Porsche Macan, an Zukunft reng elektresch
De Macan ass bei Porsche definitiv e Bestseller. Ob en et bleift, muss en 2024 beweisen: déi zweet Generatioun fiert nämlech reng elektresch.
Den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp war viru Kuerzem a geheimer Missioun op Leipzig a krut en Abléck an dat wat eis erwaart.
Iwwert déi lescht 9 Joer huet Porsche de Macan ronn 800.000 Mol gebaut. E Bestseller, fir dee geschwënn déi lescht Stonn geschloen huet. Déi zweet Generatioun steet an de Startlächer, an dat ouni potente Bensinner ënnert dem Capot, mee mat Batterie an Elektro-Motor u Bord. Nieft dem Taycan ass de Macan domat den zweete Porsche, deen op e reng elektreschen Undriff setzt. Dass ee sech dobäi direkt de Bestseller virknäppt, iwwerrascht dann awer schonn e bëssen.

© Porsche AG
Ech ginn dovun aus, dass se bei Porsche wësse, wat se maachen?
Virun allem hu se vill Fangerspëtzegefill bewise. Beim Design ass eng Evolutioun a keng Revolutioun ze erkennen. De Macan bleift als Macan ze erkennen, woubäi d’Luuchten op d’Famill mam Taycan uspillen, genee esou wéi bannendran, wou ee sech direkt erëmfënnt.
Ob de Macan un den Erfolleg vum Virgänger uknäppe kann, hänkt awer och un de Fuerleeschtungen. Wéi gesäit et aus, Top oder Flop?
Ob d’Porsche-Fans sech fir e reng elektresche Sport-SUV begeeschtere wäerten, muss sech nach weisen. Dat bescht Mëttel dofir, ass einfach eng Kéier matzefueren. Selwer um Virseriemodell ze fuere war nach net méiglech, en éischten Androck konnt ech mer vum Bäifuerersëtz aus maachen. An dat op der Wierksstreck zu Leipzig mat engem vun de Porsche-Ingenieure perséinlech hannert dem Steierrad. An do bleift engem d’Loft ewech.

© Porsche AG
An Zuelen: 450 kW (612 PS) an iwwer 1000 Nm Dréimoment suerge fir impressionnant Fuerleeschtungen. Ënner 4 Sekonne gi fir de Sprint vun 0 op 100 km/h duer – an dat bei engem Gewiicht vu gutt 2,3 Tonnen. Domat iwwertrëfft den Elektro-Macan den aktuelle Macan GTS. D’Stäerkte vum Elektorundriff sinn d’Beschleunegen aus enke Kéieren eraus, d’Lenkung un der hënneschter Achs dréit hiren Deel dozou bäi, dass et sech ufillt, ewéi op Schinnen ze fueren.
Esou SUV’en spille ganz dacks mat der Offroad-Optik. Dierf den Elektro-Sportler knaschteg ginn, oder besser net?
Ech hätt op "besser net" getippt, ma bei Porsche wollte se eis dann awer weisen, dass de Macan och nieft der Rennstreck eng gutt Figur mécht. Den Offroad-Fuermodus ass net just fir schéin ze maache: ob géi Hiwwelen erop oder Waasser-Duerchfaarten: de Macan kann et, an dat ass gutt ze wëssen.

© Porsche AG
Och wa kloer ass, dass déi meescht Exemplairë kee Bulli tëscht de Batteriezelle wäerte pechen hunn. Schonn eleng wéinst dem Präis. Deen ass zwar nach net gewosst, ma en dierft iwwert deem vum Spëtzemodell GTS leien, dee bei 95.000 Euro start.
Et gëtt beim neie Macan awer och eng Zort Basis-Modell…
An déi huet manner Leeschtung an nëmmen ee Motor. D’Plattform deelt sech den neie Macan mam Audi Q6-etron, bei deem mat enger Entrée de Gamme vun 275 kW (375 PS) gerechent gëtt. D’Batterie-Kapazitéit läit allkéiers bei 100 kWh, dat soll fir eng Reechwäit vu 500 Kilometer duergoen. Geluede gëtt mat 270 kW, mam 800 Volt-Netz léisst sech den Akku am Optimalfall an 22 Minutte vun 10 op 80 Prozent oplueden.
Wéi dat ganzt an der Praxis funktionéiert – a wéi e sech da fiert wann ee bis hannert dem Steierrad sëtzt - muss e spéideren Test weisen. Den neie Macan kënnt am Fréijoer 2024.

© Porsche AG