• De PLUS

    • vill Plaz
    • Verbrauch an Autonomie
    • Präis / Leeschtung
  • De MINUS

    • kaum als 7-Sëtzer ze gebrauchen
    • 3-Zylinder-Motor passt net zum Luxus Renault
    • Touchscreen léisst sech net intuitiv bedéngen

E Modell mat Traditioun, deen elo vum Van Segment an dat vum SUV, also Sport Utility Vehicle gewiesselt ass.

Trotzdeem kéint e jo awer ëmmer nach zu 7 op d'Rees goe mat him. Ob dat wierklech geléngt? Dat huet de Christian Schmit erausfonnt, a war mat him op e gréisseren Ausfluch.

Jo et war eng 1300km Tour. A wann een an enger Woch duerch de Grand-Duché, Däitschland, Frankräich, Schwäiz, Éisträich an de Liechtenstein ënnerwee war, da kann een dat behaapten.

Ouni elo gläich ze vill ze verroden, en agreabele Reesbegleeder ass den Espace op alle Fall, just net zu 7. Op 4m72 streckt sech den Espace, an ass u sech de Modell Austral an der Gamme mat enger Rallonge.

Wisou da net fir 7 Passagéier gëeegent?

Bon well den Accès op di hënnescht Sëtzer, also déi an der drëtter Rei, wierklech ganz beschwéierlech ass, an och d'Knéi a Kappfräiheet just klenge Kanner zouzemudde wier. A wann déi sech installéiert hätten, kaum nach Plaz fir Gepäck bléif.

RTL

Deemno léiwer di Sëtzer ëmgeklappt loossen, wat prima klappt, an dann eng riseg a flaach Mall zur Dispositioun steet. Do kann et da scho sinn, dass dir a Fro kommt fir beim Plënneren ze hëllefen.

An der éischter an zweeter Rei ass e wonnerbar opgehuewen. Chauffer a Passagéier dierfen esouguer Massage-Funktiounen notzen.

A wa mir da scho bannena sinn. D'Veraarbechtung ass top, an den Tableau de Bord wierkt ganz modern. Mee intuitiv léisst e sech net bedéngen. E risege Glasdaach suergt fir e ganz hellen Interieur.

RTL

Mat wéi enger Motorisatioun ass een dann ënnerwee?

Do ass de Choix séier getraff, deen oder keen. Renault proposéiert am Espace just en 1200er Bensinner mat 3 Zylinder, 131 PS an zwee Elektromotoren, déi esou eng Systemleeschtung vun 200 PS erlaben. En Zesummespill tëscht Bensinner an Elektro awer ouni Kabel. Fonctionéiert gutt, wann een net ze stuerazeg acceleréiert. Well soss gënnt sech de System eng Bedenksekonn a ruckelt beim Iwwergang.

Den 3-Zylinder-Sound passt och net grad zum luxuriéisen Renault. Koum iwwregens reng elektresch op respektabel 435km wärend dem Trajet vun 1300km.

Bei zeréckgeluechten 800 km muss een eng Tankstell usteieren. Et muss een awer och soen, dass net all ze vill Autobunnspassagen dra waren. Do sinn, wann erlaabt, 180km/h dran.

RTL

Wéi gesäit et da mam Fuerverhalen op der Strooss aus?

Et fält op, wéi maniabel den Espace ka sinn, well mir hate 4 Control u Bord vum Testauto. Di hënnescht Achs renkelt mat an esou kann e sech mam groussen SUV ouni Problem an e Sous-terrain trauen.

Bemol vun der Saach, och bei héijer Vitess ass de 4 Control aktiv, an da wierkt dat Ganzt dach éischter onharmonesch.

A punkto Confort gëtt et soss näischt ze meckeren, an der Ionic Versioun ass ganz vill Luxus u Bord, an och Navi an Entertainment woussten ze iwwerzeegen.

RTL

Wat géife mir dann a punkto Fazit festhalen, a wat kascht en eis?

Fänke mir vläicht mam Präis un. D'Präis / Leeschtungs Verhältnis geet mat ëm di 50.000 Euro fir de grousse Luxus Liner an d'Rei. D'Fro sief awer erlaabt, ob deene meeschten net de Modell Austral an der Gamme duer geet. Well wou fréier Espace drop stoung, war och Espace fir 7 Passagéier. Haut ass dat éischter fir 5 bequeem an di aner zwee, jo déi sollten am beschte Kontorsioniste sinn.

RTL

© Christian Schmit