• De PLUS

    • confortabelen an extrem doucen Hybrid-Undriff
    • gutt verschafft an equipéiert
    • nidderege Verbrauch
  • De MINUS

    • ganz liicht Brumme wann de Motor leeft

Viru genee zwee Joer hate mer den Nissan Qashqai schonn emol am Test, elo gouf e mat enger neier Motorisatioun presentéiert.

E-Power nennt sech deen dach e bëssen aneren Hybrid-System. Wat et domat op sech huet, dat huet de Paul Origer fir eis getest.

Automag: Nissan Qashqai e-Power

De Quashqai ass jo scho bekannt, du duerfs e jo scho virun zwee Joer emol fueren.

Genee a wien d’Geschicht vum Qashqai e bësse kennt, dee weess dat et genee dee Modell war, mat deem Nissan déi grouss Well vum kompakten SUV lassgetrëppelt hat. An dat net zu Onrecht. Wann een elo déi aktuell drëtt Generatioun kuckt, dann ass déi vum Design hir schonn emol richteg gutt gelongen. Zemools an der Topversioun wéi eisen Testauto, mat groussen 20-Zoll-Rieder an am moudesche Beton-Gro steet e wierklech flott do. Mee och ënnert dem Blech gëtt et näischt ze verstoppen. E geraimege Banneraum, exzellent Sëtzer, eng gutt Veraarbechtung an – typesch japanesch – alles dran wat ee braucht a begiert.

RTL

Déi grouss Nouvelle ass jo elo d’Motorisatioun E-Power an déi geet e bëssen hiren eegene Wee?

Jo, an dee Wee huet Nissan elo viru kuerzem och mam neien X-Trail ageschloen. Den Hybrid-System fonctionéiert net esou wéi mer et kennen, heescht de Verbrenner dreift d’Rieder un a kritt Hëllef vum Elektromotor, respektiv, den Elektromotor dee meeschtens an der Klack vun der Boîte sëtzt, dreift den Auto un. Beim e-Power ass et wéi deemools beim éischten Opel Ampera. Eenzegen Undriff ass den E-Motor an och nëmmen hien ass mat de Rieder verbonnen. 190 PS leescht d’E-Maschinn a gläicht där aus dem Leaf an dem e-NV200. D’Batterie ass awer relativ kleng a muss dofir reegelméisseg geluede ginn. Dat iwwerhëlt dann een 3-Zylinder Turbobensinner mat 158 PS, deen sech au Besoin bäischalt a méi oder manner Leeschtung ofgëtt.

RTL

Dat kléngt wierklech e bësse méi exotesch. Wat erwaart sech Nissan da vun deem System?

Den e-Power Hybrid soll am Fong all d’Virdeeler vun engem Elektroundriff bidden, sief et déi direkt a gläichméisseg Leeschtung, d’Feele vu Schaltpausen an den nidderege Geräischniveau. Awer ouni d’Nodeeler, sief et d’Oplueden an d’Angscht em déi elektresch Autonomie. An der Praxis fonctionéiert dat erstaunlech gutt. De Qashqai fiert sech wonnerbar domat, fiert dacks reng elektresch ouni datt de Bensinner noluede muss. Ass dat de Fall, da geschitt dat zimmlech diskret. Just ee liicht Brummen verréit, datt den 3-Zylinder leeft.

RTL

E bësse méi opfälleg gëtt et dann, wann een déi voll Leeschtung ofrifft. Dee Moment ginn d’Touren erop an et kënnt e bëssen de Feeling op, wéi bei engem Hybrid mat CVT-Boîte. Mee dat ass net laang néideg, vue datt et u Leeschtung absolut net feelt. An e Verbrauchsvirdeel gëtt et tatsächlech och. Iwwert déi ganz Testperiod vu ronn 700 km war eng Moyenne em 6 Liter ouni vill opzepassen ze erreechen. Op déi Manéier ass eng Autonomie vu bal 1000 km ze maachen, fir dee klengen Tank vu 55 Liter pas mal! An och de Fuerspaass kënnt net ze kuerz. Dofir hu se dem Qashqai eng relativ präzis Steierung an eng knackeg, net ze haart Fiederung verpasst.

Dat kléngt no engem ganz positive Bilan fir de Qashqai e-Power. Wéi gesäit et da beim Kont aus?

Do start de Qashqai e-Power an der Versioun N-Connecta bei eppes iwwer 41.000 Euro. Stafféiert een e voll aus wéi eisen Testauto, da wiere mer bei 48.000 Euro, allerdéngs bleiwen dann och guer keng Wënsch méi op.

RTL