch héichklassesch, d’Sëtzer si bequeem, d’Fuerwierk ass méi bequeem wéi bei munch anerem sportleche Konkurrenz-SUV an et kuckt een op e groussen Display, deen ee schonn aus dem Taycan kennt.

RTL

Och de Bäifuerer huet elo en 10,9 Zoll Display, wou ee jee no Land, och e Film drop streame kann.

D’Assistenzsystemer piipsen hei an do alt emol, ma dat kenne mer sou och vu ganz villen anere Marken, wat mer den EU-Regularien ze verdanken hunn. Doru musse mer eis wuel an Zukunft gewinnen.

Reng elektresch kënnt ee maximal bis zu 90 km an d’25,9 kWh-Batterie soll een ënner 2,5 Stonnen mat 11 kw kënnen op 100% oplueden. Dat konnte mer awer an där kuerzer Zäit wou mer de Cayenne haten, net testen.

RTL

Wéi fält däi Fazit dann elo aus? A wat kascht de Spaass?

Fans vu groussen, ma och sportlechen SUV’s fanne beim neien Hybrid-Cayenne sécherlech dat wat se sichen. Den Hybrid funktionéiert gutt a Leeschtung ass méi wéi genuch disponibel. Ob et elo e GT muss sinn mat 739 PS, vill Carbon an Titan-Auspuff-Anlag, fir domat op de Circuit ze goen, dorun zweiwelen ech.

RTL

Dann dach léiwer de Cayenne S oder den Turbo E-Hybrid mat enger Attache, an engem Cayman GT4 oder engem 911 GT3 hannen op der Remorque.

Präislech geet et lass bei 104.600 Euro fir de Cayenne E-Hybrid, fir den «S» sinn et nach emol 10.000 Euro méi. Bei engem Turbo muss ee minimum 171.000 Euro op den Dësch leeën a wann een och nach de GT-Package wëll, si mer bei iwwer 203.000 Euro. All dat virun Optioune selbstverständlech.

RTL