• De PLUS

    • Vill Plaz
    • cleveren Hybrid-System an Autonomie
    • en Allrounder
  • De MINUS

    • Präis-Hausse am Verglach zum Virgänger

Och Honda huet elo en éischte Plugin-Hybrid am Programm, deen een an Europa kafe kann.

De Modell ass am Mëttelklass-SUV-Beräich ze fannen an den Andy Brücker hat d'Geleeënheet éischt Andréck vum neien Honda CR-V ze sammelen, fir se mat iech ze deelen.

Automag: Honda CR-V

Den Honda CR-V gëtt et schonn zanter 1996 an et ass mëttlerweil déi 6. Generatioun, déi elo um Marché ass. An den USA an a China leeft e schonn zanter 2022 ma elo ass en och bei eis an Europa ze kréien. Den CR-V ass definitiv de Bestseller bei Honda, an dat soll mat der neister Generatioun och esou bleiwen.

RTL

© Andy Brücker

Wat huet geännert par Rapport zum Virgänger?

Do géif ech emol fir unzefänken d’Dimensiounen nennen. En ass ganzer 11cm méi laang ginn an huet doduerch och 4cm méi e laange Radstand. Dat wierkt sech positiv op de Fuercomfort aus, wéi mer op eiser Testfaart feststelle konnten. Baussen ass et e komplett neie Look... méi kanteg, manner ronn an eben den typeschen Ännerunge wéi Külergrill oder Luuchtendesign. Et ginn och manner Chromelementer wéi beim Virgänger. Ma och bei der Technik ginn et Nouveautéiten, sou ass den CR-V z.B. den éischten Honda, deen een als Plugin-Hybrid ka bestellen.

Et kritt een en awer och als Vollhybrid, also ouni dass een e muss un de Stecker hänken, fir dass ee kann elektresch fueren. Als Vollhybrid huet een e 57 Liter Tank fir de Verbrenner ze bedreiwen, an da just eng kleng Batterie, déi iwwert de Verbrenner geluede gëtt. An där Kombinatioun soll ee bis zu 970km mat engem Tank kommen.

RTL

© Andy Brücker

An der Plugin-Hybrid Versioun huet een am Fong just eng méi grouss Batterie (17,7 kw/h), dofir awer manner Plaz am Tank (47 Liter).

Den Hybrid-Undriff vun Honda ass nawell zimmlech clever, an dat huet ee sech och patentéiere gelooss. De Verbrenner ass een 2 Liter 4-Zylinder mat 148 PS. Dozou geselle sech dann zwee Elektromotoren. Ee vun deenen zwee funktionéiert awer reng als Generator, fir d’Batterie ze lueden. Deen aneren Elektromotor kann eenzel, oder a bestëmmte Situatiounen zesumme mam Verbrenner d'Rieder undreiwen. Dat gëtt dem ganze System eng grouss Flexibilitéit, dat bei 184 PS Leeschtung an 335Nm Dréimoment.

RTL

© Andy Brücker

Reng elektresch kann ee mam Plugin Hybrid ronn 80km fueren... am renge Stadverkéier kann dee Wäert awer och gär e  mol iwwer 100km goen.

E Verbrauch vu knapp iwwer 6 Liter op 100km ass uginn, woumat een dann och gutt a gär op 900km mat engem vollen Tank kënnt, wann ee mam Plugin ënnerwee ass.

Stäerkten am Interieur

Do ass et schwéier just eng Saach erauszepicken. D’Veraarbechtung ass wierklech op héijem Niveau, wéi z.B. d'Aarm-Oflag un der Dier ass aus gepolstertem Lieder, d’Sëtzer si gehëtzt a belëft, den Infotainment-System ass intuitiv an huet nieft dem 9 Zoll groussen Touchscreen och nach Knäppercher an en Dréirad. Den Tacho-Display kann een individuell mat deenen Infoe beleeën, déi engem am wichtegste sinn... dat sinn alles Saachen, déi engem dobäi hëllefe sech wuel ze spieren.

RTL

© Andy Brücker

An dat ass och e gutt Stéchwuert, well wann een hanne sëtzt, fillt ee sech besonnesch wuel. Et huet ee vill Plaz, an d’Réckbänk, déi zwee-gedeelt ass, kann een och nach eenzel an der Déift verstellen, ganzer 19cm no vir, respektiv no hannen. Och de Réck kann een am Wénkel verstellen, sou dass een eng immens bequeem Rees-Postioun anhuele kann.

RTL

© Andy Brücker

Dat wierkt sech dann och op d’Mall aus, well déi ass 100 Liter méi grouss gi wéi beim Virgänger, op elo 587 Liter. Wann een d’Réckbänk dann nach ëmleet, sinn et souguer 1.700 Liter. Dat ass richteg vill Plaz! Agreabel ass dann och déi ganz niddreg Luedkant, sou dass ee sech kee Broch muss hiewen, beim Aluede vun enger schwéierer Wallis zum Beispill... an d’Luedkant ass och nach beliicht.

RTL

© Andy Brücker

Fazit?

Ech muss soen, den CR-V huet mech iwwerzeegt op deene Kilometer, déi ech den annerhallwen Dag vum Test konnt fueren. Hei muss ee bedenken, dat sinn net wierklech vill Kilometer, well ee sech den Auto och nach mat engem Journalistekolleeg deelt. Ma wat ech scho mol konnt zeréckbehalen ass: E bitt Comfort, vill Plaz, en uspriechenden Design an eng clever Hybrid-Technik. Do mussen d’Konkurrente BMW X3, Volvo XC60, Hyundai Santa Fe, Mercedes GLC a wéi se nach all heeschen, sech waarm undoen, well den CR-V ass definitiv eng Alternativ, déi ee sech sollt ukucke goen, wann een driwwer nodenkt sech en SUV an där Gamme zouzeleeën. Wa mer den CR-V och hei heem nach emol an den Test sollte kréien, kucke mer ob en och iwwer länger Zäit kann iwwerzeegen.

Präislech geet et lass bei knapp iwwer 46.000 Euro fir den Frontgedriwwene Full Hybrid. Fir de Plugin muss een da scho 60.000 Euro op den Dësch leeën, virun Optiounen. Ma dat kaschten d'Modeller vun der Konkurrenz och.

RTL

© Andy Brücker