• De PLUS

    • Ofstëmmung vum Fuerwierk
    • "normalen" Design
    • Veraarbechtung besser wéi bei aneren ID-Modeller
  • De MINUS

    • Kaum Choix bei de Fuerwen
    • Sproochassistent net ëmmer op Zack
    • Nach ëmmer Touch-Knäppercher um Steierrad

Bei der VW-Ënnermark ID gëtt et mam ID.7 Zouwuess, an deen ass nawell zimmlech grouss ausgefall.

Den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp huet sech den Topmodell aus der elektrescher Gamme vu VW net just ugekuckt, mee a Südfrankräich fir eis ganz genee ënnert d’Lupp geholl.

Automag: Volkswagen ID.7

2019 huet VW mam ID. 3 de Grondsteen fir d’Elektro-Offensiv geluecht. Mëttlerweil huet de Grupp eng ganz Famill un Elektromodeller opgebaut. Nom ID 3, 4, 5 a 6 steet elo – wéineg iwwerraschend – den ID. 7 un. An dësen ass net just fir Europa, mee och fir Asien, Nord-Amerika a China bestëmmt. Mir hunn hei also mat engem Weltauto ze dinn. An ech huelen et gläich vir ewech: VW huet vill richteg gemaach, an den ID. 7 kéint de Passat ofléisen.

Dat kléngt villverspriechend. Mee fänke mer beim Design un: fir mech gesäit den ID. 7 wéi e gewéinleche VW aus?

An dat ass e Kompliment! D’Zäite wou d’Karosserie méi futuristesch war, ewéi den Undriff, sinn zum Gléck eriwwer. Den ID.7 ass eng erwuesse Mëttelklass Limousine déi mat hirem Design kaum polariséiert. Diskussioune gëtt et héchstens wann et ëm d’Parke geet: mat enger Längt vu 4,96m ass den ID.7 de gréissten ID-Modell.

RTL

Wat erwaart eis dann am Banneraum?

Virun allem Plaz: esouwuel an der éischter Reih ewéi och op der Réckbänk. Eisen Testauto hat déi optional ergoActive-Sëtzer déi mat Massagefunktioun (Réck a Becken) a Fiichtegkeets-Sensor fir – al dech un – eng automatiséiert Belëftung vum Réck ekipéiert sinn. D’Klimaanlag ass dann och ewell smart: d’Loftausläss sinn elektronesch gesteiert, manuell Ännerunge bleiwen iwwert den zentrale 15 Zoll Ecran vum Infotainment-System méiglech. Bei mir ware se awer esou gutt wéi net néideg.

RTL

An engem modernen Auto ass deemno alles vernetzt?

Jo, woubäi dat an dësem Fall awer net stéiert, well d’Systemer déi néideg Intelligenz matbréngen a wéineg Input vum Chauffer brauchen. A wann, dann hëlleft d’IDA, dat ass de Sproochassistent. E positiven Nieweneffekt vun deem ganzen ass e puristesch-opgeraumte Cockpit. Och d’Instrumenter sinn op dat Wesentlecht reduzéiert. Méi Informatioune liwwert den Head-Up Display mat Augmented-Reality.

Vill Technik deemno am Banneraum, awer och ënnert dem Blech. Wéi steet et ëm Leeschtung, Batterie a Reechwäit?

Fir den Undriff suergt en 210 kW (286 PS / 545 Nm Dréimoment) Elektromotor un der hënnschter Achs. Dat ass genuch fir d’Limousine a 6,5 Sekonnen op Tempo 100 ze bréngen ier bei 180 km/h Feierowend ass. De Stroum dofir stécht an enger 77 kWh Batterie. D’Reechwäit soll bei 621 km leien, esou huet VW ëmmer nees vun enger „Reeslimousine“ geschwat. Eng méi grouss Batterie léisst sech awer schonn um Horizont erkennen…

A mengem Test louch de Verbrauch mat 18,9 kWh op 100 km iwwert de Wäerter um Pabeier (16,3 – 14,1 kWh/100km). Dat ass fir eng Limousine vun dëser Gréisst mat 3 Erwuessenen a Gepäck an der Mall ëmmer nach e gudde Wäert. Noluede léisst sech d’Batterie iwwregens mat bis zu 175 kW.

RTL

Eng Reeslimousine definéiert sech an der Regel duerch hire Confort. Wéi mecht sech den ID.7 op der Strooss?

Nawell richteg gutt! D’Lenkung huet déi néideg Prezisioun ouni nervös ze sinn an d’Fuerwierk bréngt et fäerdeg d’Gewiicht vum Auto (2.172 kg) ze verheemlechen a fir e Fuerconfort ze suergen, deen ech bei Elektroautoen an der Reegel vermëssen. Dofir suergen elektronesch verstellbar Dämpfer, déi bis zu 1.000 Mol an der Sekonn – also an Echtzäit- un den Ënnergrond ugepasst ginn. Bei méi dynamescher Fuerweis ass dann de Sportmodus unzeroden, do gëtt d’Fuerwierk däitlech méi straff en e läit besser an de Kéieren.

Last but not least… wat muss ech dann op den Dësch leeë fir esou en ID.7?

Den ID.7 steet mat 60.920 Euro an der Präislëscht. Dat ass nët bëlleg awer fair. A wien (nach) méi Plaz brauch, dee muss sech nach e bësse gedëllegen. VW bréngt den ID.7 och als Kombi ("Tourer") eraus.

RTL