Neijoerschinterview mam Allain Dasthy

Allain Dasthy / © Christian Schmit
Am Automag ass et eng Traditioun, dass deen 1. Sujet vum neie Joer en Interview mat engem Personnage aus der Welt vum Automobil oder der Mobilitéit ass.
Déi Kéier war de Christian Schmit op Besuch beim President vum "Ordre des Experts Indépendants et Professionels en Automobile", Allain Dasthy.
Deen "Ordre des Experts en Automobiles" dee gëtt et zënter 1981. E Mann dee nu wierklech säi Metier kennt, an och verschidde Meeschterkaarten huet, ass effektiv hire President Allain Dasthy. Expert ginn an Expert sinn ass zweeërlee, mengt mäi Vis à vis. Wéinst der joerelaanger Erfahrung lande bei him och regelméisseg komplex Affaire fir Avis a Rapport déi um Geriicht plädéiert musse ginn.
Wéi gesäit da graff déi deeglech "Job Description" aus?
Beschiedegt Auto kucken ze goen. Rendezvousen ze maachen mat de Leit an dem Garagiste. Da gi mir d'Schied kucken a bewäerten, wat do futti ass, a wat muss gewiesselt ginn. De Modus operandi fir d'Reparatur gëtt kontrolléiert. Do gëtt do eng Conventioun gemaach op der Plaz, festgeluecht wéi den Auto muss reparéiert ginn, de Schued ausgerechent, an dat gëtt dat un dee kommunikéiert, un deen, deen de Schued muss bezuelen.
Op d'Joer 2023 zeréck gekuckt, wat huet den Allain Dasthy dann do esou "beweegt"?
Also reng op Branche bezunn, muss ech soen, dass et mech ëmmer nees stéiert wa Leit onnéideg an Accidenter mat Autoen oder Motoen leie bleiwen. Well dat dacks ganz domm Ursaache sinn, wéi zum Beispill wat negligéiert gëtt, ass den Handy um Steier, wat fatal ass.
Wat wënscht ee sech vläicht fir 2024, oder wéie e Message wéilt ee vermëttelen?
Also op kee Fall op Internet an esou weider Autoen am Ausland kafen, wou dann ëmmer déi selwecht Story verzielt gëtt: Keng Kilometeren, net hei a net do. A sou bal d'Autoen dann hei am Land sinn, a mir kréie si ënnert d'Fangeren, da gesäit een, dass dat Autoe waren, di schwéier accidentéiert waren, Kilometeren zeréck gedréint asw. Also en Appell un d'Leit, Autoe besser territorial ze kafen, do hu mir eng besser Emprise wa Problemer sinn.
Sou, an elo huele mir eis Plaz als Bäifuerer nieft dem Allain Dasthy. Wat ass hie fir e Chauffer?
Et ass ëmmer schwéier sech selwer anzeschätzen. Also ech géing mengen ze behaapten, dass ech en zügege Chauffer sinn. Ech sinn een dee relativ séier vun A no B kënnt.
Di neisten Technologie am Auto, oder léiwer en Oldtimer?
Also ech sinn e Fan vun Oldtimer, di Leit déi mech kennen, wëssen dass ech gären un ale Maschinne schaffen. Sinn e V8 Fan, an hunn di al Technologie ganz gär.
Ëmmer den Auto, oder och vläicht emol den ëffentlechen Transport?
Duerch den Job souwisou nëmme mam Auto, mam ëffentlechen Transport wäer dat absolut net méiglech.
Gëtt de Volant emol mam Guidon getosch?
Ech selwer sinn ëmmer ganz vill Motorrieder gefuer. Hunn der och nach ëmmer, Enduro beispillsweis. Fan vun alles wat leeft. Ech fuere awer alles, reegelméisseg mam Camion, Bus an och Trakteren.
Elo mol éierlech, wou steet de Punktekonto dann?
Also mäi Punktekonto ass op 12 Punkten!
A vun eisem Invité dem Allain Dasthy kommen dann och nach d'Gléckwënsch fir d'neit Joer?
Jo ech wënschen natierlech all de Nolauschterer e glécklecht, a virun allem e gesond neit Joer 2024 . An ech wënschen all Mënsch, dass en net an esou eppes ganz Schlëmmes verwéckelt ass, wou ganz schlëmm Sinistere sinn, mat Suitten, déi heiansdo mënschlech net ze droe sinn.
Deem kënne mir eis aus der Automag-Ekipp nëmmen uschléissen.