Renault Clio Hybrid
-
De PLUS
- Präis/Leeschtung
- flotten Design
- Gutt verschafft
-
De MINUS
- Zum Deel vill Motorgeräischer
- Kleng an onpraktesch Mall
Am Test hat de Rich Simon de Renault Clio E-Tech Full Hybrid Esprit Alpine. Dee krut ee Facelift.
De Rich Simon huet dee méi genee ënnert d'Lupp. De klenge Fransous dierft wuel jiddwerengem bekannt sinn...
Dovunner ginn ech emol aus. Schliisslech gëtt et de Clio schonns zanter 1990 an elo si mir an der 5. Generatioun ukomm. 1990 huet de Clio iwwregens de legendären Renault 5 ofgeléist. Dat war alles anescht wéi eng einfach Successioun. D'Rechnung ass awer opgaangen. Dee Renault 5 kënnt awer elo och zeréck an dat mat 100 Prozent Elektroundriff. Zeréck bei de Clio. Déi Versioun, déi ech am Test hat war d'Esprit Alpine.

Wann een Alpine seet, dann denkt ee sportlech. Sportlech gesäit de Clio och aus, mat zum Beispill flotten 17 Zoll héijen an och coole Felgen. Fir de Facelift gouf un de Luuchte gebastelt, dem Külergrill an d'Aerodynamik ass och verbessert ginn.
Den Esprit Alpine huet Schuelesëtzer, déi och an eng richteg Sportsmaschinn géife passen a beim Clio dach awer bëssen "to much" wierken. De Clio ass nämlech keng Rakéit op der Strooss. 145 Päerd stinn am Ganzen zu Verfügung. Dat sinn der 5 méi wéi beim Virgängermodell. 94 Päerd kommen aus engem 4 Zylinder Bensinner an déi aner vun zwee Elektroaggregater.

Op der Strooss
Den Auto fiert sech gutt. Dat kann ech mol direkt soen. Bis 75 Kilometer, sou gëtt Renault dat un, soll ee reng elektresch ënnerwee sinn. Dat ass awer an der Realitéit net esou. De Bensinner spréngt schonns éischter un. Zum Deel mat relativ vill Kaméidi, wat e bësse stéiert. Soss ass den Iwwergang vun Elektro op Sprit awer agreabel an ouni vill Geruckels. Dat gëllt och fir déi automatesch Boîte.
Bei engem Gewiicht vun iwwer 1.300 Kilo brauch de Clio fir de Sprint vun 0 op 100, 9,9 Sekonnen. Am Zäitalter, wou reng Elektroautoen, sech mat besseren Acceleratioune permanent bekrichen, sinn déi knapp 10 Sekonnen vum Renault Clio eng Zäitrees an déi gutt al Vergaangenheet. Dat ass awer absolut net béiss gemengt. Ee klengen Auto wéi de Clio muss net mat engem Porsche mathalen. Hie soll säin Zweck erfëllen an dat mécht den Auto och relativ gutt.

Wat bedeit dat konkret, wann´s du sees relativ gutt?
De Clio ass ee klengen Auto mat awer 5 Plazen. Wann awer zwee grousser vir am Auto setzen, da gëtt et hanne ganz enk. Enk ass et och an der Mall. Déi huet an der Hybridversioun 90 Liter manner, wéi bei deene anere Versiounen. Dat ass duerch d'Akkuen, déi mussen agebaut ginn. Dobäi kennt och nach, datt d'Mall eng grouss Kant huet, iwwer déi een dann zum Beispill seng Gedrénkskëscht oder Akafstute muss hiewen. Déi ass net praktesch an net grouss.

Fazit?
De Clio Esprit Alpine gesäit richteg sportlech aus. Dobäi huet Renault et fäerdeg bruecht, mat klengen Detailer den Ënnerscheed ze maachen. Dat geléngt net all Mark. An der Woch wou ech den Auto hat, sinn ech ronn 500 Kilometer mam Clio gefuer. De Verbrauch louch bei 5,4 Liter. Dat ass ganz ok. Zum Vergläich. Beim Nissan Juke, mat enger änlecher Motorisatioun, louch de Verbrauch bei 6 Liter.
Och beim Präis kann de Renault Clio Hybrid Esprit Alpine punkten. Et kritt een de klenge Fransous schonns vun 22.050 Euro un an domadder ass hie méi wéi konkurrenzfäeg. Virun allem well hien och duerch Bank ganz gutt verschafft ass.
Ech hu mir de Spaass gemaach fir den Auto esou deier wéi méiglech ze konfiguréieren. An do sinn ech op ee Präis komm vun 29.144 Euro. Dann huet een ënnert anerem gehëtzte Sëtzer, eng Bose Soundanlag, déi typesch Alpin Blo Faarf a.s.w.
