• De PLUS

    • Gudde Kompromëss tëscht Sportlechkeet a Confort
    • Exzellent Luuchtentechnik
    • Fuerleeschtungen
  • De MINUS

    • net terribel vill elektresch Autonomie
    • zolitte Basis-Präis

Den Touareg ass net nëmmen d’Spëtzt vun der SUV-Gamm, mee och ee feste Pilier am Programm vu VW.

Nom grousse Facelift am Mee koum elo déi sportlech Topversioun Touareg R an den Test. De Paul Origer ass e fir eis gefuer.

Automag: VW Touareg R

Am Fong ideal Konditiounen wëll du bass virun enger Zäit de Virgänger gefuer?

Esou ass et an dat sinn tatsächlech schonn erëm 2 Joer an 8 Méint hir. Am Mee dëst Joer gouf et dowéinst e gréisseren Update vum Touareg, mat ënnert anerem enger Rëtsch neier Hightech-Features, moderner Luuchten-Technik an enger iwwerschaffter Fiederung.

An dat alles ass natierlech och an der Top-Versioun Touareg R ze fannen, dee sech op den éischte Bléck nëmme liicht vun dem deemolegen Testauto ënnerscheet. Relativ diskret sinn déi optesch Modifikatiounen.

RTL

Nieft der Frontmask, spréch Kalander a Parechoc si vir haaptsächlech d’Luuchte betraff. déi nei HD-Matrix-Pharen an hannen dat breet Luuchteband mat, als grouss Nouvelle, engem rout beliichte VW-Logo falen direkt op. A bei de Luuchte wëll ech och direkt bleiwen; déi nei IQ-Light-Luuchte si wierklech top. Iwwer 38.000 interaktiv LED’s suergen dofir, datt d’Nuecht bal zum Dag gëtt, ouni de Géigeverkéier ze blenden. Interessant ass déi nei Technik och op der Autobunn, wou een ee reegelrechte Luuchtteppech op seng Fuerspuer projezéiert kritt. Eng wierklech nëtzlech Technik.

Bannendran gouf natierlech och renovéiert, wann och net immens vill. En digitale Cockpit an dee groussen Zentralschierm gouf et schonn, d’Software an d’Opléisung goufen awer nach emol verbessert. Bliwwe sinn, zum Gléck, déi exzellent Veraarbechtung esouwéi déi ultra-bequem Sëtzer.

RTL

Neies a Punkto Technik

Awer net nëmmen optesch gouf renovéiert, och technesch gouf den Touarag nach emol verbessert. An do konnt ech mech nach gutt drun erënneren, wat mech beim Virgänger scho begeeschtert hat – dat war nämlech d’Fuerwierk. Trotzdeem hunn d’Ingenieuren nach e puer Saache fir ze verbessere fonnt. Elo gëtt et ee Sensor, dee mierkt wann den Daach belueden ass a passt dee Moment d’Loftfuerwierk un. Uewen drop kritt een nach een aktive Wankausgläich, esou wéi eng Allradsteierung.

RTL

Virdru war den Touareg mer scho positiv opgefall, abee elo ass deen net grad liichte Luxus-SUV esou fueraktiv wéi nach ni. Schaarf a séier Kéieren, zackeg Laaschtwiessel – dat alles hëlt den Touareg R mat totaler Geloossenheet a Spuerstabilitéit a gefält och nach mat senger präziser Steierung. De Buschtaf R huet en also verdéngt.

Den Hybrid-Undriff, deen telquel iwwerholl gouf, nämlech een Turbo V6 an een E-Motor mat 462 PS Systemleeschtung a 700 Nm hu mam R sengen 2,5 Tonne guer kee Problem. Esou wéi d’Zuelen een et erwaarden loossen, si Beschleunegung an Iwwerhuele mat deem 5 Meter groussen SUV e Klacks. Zum Beispill vergi 5,1 Sekonne bis op 100.

RTL

Mee wat den Touareg besonnesch gutt kann, dat ass Confort. Esouguer am Sportmodus fiedert d’Fuerwierk trotz risegen 21-Zoll-Rieder nach ëmmer esou gutt, dat de Luxus-SUV och als wierdege Phaeton-Ersatz duerchgoen dierft. Dozou geselle sech de wierklech lëftege Banneraum an déi extrem niddereg Fuergeräischer.

RTL

Immens vill Luef, bleift dat beim Käschtekapitel och esou?

Do läit e bëssen den Hues am Peffer an am Fong sinn ech och net vill drop agaangen. Den Touareg ass jo eigentlech een Hybrid. Allerdéngs déngt den E-Motor just als ekologescht Fige-Blat. Okay, et kann ee knapp 50 km elektresch fueren an am alldeegleche Fuerbetrib gëtt mat Seegelen a recuperéieren deen een oder anere Liter Sprit gespuert. Mee hëlt een de groussen Allradler no R-Manéier mam Ouer, da bleift de Verbrauch 2-stelleg. Allerdéngs si knapp 10 Liter fir dat Gewiicht an déi Leeschtung och erëm OK.

E bësse méi staark muss ee beim Präis sinn; mindestens 104.230 Euro si fälleg, déi nei Super-Luuchten a vill aner schéi Saache sinn awer do scho mat dran.

RTL