GWM WEY 03
-
De PLUS
- interessante Präis
- vill Plaz
- europäeschen Design
-
De MINUS
- Ergonomie net op der Héicht
- schlecht Ofstëmmung
- Bremsen ze schwaach
Ëmmer méi Hiersteller aus China hunn Europa als Marché um Radar. Een dovunner ass GWM.
Woufir dës dräi Buschtawe stinn, a wéi sech de WEY 03 an der Praxis schléit, weess den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp.
GWM – kuerz fir „Great Wall Motor” ass ee vun de gréissten Autoshiersteller a China a ganz niewebäi och Partner vu BMW bei der Entwécklung vum neie Mini. Fir e bësse Kontext ze ginn: GWM baut zanter 1984 Camionen, 1990 koumen déi éischt Autoen dobäi, an 2022 huet GWM iwwer 1 Millioun Autoe gebaut. Déi meescht dovu sinn a China ugemellt ginn, nëmmen ee Fënneftel ass an den Export gaangen.

© Akim Schmit
Dat soll sech awer elo änneren. GWM wëll sech mat eegene Modeller an Europa etabléieren a bréngt mam WEY 03 a WEY 05 gläich zwee SUV’en op d'Strooss, déi géint Audi, BMW a Mercedes untrieden. Zu Roum stoung de WEY 03 am Fokus, e Premium Plug-In Hybrid SUV an der Gréisst vun engem BMW X3.
Éischten Androck
De WEY 03 wierkt immens europäesch: dat fänkt u beim Design, deen un e „Best of“ vum aktuelle Marché erënnert (DS, Jaguar, Volvo a VW koume mer an de Kapp): an der Kombinatioun näischt wat hänke bleift, awer och näischt wou een de Kapp rëselt. Och bannendran ass e gutt verschafft a wierkt héichwäerteg. GWM ass zwar en Europa en neien Hiersteller, ma a China scho laang am Geschäft, an dat mierkt een.

© Akim Schmit
Den Undriff
De Wey 03 kënnt als Plug-In Hybrid an zwou Varianten. Lass geet et bei 367 Päerd (Frontundriff). Wiem dat net duergeet, proposéiert GWM d’Allrad-Versioun déi ech probéieren duerft a 442 Päerd bei 685 Nm Dréimoment op de Makadamm bréngt. Houfreg ass ee bei GWM och op déi 34 kWh Batterie, déi 139 km elektresch Reechwäit versprécht a fir e sprëtzege Start bei der rouder Luucht suergt. A 5,3 Sekonne geet et op Tempo 100, eréischt bei 230 km/h ass Feierowend. Séier ass de Wey 03 och beim Lueden: un der Wallbox gëtt mat 11 kW gelueden, oder mat 50 kW Gläichstroum.

© Akim Schmit
Dat kléngt elo ze perfekt fir Wouer ze sinn. Wou ass den Hoke bei der Saach?
An engem Wuert: d’Ofstëmmung. D’Fuerwierk ass haart an holpereg, et feelt Allgemeng u Confort, d’Steierung ass onpräzis a schwammeg an d’Bremse misste besser zoupaken. Kritik gëtt och fir d’Ergonomie: d’Kappstaipen an de Verstellberäich vum Steierrad hunn net gepasst. Entweder meng Been sinn ze laang, oder meng Äerm ze kuerz – dat ass mer bis haut awer nach net opgefall. An och bei den Assistenz-Systemer muss nogehollef ginn: dat Gepiips, Geblénks a Vibréierts huet mech op d'Palm gedriwwen.

© Akim Schmit
Deemno e ganz duerchwuessene Fazit…
Duerchwuess, jo, awer vill vu menge Kritikpunkte kënnen iwwer Software-Updates behuewe ginn. Wéi séier reagéiert gëtt, bleift ofzewaarden. Hiersteller aus Japan a Korea missten och duerch d’Feier goen a sinn haut fest Gréissten op eise Stroossen. De Wey 03 soll an der éischter Hallschent vum Joer op Lëtzebuerg kommen, lass geet et bei ënner 50.000 Euro.

© Akim Schmit