Nissan Juke Hybrid N-Design
-
De PLUS
- Gutt Boîte
- Elektro- a Bensinnudriff harmonéiere gutt
- Manner Geräischer wéi beim Virgängermodell
-
De MINUS
- Just an der "N" Versioun ze kréien
Den Juke war bis elo quasi e "Selbstläufer". Déi neiste Versioun kënnt elo eng éischte Kéier als Hybrid.
Zanter 2010 ass den Nissan Juke um Marché. Schonns e puer Mol hat d'Ekipp vum Automag de klenge Japaner am Test. Elo gëtt et nees eng Neierung. Den Juke ass elo als Hybrid Versioun ze kréien. Fir eis huet de Rich Simon den Auto getest. An och fir dech Rich, war et net den éischte Juke deen's du ënnert de Rieder has....
Dat ass genee richteg wéi's du et gesot hues. Et ass awer logescherweis den éischten Hybrid. Aktuell gouf et just eng eenzeg Motorisatioun. An dat war een 1 Liter Turbo, 3 Zylinder mat 114 Päerd. A bei deem sinn d'Meenungen e bëssen ausenee gaangen. Fir déi eng war d'Motorisatioun gutt, déi aner, an zu deenen zielen ech mech, war den d'Juke e bëssen ënnermotoriséiert.

© Rich Simon
Lo ass den Hybrid do a mat him och méi Päerd ënnert der Hauf. Aus deenen 114 sinn der 143 ginn, woubäi der 94 vum Bensinnsmotor kommen an 49 aus dem Elektromotor bäigesteiert ginn. Déi dinn dem Auto gutt. Dat selwecht gëllt iwwregens fir déi nei Boîte. Och déi passt elo besser bei den Juke Hybrid, wéi déi normal 7 Gang Automatik beim renge Verbrenner, déi sech dach e bësse schwéier gedoen huet.
Op der Strooss
Aus em Stand bis op 100 brauch den Juke Hybrid 10,1 Sekonn. Wat de Verbrauch ugeet, dee gëtt Nissan mat 5 Liter op 100 Kilometer un. Un dee sinn ech net eru komm. Um Enn sinn ech mat 6 Liter iwwer déi Lëtzebuerger Stroosse gefuer, wat awer ganz ok ass. Zum Vergläich beim normalen Juke hunn ech 7,2 Liter op 100 Kilometer gebraucht. An dat bei ronn 30 Päerd manner. D'Kombinatioun aus Elektroundriff a Bensinnsmotor funktionéiert ganz gutt.

© Rich Simon
Du kanns tëscht 3 Modusse wielen: Den "Eco", den "Normal" a "Sport". Den Auto fiert sech am normal Modus awer ganz kloer, am beschten. Wann s de an der Stad ënnerwee bass, da rulls de praktesch zu 100 Prozent mat Elektresch, well de Verbrenner eréischt bei ronn 50 an der Stonn uspréngt. Den Nissan Juke Hybrid ass kee Plug-In Hybrid. Dat heescht, den Akku gëtt just iwwert de Verbrenner, respektiv duerch d'Bremse gelueden. Un der Steckdous ass et net méiglech d'Batterie opzelueden.

© Rich Simon
Um Design ass souwuel banne wéi bausse bësse retuschéiert. D'Aerodynamik soll dobäi verbessert gi sinn. Dat kann een natierlech am normale Verkéier net richteg testen, allerdéngs hat ech d'Gefill, wéi wann den neien Juke manner Wandgeräicher mécht, wéi de Virgänger Modell.
Fazit
Ech denken, datt Nissan mat der Hybrid-Versioun ee gudde Coup gelongen ass. Den Juke ass souwisou praktesch ee "Selbstläufer", deen ëmmer nees seng Clientèle fënnt. Dat war vun Ufank un de Fall, wou bis déi éischt virun 13 Joer vum Band gelaf sinn. D'Fro déi ech mir stellen ass déi, ob den normale Verbrenner fir den Juke nach eng Zukunft huet? Dee kascht an der einfacher Versioun zwar nëmmen 23.967 Euro, vis à vis vun den 31.636 Euro, déi ee muss fir d'Hybrid-Versioun dohinner leeën. Dofir huet een awer bei der Hybrid-Versioun, déi een och just an der Top-Versioun "N-Design" kritt, ganz einfach méi Auto, mat logescherweis och manner Sprit-Verbrauch.

© Rich Simon