BYD Seal
-
De PLUS
- Gelongenen Design baussen a bannen
- Präis-Leeschtung
- Fuerwierk an Traktioun
-
De MINUS
- Assistenzsystemer sinn nach ze verbesseren
- Luedzäiten éischter "normal"
Eng nei Autosmark ass amgaangen hire Wee op Lëtzebuerg virzebereeden: BYD oder Build Your Dreams.
Ee Modell vun der Mark aus China, den Dolphin, hate mer schonn hei am Automag. Elo ass et un der Nummer zwee aus den “Ocean Series”, dem Seal. De Paul Origer war fir eis op der Presentatioun zu La Hulpe bei Bréissel derbäi.
Build your Dreams ass warscheinlech ville Leit kee Begrëff an dobäi ass et awer eng grouss Firma! Iergendwéi hate mer awer schonn all indirekt mat hinnen ze dinn. Build your Dreams ass e grousse Betrib mat 600.000 Mataarbechter an huet bis ewell haaptsächlech Batterië gebaut. 2003 war de Start am Automobil-Secteur, deels och zesumme mat anere grousse Marke wéi Mercedes. Hir eege Gamm ass awer eng komplett “in-house”-Entwécklung.
An do goufe schonn eng Partie Modeller lancéiert, déi mir elo net esou matkritt hunn. Viru kuerzem hate mer hei am Automag awer schonn den Dolphin an elo ass et um Seal, erfrëschenderweis keen SUV mee eng sportlech flaach 4-diereg Limousine oder wéi et haut am moderne Jargon géing heeschen: ee Coupé mat 4 Dieren. Formal a vun de Proportiounen hir ass ee klenge Glach mam Mercedes EQE oder Tesla Model 3 do, dem Seal seng Form ass awer och dem Wandkanal geschëlt. Fir mäi Goût fannen ech e gutt gelongen an net ze grouss geroden. Och wat de Premium-Usproch vu Build Your Dreams betrëfft, esou besti mam Seal do gutt Chancen.

Wéi ass et mam Interieur?
Optesch uspriechend gemaach, mat villen organesche Formen wéi et fir hiren Ocean Design üblech ass. D’Lieder ass zwar syntheetesch oder wéi se haut soen, vegan, fillt sech awer agreabel un. Och soss gëtt et net vill ze meckeren. Kloer, haarde Plastik ass do mee dee fënnt een och am däitsche Premium-Secteur.

Op de Pawee-Stroossen ronderëm La Hulpe huet op jidder Fall näischt gekréckelt oder gerabbelt. Sëtzen deet een och ganz gutt am Seal; Plaz fir Kapp a Been ginn et trotz dem Design fir meng Kierpergréisst genuch. Déi sportlech niddereg Silhouette engt och net iwwerméisseg an, de Panoramadaach a frëndlech Fuerwe bannenan suergen dofir, dat ee sech wuel fillt.
Den éischte Kontakt schéngt da schonn emol ganz gutt verlaf ze sinn. Stécht dann ënnert der schéiner Schuel och ee brauchbare Kär?
Eisen Testauto war een Excellence mat Allrad an 390 kW-Elektroundriff. Richteg héieren, 530 PS sinn an der Topversioun um Start! An dat weist de Seal och houfreg mam Badge 3.8s um Mallendeckel, well genee esouvill Sekonne brauch de Sport Sedan op 100. An der Praxis hält et och dat wat et versprécht. Eng wierklech enorm Beschleunegung déi och, Merci Allrad, op der Strooss ukënnt, an déi d’Fuerwierk net aus der Rou bréngt. Der chineesescher Mark ass nämlech hei e ganz gudde Kompromëss aus Dynamik a Confort gelongen. De Seal léisst sech sportlech fueren ouni op schlechte Stroossen – an där ginn et an der Belsch genuch – ze nerven!

Et gëtt de Seal jo just elektresch – huet en dann och genuch ze bidden fir z.B. engem Tesla Model 3 elo geféierlech ze ginn?
Majo, wéi schonn am Ufank gesot, BYD baut net nëmmen Dreem, mä och hir eege Batterien. Hir nei Technik, déi sougenannte Blade Batteries, déi op Nickel a Kobalt verzichten, bidde Virdeeler bei der Sécherheet a bei der Liewensdauer.
520 km soll den 82,5 kWh-Stonnen Akku méiglech maachen, geluede gëtt den 800-Volt-System vun 30 op 80 % a 26 Minutten um Gläichstroum. Och wann d’Luedzäite keng Rekorder briechen, de Seal ass soss geféierlech no u senger Konkurrenz.
Verbessere kënne se awer nach d’Assistenzsystemer, de semi-autonomen Tempomat konnt een nach net wierklech benotzen. D’Kapitel Präis-Leeschtung deet een awer warscheinlech all kleng Schwächte verquëssen. Voll equipéiert mat der stäerkster Maschinn si grad emol 50.000 Euro fälleg, lass geet et vir gedriwwe mat 230 kW bei 45.000 Euro.
