Mercedes-Benz EQE SUV AMG43
-
De PLUS
- Leeschtung
- Fuergefill a Stroosselag
- Veraarbechtung
-
De MINUS
- Autonomie
- ze vill "Cockpit"
Wann ee vun AMG schwätzt, da weess een, datt vu vill PS rieds geet. Dat ass an dësem Fall net anescht.
Vu villen, respektiv vu ganz ville Päerd. Et ginn nämlech zwou Versiounen. Eng Kéier den 43 an dann awer och den 53. Ech hat dee klenge Modell am Test, deen awer och schonns 476 Päerd huet. Dat ass net näischt. EQ steet bei Mercedes fir Elektroundriff an AMG ass zanter iwwer 50 Joer den Tuner vun der Stuttgarter Mark. An deen Tuner hat sech bis elo op Motoren spezialiséiert déi gären 8-Zylinder haten a vill Kaméidi gemaach hunn, ouni natierlech dat Sportlecht ze vergiessen.
An elo freet ee sech natierlech, ob Elektro an AMG zesumme passen?
D'Äntwert ass jo. Den normalen EQE SUV hu mir op dëser Plaz schonns presentéiert. D'AMG-Versioun ass nach eng Nummer driwwer. Dat fänkt schonns am Cockpit un. Ech soe bewosst Cockpit, well et huet een d'Gefill, datt een an engem Boieng 737 sëtzt. Op 3 Display's, déi zesummegerechent bal 1 Meter 50 breet sinn, kriss de all méiglech Informatiounen. Ech muss awer soen, datt et fir mech e bëssen iwwerdriwwen ass. Beim fuere léist de dech einfach ze gären oflenken. Manner wier an deem heite Fall méi.

Wann s de dann och nach ee Steierrad virun der hues, mat enger Abberzuel vu Knäppercher, da kanns de emol duerchernee kommen. D'Steierrad ass iwwregens serieméisseg aus Nappa Lieder. Dat gëllt net fir d'Sëtzer. Hei muss den Minimum 2.552 Euro bezuelen, wann s de gären op Nappa Lieder sëtz. Dat ass awer schonns bal alles wat ech un Negativem un deem Auto auszesetzen hunn.

Dann huel eis emol mat op d'Strooss...
2,7 Tonnen, esou vill wäit den EQE SUV, schwätzen a sech net dofir, datt ee sportlech ënnerwee ka sinn. Dat ass awer bei dësem AMG de Fall. Fir den Auto un d'Wackelen ze kréien, muss ee schonns extrem un d'Limitte goen. Ech hu mech selwer déi eng oder aner Kéier ertappt, fir mengen ze mussen an de Sportmodus ze wiesselen, fir einfach déi ganz Kapazitéit vum Auto eraus ze këddelen. De Sprint vun 0 op 100 ass a 4,3 Sekonne gemaach. Bei 210 Spëtzt ass Schluss. Déi 4 Rad ugedriwwene Maschinn, wou déi hënnescht Rieder mat bis zu 10 Grad mat lenken, loossen den Auto um Buedem reegelrecht pechen. Datt déi hënnescht Achs mat dréit, ass awer och beim Parken immens praktesch. De Wendekrees gëtt em ganzer 2 Meter méi kleng. Beim AMG ass dat esouguer gratis. Bei deenen anere Versiounen ass et eng Optioun vu ronn 1.500 Euro.
Et ass jo een SUV. Fiert een da mat esou enger Maschinn op Tout-Terrain?
Ganz éierlech kann ech mir dat net virstellen. Mee wien fiert schonns mat sengem schicken SUV an de Bësch? Wuel déi allermannst. Den EQE AMG ass sécherlech ee Statussymbol, wou ee kann driwwer streiden, ob een esou een Auto wierklech muss hunn. Zum gudde Gewëssen dréit sécherlech bäi, datt een duerch den Elektroundriff Co2 fräi ënnerwee ass. D'AMG-Frënn stelle sech awer elo och sécherlech d'Fro, wéi et mam AMG Sound ass? Deen ass do. Wann och logescherweis just kënstlech. Et kann een d'Boxen umaachen an dann huet ee praktesch déi gutt al 8 Zylinder am Ouer. An och bausse mécht den Auto Kaméidi, wann och net wéi ee richtege Bensinner Schluckspecht.

Wéi gesäit et da mam Verbrauch aus. Mat esouvill Gewiicht an esou vill Päerd ass deen awer warscheinlech héich?
D'Akkuen hu ronn 91 KwH (90,56). Dorausser ginn 476 Päerd an 858 Newtonmeter gekëddelt. Offiziell gëtt Mercedes eng Autonomie vu bis zu 476 Kilometer an eng Moyenne vun 23,2 kWh un. Dat wier schéi wann et wouer wier. An der Praxis ass dat awer net de Fall. Ech louch bei ronn 30 kWh. Deementspriechend fänks de bei 370 Kilometer u Gedanken ze maachen, fir den Auto nees ze lueden. Dat geet un enger "Schnellluedsäil" mat 170kW relativ séier.
Däi Fazit....
De Mercedes EQE SUV AMG 43 ass praktesch ee perfekten Auto mat vill Leeschtung. Et gëtt awer nach den 53er Modell. Dee kënnt esouguer op 687 Päerd. Ech hat d'Chance och déi normal EQE ze fueren. Wann ech de Choix hätt, géif ech den 350 huele mat 292 Päerd. Dee kritt ee vu 84.680 Euro un. Fir den 43er AMG muss ee Minimum 124.236 Euro dohinner bliederen. An dat ass net näischt.
