• De PLUS

    • erfrëschenden Design
    • spuersame Verbrauch
  • De MINUS

    • RoadSign Assist net dauerhaft ze desaktivéieren
    • Fuerleeschtungen net esou sportlech wéi Design
    • Präis

Wiem e Prius oder e Corolla ze brav sinn, ka sech bei Toyota den C-HR mol ukucken.

Bei der zweeter Generatioun leet de japanesche Constructeur nach eng Schëpp drop. Wat nei ass, a wéi sech de Crossover fiert, weess den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp.

Automag: Toyota C-HR

Den C-HR ass e Modell dee polariséiert: entweder e gefält, oder et kann een näischt domat ufänken. Ronn 840.000 Clienten an Europa konnte sech fir den Design begeeschteren. Fir Toyota en Erfolleg a Grond genuch fir déi zweet Generatioun an der Belsch ze entwéckelen. Dobäi ass Toyota esouwäit gaangen, fir d’japanesch Ingenieuren fir dräi Joer an d’Belsch ze schécken. Den Auto ass also praktesch virun eiser Hausdier entstanen.

Den C-HR war an der éischter Generatioun schonn extrovertéiert, an dat bleift och esou. Op der Virstellung war vun engem "Showcar for you" rieds. D’Kanten am Blech sinn nach en Tick méi schaarf, d’Luuchten un der Front méi schmuel an déi hënnescht Partie mam Spoiler méi ausluedend. Deen ongewinnten Design verstoppt dann och gutt, dass en 4m36 laang ass.

RTL

© Akim Schmit

Gutt Plaz huet een awer nëmmen, wann ee Chauffer oder Bäifuerer ass. Gestéiert hu mech kuerz a schmuel geschnidde Sëtzer, an d'Réckbänk, déi éischter fir kleng Mënsche geduecht ass. Duerch déi Coupé-typesch flaach Daachlinn kann ee sech de Kapp beim eraklamme stoussen an d'Beefräiheet ass limitéiert. Vun Toyota heescht et, d’Zilgrupp wieren éischter Koppelen ouni Kanner, fir déi dat kee Critère wier. Den typesche Client géif sech éischter fir d’Nohaltegkeet interesséieren.

RTL

© Akim Schmit

Beim Undriff gräift Toyota ob den Hybrid-System zeréck, dee mer aus dem Corolla kennen an a senger 5. Generatioun ukoum ass. Ob ee sech fir den 1,8 Liter Basis-Motor mat 140 PS (103 kW) oder den 2,0 Liter Motor mat 197 PS (145 kW) entscheet, ass e perséinleche Choix. Am Test war den Ënnerscheed net esou grouss wéi erwaart. D'Fuerleeschtungen an de Verbrauch leien an der Praxis no beieneen.

RTL

© Akim Schmit

Am meeschten huet mech d'CVT-Boîte gestéiert, mat där ech einfach net waarm ginn. D'Leeschtungsentwécklung an d'Soundkuliss passen net beieneen. Obwuel d'Fuerwierk straff an dynamesch ofgestëmmt ass, an d'Lenkung präzis an neutral ass, gëtt aus dem C-HR kee Sportler.
Éischter fillt e sech do wuel, wou et gemittlech rullt a kënnt dann op eng Moyenne vu 4,9 bis 5,6 Liter op 100 Kilometer. E Plug-In Hybrid mat 66 km elektrescher Reechwäit kënnt am Fréijoer 2024. Eng elektresch Versioun ass net geplangt.

Den Toyota C-HR mam Basis-Bensinner steet mat 36.200 Euro an der Präislëscht, fir den 2 Liter-Undriff ginn op d'mannst 45.000 Euro fälleg. Gutt equipéiert kann ee mam C-HR ouni Weideres d'50.000 Euro packen.

RTL

© Akim Schmit